Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Tips an Material fir e Concert...waat brauch ech (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1535)


Geschrieben von m-otiv am 19.04.2010 um 17:32:

  Tips an Material fir e Concert...waat brauch ech

Palim Palim,

E puer Koleegen hun eng release party fir hir nei Cd an der Rockhal. Natiierlech sin Ech gefroot gin fir Backstage an op der Bühn Fotoen ze maachen.
Ech hun guer keng Erfahrung an deem Gebitt an froen mech waat ech do vun material soll matthuelen, wéi eng teschnik Ech uwände soll, matt oder ouni blëtz/stativ etc...
Egaal wéi eng Tips sin elo wëllkomm :-)



Geschrieben von gloda am 19.04.2010 um 21:55:

 

Kee Blëtz op der Bühn, ausser:
-du weess wierklech wat s de mechs.
-d'Beliichtung as nonexistent.
Fir de Rescht, kuck der www.concertgallery.lu un fir Iddien vu gudde Fotoen, maach en Mix vu verschiddene Brennwäiten.
Ahjo Material wat ech ëmmer matgeholl hun sin Ouerestëpp.
Stativ géif ech och si loossen.



Geschrieben von m-otiv am 19.04.2010 um 22:38:

 

Merci Gloda :-) nach e puer froen: wei no bai kann ech goen ouni intrusif ze sin?
Stativ och keen monopod? Kann ech e pano riskeieren (saitlech vun band a publikum) matt all där aktion? Probleemer beim stitch duerno, oder?
Geif gäer mein 50mm (x1,5) benotzen (f1,4), mä kann ech esou nobai goen?
Hun och een 105mm, een uww, a fisheye....also keen blëtz ass tiptop (haassen blëtz)



Geschrieben von m-otiv am 23.04.2010 um 13:20:

 

hallo...soss keen mat tips??



Geschrieben von gloda am 23.04.2010 um 14:27:

 

Vergiess den Monopod, ménger Meenung as deen dono just am Wee, an wann s de sou lues Verschlosszäiten hues sin d'Muséker dono souwisou onscharf.
Wéi no erun... dat hänkt dovun of wéi gudd dass de mat de Muséker bas, wéi grouss den Gig as (an engem Café stéiert et manner wanns de no dru bas wéi wanns de matzen op enger 20m Bühn stees). Fro dech einfach selwer obs de net grad d'Publikum oder d'Artisten oflenks.

Ahjo, déi dech schwarz un.



Geschrieben von Charel_L am 23.04.2010 um 19:03:

 

Also ech man zwar nemmen op klasseche Concert'en Fotoen, mee vlt kann ech der jo awer hellefen.

Tripod ging ech mol op alle Fall mathuelen.
Wanns de d'Chance hues, ma d'Fotoen op der Bühn wann d'Grupp nach prouwt, ier d'Leit do sin.
Bei der Prouw och mat Bletz (wann et muss sin). Op der Bühn mat Publikum vlt net.



Geschrieben von arwa am 23.04.2010 um 20:10:

 

Zitat:
Original von Charel_L
.

Tripod ging ech mol op alle Fall mathuelen.


fir wat ze maan ?

ka mir nët viirstellen, dat, wanns du en Tripod brauchs, also bei Blues, Rock oder soss äppes "fatzeges" dat déen do vill hëlleft ?!

wann Zeiten sou laang gin, da sin d'Museker, wei de Gloda schon soot, nët mei schaarf !



Geschrieben von m-otiv am 23.04.2010 um 22:26:

 

Merci un all :-) also et ass schon an der Rockhal :-)

Tips mam schwaarz undoen fannen ech top Gloda... Band kennen ech ganz gutt. Ech mengen ech wäert dann just den 105mm, een 11-16mm an e fisheye matthuelen...50mm bleiwt doheem da kann ech op e bessi distanz schaffen



Geschrieben von gloda am 23.04.2010 um 23:44:

 

Hmm... ech géif den 50 mathuelen. Demno wéi kënns de net wäit genuch ewech fir mam 105 ze schaffen.



