Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Ennerwaasser Fotoapparat (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1310)


Geschrieben von Mano am 06.07.2009 um 16:55:

  Ennerwaasser Fotoapparat

Hallo alleguer smile

Ech wollt mir en Fotoapparat zouléen vir kennen enner Waasser Fotoen ze maachen. Dat sollt lo keng Top Ausrüstung sin vir tauchen ze goen. Mee eigentlech sollt et einfach en Fotoapparat sin mat deem een an der Vakanz och mol kann an d'Mier schwammen goen oder mat deem een kann an d'Schwemm sprangen. Huet een vun ierch mat souengem Fotoapparat Erfahrungen? An wat kennt der mir do urooden?

Merci :-)



Geschrieben von Metalbambi am 06.07.2009 um 23:02:

 

Menger Meenung no geet dovier eng vun deenen puer waasserdichten Compactcams duer, dei entdaachen navell eppes. War schon mat soueppes an d'Mier an och mol puer cm mei deif wei een duerft an war awer nie en Probleem, sin souguer iwwerrascht geweescht vun den Fotoen.

Eng aner Leisung wier vleit en Aquapack vier deng SLR (vun gleichnamiger Mark) dei sin mol secher spretzwaasser- an knaschtdicht, obs de domadder och schwammen kanns goen mist de am besten vierdrun probeiren. D'get do mol een wous de och daduech knipsen kanns, hun deen vier beim Seegelen wan et ruppescht Wieder ass.

Vill Spaass an der Vakanz! Zunge raus



Geschrieben von Mano am 06.07.2009 um 23:25:

 

Thx vir deng Enfert smile

Hun och éischter zu Compact Kamera tendéiert. D'Fro ass eben just: wat gett et do sou ze empfehelen smile ?



Geschrieben von Shogun am 09.07.2009 um 10:15:

 

E puer Leisunge wäeren:

-Compact

Fuji Finepix 233WP (3m wp)
Olympus mju 550WP (3m wp)
Olympus mju 850SW (1,5m wp)
Olympus mju 1030SW (2m sp, 10m wp)
Olympus mju 1050SW (1,5m sp, 3m wp)
Canon Powershot D10 (1,22m sp, 10m wp, -10°C fp)
(sp = shockproof, wp = waterproof, fp = frostproof)

-SLR:

www.ewa-marine.com
www.scubaland.fr
www.olympus.com

fier d'technesch Donnée'n genau ze verglaichen:
http://www.dpreview.com/reviews/sidebyside.asp



Geschrieben von Mano am 09.07.2009 um 11:27:

 

wow Merci smile dat do wäert ech mer dann mol nach méi genau ukucken smile



Geschrieben von Nemo am 15.07.2009 um 12:50:

  Ennerwaaser Fotoapparat

Hallo.

Endlech een Alliéierten hei um Site :-)

Hun alt e bessen Erfahrung an deem Beraich (weis de eventuell un deenen meechten Fotoen vu mir gesais). Eng Kompakt kamera as durchaus OK fir den Ufank. Ech hun genial Erfahrungen matOlympus gemach, dei fir praktesch all Apparat vun hierer Gamme dat passend Geheis hun.

Wichteg as et awer, je nodeem wats de vlait speider wells enner Waasser sou machen, dass de kucks op et vlait fir deen een oder aneren Modell Waitwénkeladapteren gett deis de un d'Geheis kanns druschrauwen. Wichteg beim Kaaf vum Apparat as och eng meiglechst kleng Ufanksbrennwait well eben enner Waasser nach eng Keier alles 1/3 mei grouss erschéngt wei et as. A fir dann en Manta ganz op d'Bild ze kreien gett da mei schwiereg.

Ech roden och emmer den Leit en externen Bletz nozekafen wann se bessen Erfahrungen gesammelt hun. Durch d'Liichtbriechung enner Waasser as eng extern Lichtquell onerlässleg well mat steigender Deift och d'Farwen lues a lues verschwannen an dann alles entweder greng oder blo as.

Hoffen ech konnt dir heimadder bessen op d'Spréng hellefen. Wanns de nach dei eng oder dei aner Fro hues kanns de gear nach bei mir nofroen. ;-)



Geschrieben von GrAl am 24.07.2009 um 10:21:

 

Hei kanns de der en klengen Test vun compakten waasserdichten Aparater ukucken.
http://www.dpreview.com/reviews/Q209waterproofgroup/

Wanns de op der Plage wells Fotoen man an eventuell wells den Aparat mat an d'Waasser huelen oder wëlls schnorchelen goen ouni elo déif ze tauchen, dann ass wéi den Metalbambi schons gesot huet, en Compakten dat richtegt.
Wanns de ower ufängs gréisser Usprech ze stellen, dann kenns de net laanscht en Ennerwaassergeeais fir deng SLR, do huet den Nemo vollkommen recht.
Ech well dem Nemo säin Kommentar ower nach ergänzen mat der Bemierkung, datt enner Waasser alles anescht ass. Deng Knäppercher schengen enorm kleng an duerch den Briechungsindex vum Taucherbrell ass net alles sou einfach wéi et schengt.
Ech kann der elo ken Geheis rekommandéieren well meng Schnorchel-Erfarung schons 20 Joer hier ass an den marché vun den Geheiser geännert huet.
Wat ech ower nach wes, ass datt ech en aquamarine-Geheis hat an et enner Waasser enorm schwéier wor den Aparat an den Zoom ze bedengen. Den groussen Viirdel vum Aquamarine wor ower, wanns de den Fotoaparat lassgelos hues, dann ass et geschwommen, en Compakten get enner...
Du kriss ower och Geheiser (dat sin quasi Plastikstuten) fir en Compakten an dann schwammen déi och.

Béides, en waaasserdichten Compakten an en Ennerwaaassergeheis ass ower net grad belleg, iwerle der ower wats de brauchs.

An nach zum Schluss, wanns de an d'Waasser wors, wäsch den Fotoaparat herno mat kloerem Waasserof! !ganz wichteg! Besonnesch Salzwaasser ass agressiv an kann deng Dichtungen vum Fotoaparat ugraifen an hannerléist och Salzspueren wann en drechend déis de ni méi ewech kriss.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH