Header
Adobe start Photoshop Express Projet
(28.03.2008 - 18:58)
Et war scho méi laang bekannt dass Adobe un enger Photoshop-Versioun schafft, déi ee sollt online, also am Browser, kënnen notzen, ähnlech wéi Google et schonn zur Verfügung stellt fir Text-dokumenter sou ze beaarbechten, Präsentatiounen asw. Lo ass de Projet an enger éischter öffentlecher Beta-phase online gaangen.

Et kann een also lo am Browser, Fotoen beaarbechten. Daat ganzt funktionéiert sou, dass Adobe engem, wann ee sech umellt mat enger E-Mail Adress, 2GB Späicher zur Verfügung stellt wou een dann Fotoen kann eroplueden, an all Foto déi een sou eropgelueden huet, kann een dann do beaarbechten.

Ze fannen ass daat ganzt hei:
https://www.photoshop.com/express
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Kwitchibo 29.03.2008 - 04:17
Lusteg!
gloda 29.03.2008 - 14:09
Huet soss nach een Problemer fir en @ anzetippen bei der Registréierung?
Johny 29.03.2008 - 14:33
Jo, daat ass och bei mir net gaang op der Aarbecht, mee heiheem um Mac geet et komescherweis. Hun mussen um Windows bei der Registréirung Copy-paste vum @ maachen.
gloda 29.03.2008 - 14:48
Jo, sou hun ech et elo gemaach. Bon, ech hun mer d'Saach mol ugekuckt, 't as zwar net wierklech nëtzlech. Ech mengen d'Zielgrupp, déi wou net wëllen an Programmer investéieren, sin besser drun wann se Gimp o.ä. benotzen.
gloda 29.03.2008 - 14:52
Terms and Conditions.
8. Use of Your Content.

1. Adobe does not claim ownership of Your Content. However, with respect to Your Content that you submit or make available for inclusion on publicly accessible areas of the Services, you grant Adobe a worldwide, royalty-free, nonexclusive, perpetual, irrevocable, and fully sublicensable license to use, distribute, derive revenue or other remuneration from, reproduce, modify, adapt, publish, translate, publicly perform and publicly display such Content (in whole or in part) and to incorporate such Content into other Materials or works in any format or medium now known or later developed.
Johny 29.03.2008 - 16:42
Jeje ...
Johny 30.03.2008 - 13:29
Da sinn ech awer gespaant ob wirklech eng Ännerung kennt. Thx fir de Link
Johny 06.04.2008 - 13:23
http://www.heise.de/newsticker/Adobe-entschaerft-N...

Se hu reagéiert, emmerhin net schlecht.