Geschrieben von m-otiv am 23.04.2010 um 23:49:

 

Jo, also sou vill wait deen och erem net :-)



Geschrieben von BlackPanther am 24.04.2010 um 11:43:

 

( Desdemonia Album Release? Augenzwinkern )

hmm ech hun desläscht o sou een Event geknipst an kann just soen: HARD work!
hun keng liichtstaark Objektiver (f2.8 as amfong daat eenzecht waat heleft, an Kombinatioun mat heigem bis iwerdriwwen heigem ISO) an dResultater waren mikkrech....allerdings krissde, wansde soufill wei meiglech Fotoen mess secherlech dei eng oder aner wou den Strobo oder soss Luuscht der GENAU daat gin huet waatsde brauchs! bei mir war et kloer Quantiteit iwer Qualiteit , duerno 80% geläscht an de Rescht waren dun acceptabel Metal-Fotoen! Augenzwinkern

(kann leider soss nik fill derzou soen...as mei einfach se LAUSCHTEREN ze goen hihiAugenzwinkern )



Geschrieben von Dan am 24.04.2010 um 11:44:

 

Salut,

Ech kann dem gloda an alle Punkten hei nëmmen zoustëmmen!
Hei zesummefaassend meng Päfferkären:

- fir deng Backstage Fotoen: iwwerlee der schon am Virfeld e puer Ideeën déi's du wëlls realiséiren an huel eventuell néideg Accessoiren mat (Blëtz, Reflektor, asw. hei net vergiessen)
- déi dech donkel un a beweeg dech sou dass de sou mann wéi méiglech gesinn gëss, also sou mann wéi méiglech stéiers; an dat souwuel am Bezug zu der Band (och wann's de se gutt kenns) an zum Publikum déi fir d'Band do sinn!
- wann's du dech muss op der Bühn bewegen da béck dech
- mat engem Tripod fänks de absolut näischt unn op engem Concert!
- och e Monopod bräuchs de äus deene Gënn wu de dloda an den arwa schon sooten, net!
- Pano géif ech sinn loossen, konzentréier dech op d'Action an déi stark Momenter vun engem Concert!
- looss och de Blëtz doheem!
- huel déi Objektiver mat déi am liichststärksten sinn
- fir Fotoen selwer ze machen schrauw den ISO sou wäit erop wéi et fir däin Apparat geet an mach d'Blend op sou wäit et geet
- haal net dauernd de Fotoapparat virun deng Aen, beobacht d'Geschéien op der Bühn an am Publikum, oft widderhuelen d'Museker verschidden Gesten a wann's de gutt kucks kënnt och ëmmer nees eng Widderhulung am Beliichtungsschema vum Luchentechniker
-50mm géif ech awer op alle Fall mathuelen, do kënns de no genuach erun ouni awer ze stéiren!
- Ourestëpp sin absolute Must!

Wéi e Concert ass dat dann, wann ech froen därf?

@gloda: Merci fir d'Pub. fir mäi Site smile
- probéier stark/emotional Momenter ze erwëschen, dat gi stëmmungsvoll Fotoen!



Geschrieben von djmoses am 24.04.2010 um 12:55:

  material fir concert

salut. Machen relativ vill photoen op conceren (klassesch, rock, pop, jazz....). Am prinzip huelen ech alles mat wat ech hun. Op der plaatz gin ech mir de sall ukucken (ech kennen se elo bal all), mei ech gin mei fir ze kucken wei den Obbau op der Bühn ass, wei no ech kann bei d,bühn kommen..... dann dessideieren ech waat ech mathuelen. an 95% vun de Fäll ass dat: 24-70/2.8 - 70-200/2.8 - 50/1.8. An d,Philharmonie oder Kufa och en 80-400/4.5-5.6. Natiirlech ni e Bletz, de Bletz an enger SLR get meeschtens duer wanns e brauchs oder mol eng keier benotzen därfs. Ni en Stativ, hennert nemmen. Bei rock/pop conceren esou vill fotoen maachen wei meiglech, well durch d,lightshow kanns de frou sin wanns de eng dozend passabel fotoen kriss. Eng manie bei rock/pop conceren ass dei lescht zeit iwer driwen mat bloen spotten ze schaffen, dann huesde nemmen silhouetten um bild.Schwarz undoen ass e "must", an emmer eng täscheluucht derbei (ech benotzen um iphone en APS, den ass hell genuch)



Geschrieben von m-otiv am 24.04.2010 um 12:56:

 

Merci bp...an merci Dan (coole site btw)

Also d'Band ass Babyoil den 28ten mai an der Rockhal..
Ech gin souwiesou den 1ste Mai op engem aanere mei klenge concert (wou ech och backstage access hun), dann kann ech schon ueben.

