Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto-Techniken (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=23)
--- Feierwierk knipsen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1920)


Geschrieben von Dae am 23.09.2012 um 11:08:

  Feierwierk knipsen

Hallo,
Kann een mär soen wéi ech am Beschten e Feierwierk knipse kann?
Merci fir Aer Aentwert
Dae



Geschrieben von Paul-W am 23.09.2012 um 18:57:

  RE: Feierwierk knipsen

Ech sinn zwar och nach en Grünschnabel mee probeier mol esou:
* Stativ
* Fotoapparat ob B (Bulb)
* Testen mat 2-10 Sekonnen Beliichtung (manuel mat externen Ausleiser)
* Net vergiessen e bessen Landschaft oder Gebeier mat op d'Bild ze huelen - dat mecht emmer gut LOL

Wei eng Blend éen soll huelen ass eng gut Fro - do warde mir 2 dann op Äntwerten vun den Spezialisten ;-)

Ech hunn mol domat gut Erfahrungen gemach ....



Geschrieben von Aiello am 24.09.2012 um 11:56:

 

Sinn zwar ken Expert, me och nach Ufänger ^^

Soll en den Autofocus ausmachen, wann eppes an der Geigend ass, wou Fredefeier ass, den Bereich scharf stellen, an dann den AF ausmachen. an och Manuell schaffen, dann en klengen Iso Wert an eng Blend em 8-9 sou wielen, Belichtungszeit 2 Sekonnen odr den Bulb wielen wei den Paul schon sot....natirlech weinst der Belichtungszeit en Stativ benotzen



Geschrieben von dateacha am 24.09.2012 um 22:49:

  RE: Feierwierk knipsen

Hei een flotten tut wéi een Freedefeier scheisst:

http://digital-photography-school.com/how-to-photograph-fireworks


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH