Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Kritik (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1398)


Geschrieben von mmphotos am 20.11.2009 um 10:34:

  Kritik

Nodeems ech rem hei eng Diskussioun bei enger Foto gesin hun, eng Diskussioun dei systematesch rem ob photogen rem kennt, hun ech mech un desen Artikel hei erennert. Et as englech dofier fleit net fier jiddereen eppes, mee definitiv derwärt ze liesen an engkeier sech daat alles zu Herz ze huelen. (An ech bezeien mech lo hei ob keen user perseinlech, et as einfach just allgemeng fier jiddereen, och fier mech!)

http://www.smashingmagazine.com/2009/10/01/how-to-respond-effectively-to-design-criticism/



Geschrieben von Gaga am 20.11.2009 um 11:03:

  RE: Kritik

super Artikel, schwätzt mer aus der Seil !
Mais t'allgemengheet soll och t'Chance hun hier mehnung ze soen, wann et net esou as, dann nennt een daat Zensur an daat huet hei naischt mat dengem artikel ze din fannen ech !

As awer interessant , merci !



Geschrieben von xaph32 am 20.11.2009 um 11:07:

 

...



Geschrieben von pol9000 am 20.11.2009 um 11:19:

 

Een Intressanten Artikel, deen sech secher net nemmen ob design Fotografie oder Konscht bezeihen leisst...

Mee schlussendlech bleiwt engem nemmen eent: leieren mat Kritik oder anerem negativen Feedback (zb "Respektlosechkeet") emzegoen, an sech ze iwwerleen ob eppes drun keint sen.

Ween sech dergeint wiert bleiwt nemmen eent: dei eegen Arbeschten kengem weisen, an se selwer onwahrscheinlech genial fannen



Geschrieben von xaph32 am 20.11.2009 um 11:37:

 

...



Geschrieben von pol9000 am 20.11.2009 um 15:23:

 

Zitat:
Original von xaph32
@pol9000:
...
wat soll ech dann denken wann zb ee bekennenden hdr-hasser main hdr-bild auserneenplëckt, muss ech dat aktzeptéiren oder dierf ech soen, wann den stil der nët gefällt dann haal dëch wech?
...



vlaischt ass HDR ee schlecht Baispill, well een do argumenteieren kann daat wann's de do all berraich vum bild korreckt beliichts, een jo guer nemmei gesait wei dLucht an dSchieder waren, a wann dBild naischt mei mat der luucht dei do war ze dinn huet, ass et jo och keng Photografie mei...

mee doriwwer diskuteieren mer jo net...

"muss ech dat aktzeptéiren oder dierf ech soen, wann den stil der nët gefällt dann haal dëch wech?"

wéisou solls de et aktzepeieren mussen? du kanns jo genausougudd seng Kritik kritiseieren... A wann ee sait dain HDR ass schaiss, huet null Kontraster oder waat och emmer, dann ass daat genausou deem sai recht wei et dain ass ze soen "Wann der meng Foto net gefällt dann kuck eng aner"



Geschrieben von xaph32 am 20.11.2009 um 15:55:

 

...



Geschrieben von Gaga am 20.11.2009 um 16:24:

 

sou mein läschten pefferkär heizou :

Zitat:
"muss ech dat aktzeptéiren oder dierf ech soen, wann den stil der nët gefällt dann haal dëch wech?"

wéisou solls de et aktzepeieren mussen? du kanns jo genausougudd seng Kritik kritiseieren...



do as nämlech den problem, wei solls de dech verteidegen an aaner mehnungen an avis'en kreien wann deng foto guer net op den site kennt !
fier mech schwätzen dei meescht hei nach fum falschen sujet, et geht net drems waat ween accepteieren muss an mat weienger kritik ween liewen muss, et geht jo drems dat den marc ganz alleng decideiert "daat do get mer elo e bessen zefill fun deem effekt oder stil, lo kennt dei net erop" an dann kann keen mensch mei soen "ech fannen et awer nach emmer interessant" oder "du hues recht sou luess langweilt daat mech och" oder "genial" oder "scheiss DRI" oder "ganz flott" oder "zefill blostech" oder oder oder ... alles daat as jo guer net mei meiglech wann t'foto mol net eropgelueden get !!!

gesin ech erem alles anescht hei lol ! großes Grinsen



Geschrieben von xaph32 am 20.11.2009 um 16:42:

 

...



Geschrieben von gloda am 20.11.2009 um 17:17:

 

Zitat:
Original von pol9000
A wann ee sait dain HDR ass schaiss, huet null Kontraster oder waat och emmer, dann ass daat genausou deem sai recht wei et dain ass ze soen "Wann der meng Foto net gefällt dann kuck eng aner"

Am Styl vun der Äntwert (kuck eng aner, du kenns näischt, kaf der en Brëll) déi s de hei nenns krut ech well zwee, dräimol geäntwert. Déi Leit kruten säit deem keng Kommentarer méi vu mir geschriwwen, well ech den Androck hat dass d'Kritik do keen Usatz krut fir eppes konstruktives ze bewierken.



Geschrieben von xaph32 am 20.11.2009 um 19:07:

 

...



Geschrieben von xaph32 am 21.11.2009 um 19:52:

 

... ech hun et opgin ... an meng baiträg geläscht ...