Matt Babyoil, kennen d'jongen aus menger kandheet smile an den deal ass "just for fun"!! Keng souen am spill an keen vertraag. Eng erfaahrung fir mech, an gratis fotoen fir sie...an och wann keng gutt ass, ass daat och ok (ouff)..
@Dan: ween mecht den tri (also ween décidéiert, wann d'foto gehaal gët oder nët...bei engem normaalen shooting sin ech daat emmer gewiecht. Ass daat hei och esou? Keint jo sin dass sie eng foto gudd fannen dei ech net gudd fannen, mä dann hun ech e probleem matt mengem num do ze stoen op enger foto dei ech net gutt fannen...



Geschrieben von m-otiv am 24.04.2010 um 13:00:

  RE: material fir concert

Merci djmoses :-) ech mengen daat klappt elo matt aeren super tips :-)



Geschrieben von Dan am 24.04.2010 um 13:19:

 

@m-otiv: Natierlech bass du och hei deen deen den Tri vun de Fotoe mécht!
Wann's du nëmmen déi Fotoen weis zu deenen's du stees gesinn sie jo logescherweis keng aner, a kënnen keng gutt fannen déi's du net wëlls eräusginn Augenzwinkern
1. Mee ass dat bei Desdemonia? Ganz vläicht sin ech och bei Babyoil an Desdemonia, da kéinte mer e bëssen schnëssen!

Freet mech dass mäi Site der gefält!



Geschrieben von m-otiv am 24.04.2010 um 13:30:

 

Nee, leider net desdomonia (fannen sie nämlech gudd :-)
Den 1ste mai sin ech am gronn, do ass e concert, eng jazz band (wees den numm net mei :-/
Et ass fir babyoil...et wir cool wanns du och derbai bass ;-)



Geschrieben von Schlimpitz am 24.04.2010 um 20:12:

 

Scheck em Tom vun Desdemonia eng mail dann klappt daat schon smile )

Also ech kann den tips vun den leit hei nemmen zoustemmen.
Monopod brauchs de net, ausser du hues en 300 mm an wees wei een domat emgeet smile
dein 50 mm geif ech mat huelen well wann ech daat lo hei richteg gelies hun ass daat daat eenzegt liichtstark objective waats de hues. oder hun ech do en 2,8ter iwersinn?

Schwarz undoen ass an deem hei fall relatif egal et ass awer vun fierdeel wanns de net opfälls. An enger Philharmonie ass et souweit ech wees en must. Bei Babyoil pickt daat keen.

Bletz geif ech mathuelen fir lo backstage. fir live net unzeroden, ausser du wees waats de mess. Ausser du hues welles S/W pics ze machen, dann geet et och mat bletz.

Wanns de op der Bühn rondrem hoppelen dierfs ass et wichteg fir ze wessen wous de hin diers an wou net. Wanns de nämlech den richtegen kabel rausrapps wells de mat der maul driewer fälls an luuchten ginn aus, dann hues de den jackpot gewonnen, hrhrhr smile
Am beschten och nie iwert bühn goen, riets oder lenks ophaalen rsp hannen rem goen fir seiten ze wieselen.


mmm, also ech mengen et ass alles gesoot ginn, mir fällt lo sou spontan nix mei an. großes Grinsen

Dan, 1ten Mai Rockhal?


EDIT : en ganz wichtengen Tip : fir Babyoil zwar net unwendbar wells de se kenns an do dierfs machen waats de wells bei anner concerten gellt folgendes :
Regel #1 : Den Tourmanager huet emmer recht
Regel #2 : Wann den Tourmanager net sollt recht hun trett automatech Regel #1 an kraft großes Grinsen

Daat klengt domm, kann der awer vill ierger erspueren großes Grinsen Nie en Tourmanager unpissen großes Grinsen



Geschrieben von gloda am 24.04.2010 um 21:26:

 

Zitat:
Original von Schlimpitz
Ausser du hues welles S/W pics ze machen, dann geet et och mat bletz.

Hö?



Geschrieben von Schlimpitz am 24.04.2010 um 22:52:

 

Zitat:
Original von gloda
Zitat:
Original von Schlimpitz
Ausser du hues welles S/W pics ze machen, dann geet et och mat bletz.

Hö?


wei mescht een aus enger concertsfoto dei faarweg net grad daat ass eng besser foto?
Zb eng doutgebletzen foto.

Du converteiers se an s/w.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH