Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Verbesserungsvirschlag (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1682)
Geschrieben von neb am 30.11.2010 um 23:13:
Verbesserungsvirschlag
Als onerfahrenen Fotograph hun ech dachs den Probleem dass ech eng Fotoen maachen ferdeg bearbeschten an dann awer puer Versiounen vun der Foto hun, dh anneren crop, hellegkeet.. asw...
dofir muss schecken ech se emmer engem kolleg deen bessen méi bewandert an sou saachen ass, an helleft mir dann.. resp. sicht dei beschten foto raus... an seet waat un deenen anneren falsch ass.
eng "Vorschau"-Funktioun hei wier ganz praktesch, dh wou een Fotoen upload an dann anner Leit eben kennen soen wei eng vun deenen lo gudd wier, (wéi eng fotoserie) an dann dei foto dann kreicht giff fest op PG roplueden an d'Normal albumer... well et well een jo eignedlech just seng beschten fotoen präsentéieren an net nach halew gebastelter resp. dei wou nach "work in progress" sin...
den Virdeel wier dass jidereen kann ee kommentar oofgin/verbesserung virschléih... an dodrops hin den fotograph dei verbessert verisoun kann online setzen an dann wann se ferdeg ass reicht richteg publizeiert...
Geschrieben von dr_kim_veis am 30.11.2010 um 23:53:
hmm, du kanns se jo als serie eroplueden...
Geschrieben von deBaemm am 30.11.2010 um 23:53:
ech sin net der Meenung, dass mer sou eppes bräichten, Schéinheet (also och wéieng Foto besser ass) läit emmer am Aan vum betruechter... dohiir mengen ech, dass mer dat schon ennert der Form Fotoserie hun (wéis de sees). Dorobshin ka jo jidereen der säi Kommentar hannerlossen, du kanns se rem läschen an dann eng definitiv, eenzel Foto roplueden.
Geschrieben von Johny am 30.11.2010 um 23:56:
RE: Verbesserungsvirschlag
Zitat: |
Original von nebwell et well een jo eignedlech just seng beschten fotoen präsentéieren an net nach halew gebastelter resp. dei wou nach "work in progress" sin... |
Sorry et esou ze soen, mee dann hues de de Prinzip vum Site falsch verstan
Et geet um Site jo grad drëm Virschléi ze kréien, bei ALL Foto. Et geet net drëm just déi schéinst Resultater ze weisen, well dann géifen nëmmen Kommentarer kommen wéi "Schéin", "Flott" asw. Eigtl ass deng Virschau-funktioun déi s de wëlls schonn online well et ass ganz Photogen.lu
Geschrieben von neb am 01.12.2010 um 14:27:
RE: Verbesserungsvirschlag
jo sou gesin... et hät een awer vläicht eng besser iwersicht iwert d entwecklung vun der foto.. (; ech hun emmer angscht pg mat zevill mumpitz fotoen voll ze spamen (;
Geschrieben von gloda am 01.12.2010 um 15:10:
Wéieng Foto s de solls eroplueden fënns de mengen ech am beschten duerch live Feedback eraus, also wann s de mat engem aneren zesummen déng Fotoe kucks. Dono kriss de zimmlech séier en Gespier dofir wéieng di bescht ass. Dat ass een vun den Skills déi en Fotograf eben léieren muss.
Dono kanns de jo op Virschléi hin déng Foto verbesseren an se dono aktualiséieren. Déi al Versioun gesäit een dann wann een ënnert der Foto op den Link vun der aler Versioun klickt.
Geschrieben von VeloBen am 01.12.2010 um 18:43:
RE: Verbesserungsvirschlag
Ben du bass ze bescheiden kritisch mat dier selwer! Den Biller déi ech elo vundir gesin hun, sin super!
An wéi den Johny seet brauchen mer keenn zweeten Filter firun der Definitver publikatoiun vun den Biller. Waat "gut" an manner gut ass, daat kommentéieren PG useren duerno in extenso.
Geschrieben von Gaga am 25.12.2010 um 03:10:
RE: Verbesserungsvirschlag
bon et as speit, 3.00, no Hellegowend, mais bon wann een grat drun denkt ...
ech sichen eng Foto ... bestemmt naischt neies fier ierch all ... lol
kann heiernsdo nervend sin wann een sech un eng foto vun firun engem Joer oder mei erennert, awer net mei wees vun weem se wor ...t'galerie helleft allt nach weider wann een se kloer an eng kategoie kann setzen oder ongefeier en datum kennt ... mais wann net ... get et schweier....37'818 fotoen sin elo op PG ... WOW
mais as schon eng keier driwer nogeduecht gin (bestemmt) en sichfunktioun um site selwer ze machen, also net dei am Forum, mais dat een zb. no stechwierder kann no fotoen sichen ?
