Header
Adobe update den Lightroom op 1.4
(14.03.2008 - 22:34)
Haut huet Adobe en neien Update bruecht fir den Lightroom, daat wir dann d'Verisoun 1.4.

Et ass keen immens groussen Update dës Kéier, haaptsächlech ass en fir d'Ënnerstetzung matt neien Apparaten ze bréngen daat wiren folgend:

- Canon EOS 450D
- Fujifilm S100FS
- Nikon D60
- Olympus SP-570 UZ
- Pentax K20D an K200D
- Sony A200, A300 an A350

Downloads:
Windows
Macintosh
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 15.03.2008 - 01:05
Pff. Ech war mer den Readme ukucken. Dat as zwar éischter 1.3.1 wéi 1.4. As et net Gang und Gebe ënner Software-entwéckler déi éischt Stell hannert dem Punkt ze héigen wann effektiv nei Features do sin, an net nëmmen Kompatibilitéitsaktualiséierungen (wat en Wuert) an Bugfixes?
Johny 15.03.2008 - 01:14
An Tëschenzäit mecht jidfereen wéi en grad Loscht huet, eng fest Reegel gëtt et do net, et gi suguer Softwares wou et 4 Stelle ginn ...

30D ass jo och 30D genannt ginn, net 20D MKII closed_eye

Mee am fong hues de Recht, dass een sech do eigentlech ganz bessen méi erwaard. Zemols well Aperture 2 jo lo um Maart ass och :/
Kwitchibo 15.03.2008 - 20:17
Tiptop merci fir den Typ!