Header
Adobe Lightroom 2.0 Beta
(02.04.2008 - 17:51)
Haut huet Adobe déi éischt Beta-Versioun vum Lightroom 2.0 fräiginn, als Géigestéck zum Aperture 2.0 den Apple firun e puer Wochen iwweraschenderweis firgestallt huet.


Wichteg Neierungen sinn ënnert anerem lokaliséiert Ännerungen an Fotoen (wéi am Photoshop), 64-bit Support, Multi-écran Support, besser Sichfunktioun asw ...
Déi ganz Lëscht kann een hei noliesen: http://labs.adobe.com/technologies/lightroom/light...


Erofzelueden gëtt et se souwuel fir Mac wéi och fir Windows hei:
http://labs.adobe.com/technologies/lightroom
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
ploro 02.04.2008 - 19:21
Genial, wann den bis raus ass brauch een jo wierklech kaum nach den photoshop smile
gloda 02.04.2008 - 19:36
Hänkt ganz dovun of wéis de schaffs. Adobe géif secher keen Produit maachen deen séngem Flaggschëff Konkurrenz mecht.
ploro 02.04.2008 - 19:47
ech hun guernet dodropper ungeschwat, mee an deem fall kann een am lightroom all routinen aarbeschten dei een un fotoen sou mescht machen, hun en grat probeiert an sen wierlech verschidden supper funktiounen bai komm
Kwitchibo 03.04.2008 - 01:10
ahjo waat dann esou?? hun anch net gekuckt?
ploro 05.04.2008 - 12:56
Majo, et ass een pinseltool bai komm mat dem een dan nemmen platzenweis contrast etc erheigen kann