gengre am Titel, oder am Komm. vum Fotograf ? evtl. souguer iwer all t'komemntarer vun den aaneren ?
info-teschnech as jo (baal) alles meiglech....
ech probeieren allt heiernsdo iwert google mat
Zitat: |
"ech sichen" site:photogen.lu |
mais daat trefft net emmer... wees een wei genau dei recherchen bei google sin, resp. wei aktuel ?
ech kann mer net denken dat nach keen t'idee hat, falls jo, kann ech mer denken dat et bestemmt no sch*** vil arbescht richt an et doweinst nach net existeiert ...
wollt einfach mol froen ...
greets
Geschrieben von Johny am 25.12.2010 um 23:45:
War scho geplangt, sollt op den Home mat agebaut ginn, mee wéi s de sees ass dat nawell bëssen Aarbecht
Well da muss ee jo net just an Fotoen kënnen sichen asw, fir et och wirklech anstänneg ze maachen. Mee soll awer nach kommen ... iergendwann :/
Geschrieben von Gaga am 26.12.2010 um 00:45:
cool, gut ze wessen, an e gronnt mei sech erem ob eng upgrade ze freen , weini och emmer
Geschrieben von Gaga am 27.01.2011 um 01:02:
eng Fro, as awer net derwert en neien thread hei opzemachen.
As et normal dat een net mei gesait ween online as ?
Ech gesin just nach folgend Zeilen :
Zitat: |
Neisten Benotzer: Ph1l1ppe Am Ganzen: 2753 20 Benotzer an 213 Gäscht online |
Normalerweis stin dach och t'Nim vun den Benotzer derbai, oder?
Geschrieben von JADE am 27.01.2011 um 08:06:
@Gaga:
hues du dann nët och gemierkt dass du net méi uewen riets stees mee uewen lénks
ech hun Schwieregkeeten mech un desen klengen Changement ze gewinnen, well bei mir déi Barre uewen elo méi grouss gin ass (well den twitter "t" elo ennert dem f ass), also hun ech e klengen bessi vum "essentiellen" vun PG verluer (dh ech muss méi scrollen fir d'Fotoen all beieneen ze gesin, dh ech gesin méi Text wéi daat em waat et schlussendlech als éischt um Schierm geet/soll goen ... mee villaicht ass daat just eng Anstellung vun mengem Laptop, wees ech net ??)
et ass net vill, awer visuell hun ech Schwieregkeeten mech drun unzepassen
zu den Nimm déi ennen net méi do sin ... mir fehlen se och, awer ech kann net vill soen, well ech sin jo selwer andauernd invisible (aus bestemmtenen Grenn)
Geschrieben von Johny am 27.01.2011 um 09:02:
@Gaga: Ma ech hu mech gefrot wéi laang et wäert daueren bis een duerno freet
Wou ech PG programméiert hu war dat op Community'en sou "in" dass een dat gesinn huet, awer an Tëschenzäit do jidfeereen ze weisen (mat Ausnahm vun deenen déi d' onsiichtbar Funktioun am Profil fannen) fannen ech net fir gutt, ass scho bal bëssen ze wäit an d' Privatsphär agegraff.
@Jade: Dass den t ënnert dem F ass däerf net sinn, dann huet dai Browser d' CSS Datei (déi fir Duerstellung do ass) net nei gelueden. Maach e manuelle Refresh mat F5 z.B., dann geet et. Et sollt eng Bar sinn wou t steet, dann den f an dann de Logo vu PG...
Ech weess dass déi Bar engem vertikal bëssen Plaz klaut, mee ech wëll se gebrauchen fir spéider nach aner Saachen anzebauen, z.b. sollen déi 3 Zeilen riets nieft dem Header och mat an déi Bar mat agebaut ginn, an den Header gëtt dann souwisou ganz nei gemaach.
Geschrieben von JADE am 27.01.2011 um 09:19:
ok, mäin "Problemchen" ass geklärt
hun mech och gefroot wéini eng 1.Reaktioun géif kommen, wollt eppes schreiwen geschter, awer well ech jo selwer invisible sin, waer daat jo net esou unbruecht
d'Verschwannen dovunner ass awer verständlech
obwuel et iergendwéi elo "eidel" ausgesait ...