Geschrieben von Metalbambi am 21.11.2009 um 21:53:

 

Waat soll dei do Astellung dan? Wans de net Rescht kriss huet et dach kee Waert den beleidegten teenie ze spillen an all deng Kommentarer ze laeschen? Duech sou Behuelen erreeschs de just daat keen mei well mat der diskuteiren. Wans de wels zu engem Resultat kommen muss de mat den leit diskuteiren an och mol agesin daats de net emmer Rescht hues, all de Rescht brengt neicht!



Geschrieben von suraki am 21.11.2009 um 23:10:

 

mmm ... wann eisen Admin Marc seng Photoen mat de Kommentare ka läschen,
virwat nët den Xaph just seng Kommentaren hei ?



Geschrieben von gloda am 21.11.2009 um 23:31:

 

Öh... dat wats de mer fir d'lescht geäntwert has Xaph huet u sech fir mech Sënn gemach. Dass ech dorops de Mond gehal hun war net fir dech an d'Opgin ze dreiwen smile



Geschrieben von Metalbambi am 21.11.2009 um 23:39:

 

Well sou Diskussiounen haihin geheiren an net enner eng Foto, ech wier och ugepisst wan meng Foto vier soueppes messbraucht get.

Wan der e Probleem mat engem hudd, klaert et iwwer PN, oder wend iech un den Johny, mee ob kee Fall bei enger Foto.

D'Fotoen gin hai robgesaat vier eng objektiv an konstruktiv Kritik derzou ze kreien, dan kennt dier do net aer perseinlech Konflikter drenner ausdroen. Der sidd jo awer alleguer 3x7 Joer al, dan waert ech jonken Spunt iech daat jo awer lo net mussen aklaeren?!

Fannen et immens Schued daat am Moment sou en Zodi iwwer d'Kritiken obgefouert get, geschwen traut keen sech mei eppes anescht ze schreiwen wei ''ganz schein Foto'' well een faerten muss zerfleescht ze gin wan een eppes kritiseiert. D'sin och alt oft menger Fotoen zerpleckt gin vun engem allbekannten Pedant, ok, nervt an deem Moment, mee haut sin ech em dankbar davier. Kenns net vierun wans de emmer nemmen enner d'Nues geriwwen kritt wei gudd's de bass. Vierwaat mengt der daat Sportstrainer all sou halef Sadisten sin? Muss och gelueft gin wan eppes gudd ass, ganz kloer, mee ech mengen net daat do een ze kuez kennt hai.



Geschrieben von suraki am 21.11.2009 um 23:46:

 

wous de recht hues, hues de recht smile



Geschrieben von SuJo am 22.11.2009 um 00:04:

 

Hm, waat soll een heizou nach vill soen. Sin selwer nach an jonken Schong waat d'Photographeiren ubelaangt, mee erlaben mir einfach hei emol eppes dobei ze schreiwen.

Dir hutt jo alleguerten recht, ob dei eng ewei ob dei aaner Art a Weis. Mee wa mir alleguerten eierlech sin, hun mir leiwer eng gudd, an an äeren Wieder konstruktiv Kritik, a keng schlecht.......

Mee ech muss awer dobei soen, datt ech leiwer eng schlecht ewei guer keng Kritik hun, well deen dee mir eng schlecht Kritik gett, huet sech zumindest mat der Foto auserneengesaat, och wann d'Resultat dorobshin nët gefaalen deet.

Mee wei een <Sprechwuert ze soen pflegt, " füge keinem anderen Menschen das an, das du selbst auch nicht zugefügt bekommen möchtest."

oder esou ähnlech zumindest.

Mat allem Respekt ierch all geigeniwer, fannen ech verschidden Reaktiounen einfach schued, zumols et hi jo eigendlech à la base, em en Hobby vun ons alleguerten gët.



Geschrieben von Metalbambi am 22.11.2009 um 00:22:

 

Enner konstruktiver Kritik verstin mer daats de d'Feeler gesoot kriss an och wei een et haet keinten besser maachen, oder zumindest eng weider Aklaerung. Daat waats du mengs ass einfach en positiven Kommentar, wou mer kloer och frou sin wan mer der Kreien.

Schlecht Kritik ass wans de einfach sees 'D'Foto scheiss', domadder hues de neicht erreescht, dier geet et net besser an vrun allem huet deen aneren neicht geleiert. smile

Gin der vollkommen Rescht.



Geschrieben von xaph32 am 22.11.2009 um 08:15:

 

ech hun comments bei fotoen gesin, déi mer einfach weisen dass et de leit schaissegal ass, ech hätt glaich solle soen dass dat lo naicht matt iech hei ze din huet...

ech diskutéiren eben lo nët méi matt, well eng diskussioun ouni conclusioun ass naischt

den highlight vu gëschter (an dorops hin hun ech eben meng comments geläscht) ass de freche mënsch den dem suraki proposéiert, manner fotoen fotoen ze maan, aaner sujeten sichen etc... gitt iech dat ukucken, et ass genial, lauter gutt rotschléi eben, mëch géif mol interesséiren wat géif geschéien wann ech engem makros-mënsch soen:" haal op déi schaiss-blummen ze knipsen. pg ass voll domatt, ka keng méi gesin"

@gloda: ech hat mer iwregens deng foto rausgepickt nët fir dir lo speziell op d'féiss ze sprangen, ech hun just fonnt dass se e gutt beispill war, ech denken entre temps hues de mattkritt wat geschitt ass, an ech ka mer jo och lo nët virstellen dass du als een den fotografie liewt den ganzen tratra guttheescht.

lo hun ech well rëm méi gesot wéi ech wollt... ;-)


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH