Header
Problem bei der Wochenofstëmmung
(21.02.2016 - 18:30)
Wéi ech (Johny) haut gemierkt hunn ass e Problem bei der Wochenofstëmmung - Och wann just nëmmen eng weider Foto misst mat an der Ofstëmmung dra sinn, misst se et sinn mee gëtt wéinst engem technesche Feeler net ugewisen. Déi eenzeg Foto déi elo ugewise gëtt ass meng eegen, an ech géif dofir et folgenderweis maachen:

- No Mëtternuecht annuléieren ech dës Ofstëmmung wou d'Leit just fir 1 Foto stëmme konnten
- Duerno setzen ech béid Fotoen déi dës Woch hätte sollen dra sinn an d'Wochenofstëmmung fir nächst Woch

Ech hoffen dat ass fir jiddereen an der Rei, an ech entschëllege mech dass et hei zu engem Problem komm ass.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Paul-H 21.02.2016 - 18:56
Daat schengt mir eng gudd Léisung ze sin.
jorsch 21.02.2016 - 19:50
Déi zweet Foto war vu mir an ech hunn se de Moie selwer aus der Ofstëmmung erausgeholl. ( Ech war och erstaunt datt dat technesch méiglech ass. )
Dat hunn ech net gemaach well ech Zweifel um Bild kritt hätt an et huet iwwerhaapt näischt mat dem Johny sénger super Foto ze dinn, mee ech war erféiert wéi ech just zwee Biller an der Ofstëmmung gesinn hunn.
Mat esou engem limitéierte Choix gëtt de Vote absurd a mécht och kee Spaass méi.
Wat sinn d'Ursaachen, datt d'Partizipatioun an d'Motivatioun bei ville Fotografen hei um Site ofhëllt? Wéi kann een dat behiewen?

Ech géif mech iwwert en neien Elan freeën!

Fir d'Wochefoto proposéieren ech, datt eng Selektioun vu manner wéi sechs Biller automatesch annuléiert gëtt a bei di nächst Woch geschloe gëtt.
Johny 21.02.2016 - 21:05
Dann ass dat och en technesche Feeler smile Well dat dierft net méiglech sinn.

Trotzdeem géif ech se, mat denger Erlabnis dann, an déi fir d'nächst Woch mat iwwerhuelen?

Mer haten alt schonn wéineg Fotoen heiansdo, mee ni sou wéineg. Wisou weess ech net, mee vu datt mer geschwenn sws de ganze Site komplett änneren huet et lo och net méi vill wärt vill um System ze änneren.
jorsch 22.02.2016 - 11:39
OK, hu kee Problem mat engem zweete Versuch dës Woch.
Sinn awer och gespaant op d'Renovatioun vum Site.
Villäicht bréngt dat dann och erëm neie Schwong dran.
Merci fir deng vill Aarbecht am Hannergrond als Web-Master!
Johny 22.02.2016 - 11:45
Déi Ännerung gëtt zimlech grouss, also dat ännert relativ vill um Site, och um ganze Konzept smile En gros: manner Mass mee méi Qualitéit.