esou wéi wann een an een Café geet wou een sech erwaart e puer "Frenn"/Bekannter ze fannen/ze gesin an et ass keen do ... dann huet een och keng richteg Loscht ze bleiwen, "elleng", an et geet een erem
daat ass esou bessi wéi een Gemeinschaftsgefill gewiecht, dann ass een och e bessi bliwwen wann een Zait haat
mee wéi gesoot ech verstin daat
Geschrieben von Nagarjuna am 27.01.2011 um 09:30:
Zitat: |
vom Johny: Wou ech PG programméiert hu war dat op Community'en sou "in" dass een dat gesinn huet, awer an Tëschenzäit do jidfeereen ze weisen (mat Ausnahm vun deenen déi d' onsiichtbar Funktioun am Profil fannen) fannen ech net fir gutt, ass scho bal bëssen ze wäit an d' Privatsphär agegraff. |
Ech sinn zwar zënter enger Zäit och ëmmer onsiichtbar. Dofir ginn et och Grënn, an et kann een dat jo, wéi ech et gemeet hunn, ausschalten wann et muss sinn. Ech hunn d'Gefill wéi wann domat d'Community e bëssi steril ginn wier. Villäicht muss ech mech einfach drun gewinnen. Awer zënter dem hunn ech mech manner ageloggt. Heiansdo wann ech eng PN geschéckt hunn, oder een Kommentar geschriwwen hunn, war ech frou wann ech gesinn hunn dass déi betreffend Persoun online war. Dann hunn ech mech ageloggt fir d'Äntwerten ze kucken. Elo brauch ech dat net méi ausser 1 mol den Dag oder wann ech een Kommentar well hannerloossen. Awer wéi d'JADE och schon gesot huet, sinn ech och een vun deenen Leit déi onsiichtbar sinn, an dohier... awer ech dierf och net ëmmer um Internet gesinn ginn...
Edit:
Zitat: |
vum JADE: esou wéi wann een an een Café geet wou een sech erwaart e puer "Frenn"/Bekannter ze fannen/ze gesin an et ass keen do ... dann huet een och keng richteg Loscht ze bleiwen, "elleng", an et geet een erem daat ass esou bessi wéi een Gemeinschaftsgefill gewiecht, dann ass een och e bessi bliwwen wann een Zait haat |
genau dat hun ech gemengt...
Geschrieben von Johny am 27.01.2011 um 09:45:
Dat verstinn ech, mee ech fannen d' Thema vun der Privatsphär hei méi wichteg. Wat ech nach wollt nobauen, awer dann bëssen anescht wéi et bis lo war mat de User, ass dass ee gesäit wee vu senge Frënn online ass, zesumme mat enger Säit wou een deenen hier neist Fotoen / Kommentarer gesäit asw. Dann fillt ee sech och net méi esou alleng
Geschrieben von Gaga am 27.01.2011 um 11:42:
@Johny :
Bei Frenn gesait een jo awer nach ememr ob se online sin oder net !
Ech sin och "invisible" lol, komesch dat et graat deenen opfà llt hehe !
Ech hun uewen zwar gesin dat epes komesch wor, mais zoufällegerweis (mir hun jo e Samsten doriwer geschwaat) hat ech zenter deem och do stoen : "Bezuelung fir d'Verlängerung steet nach äus" ... ech haat gemengt dofier geng main Numm elo do stoen .....
Schein dat e puer updaten kommen ...
Geschrieben von Johny am 27.01.2011 um 13:08:
Wanns de op Frënn klicks, jo, mee wat éischter geduecht dass et dann enzwech ass wous de et och ëmmer gesäis
Et war och virun allem wéinst dem Reminder fir ze bezuelen wou ech et elo agesat hunn, dat vergësst ee séier mee wann een et do ugewise krut, dann denkt een ëmmer drun
Geschrieben von Metalbambi am 27.02.2011 um 23:44:
Annoncen
Salut,
hunn grad en bëssen an den Annoncen gestöbert an d'ass mer opgefall dat een eigentlech keen Unhaltspunkt huet wéi al eng Annonce ass, wat zimlech lästeg ass well vill Leit se net läschen wann d'Material bis (ver)kaaf ginn ass. Wier vläicht eng Iddi einfach den Datum wou d'Annonce erstallt gouf automatesch mat op déi lénks Säit ze setzen, oder nach besser d'Méiglechkeet direkt am Menü bei 'Meng Bäitreeg' (et steet en Feeler op der Startsäit gesinn ech grad...
) vir d'Annonce ze läschen. Am Moment muss een nach wéi geckeg scrollen, se rëm fannen, an dann kann een se réischt läschen, dofir mëscht och wahrscheinlech keen et.
Greets,
Bambi
Geschrieben von Quaffit am 27.02.2011 um 23:59:
RE: Annoncen
Gudd daste et sees... ech wollt en nämlech och schons virschloen, haat et awer rem irgendwéi verschlampt. Sin also voll Denger Meenung. Waat soen déi Aner?
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH