Header
Apple bréngt Aperture 2
(12.02.2008 - 15:07)
Et ass oft spekuléiert ginn an der läscht doriwwer, dass dei zweet Versioun vum Aperture soll kommen. Direkt den Dag nodem Apple dann dee groussen Update fir de Leopard öffentlecht zougängeg gemaach huet (10.5.2) schécken se Aperture 2 an d'Course fir den 1.5 oofzeléisen. E soll vill nei Funktiounen hun an sou zimlech alles waat dra war, soll verbessert gi sinn.

Wen Aperture schonn huet kann déi zweet Versioun fir 99$ kafen, dei europäësch Präisser stinn nach net fest, woubäi gerechent gëtt dass den wärt bei 89¤ leien, an da wir en hei zu Letzebuerg nach bessen manner, warscheinlech an der Géigend vun 85¤. Nei kascht en an den USA am Moment 199$, woumat se de Präis em 100$ rofgesat hu verglach mam Firgänger. Soubal déi europäësch Präisser feststinn, schreiwen ech se nach bei dës News derbäi.

Hei fannt der méi Informatiounen iwwert den Aperture 2:
http://www.apple.com/aperture/?sr=hotnews?sr=hotne...


UPDATE:
Apple huet d'Präisser leider 1zu1 iwwerholl, soumat kascht eng nei Aperture 2 Lizenz 199¤ an den Update 99¤ MEE hei zu Letzebuerg sinn dei Saache rem bessen méi belleg :) Déi normal Lizenz kascht 189.13¤ an den Update 94.09¤.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 12.02.2008 - 16:28
Öh do sin puer Tippfehler an den Präisser mengen ech smile
Johny 12.02.2008 - 16:39
Am fong net, kA wisou den Euro net richteg gespäichert gëtt :/
klex 12.02.2008 - 19:03
Hoffentlech ass den highlight recovery wéindens e bessen brauchbar, net su wi an der aktueller versioun :l
Gesäit mol su aus am video...

update: yay et fuktionéiert smile endlech!
mikE 14.02.2008 - 09:20
hues Du en um apple.com eroofgelueden?
wollt en och do an en mecht mer boullen weinst der adress, dei ech jo net an den US hun ....
Johny 14.02.2008 - 14:53
Ech hun Trial och rofgelueden an daat war kee Problem, kanns jo iwwert den letzebuergeschen Deel fueren (Géi op apple.com, dann op Store, an dann ënnen riets wiels de Luxembourg an der Selectbox). Dann sichs de no aperture 2 an lueds der Trial eben rof.
mikE 14.02.2008 - 17:45
an wann ech just den update well? smile
Johny 15.02.2008 - 01:54
Da sichs de no Aperture2 am Store (dee Wee virdru mess de tselwecht) an dann, klicks de op d'Resultat vun der sich, da kanns de riets wielen dass de den Update wëlls. Falls de den Update als Trial wëlls: Daat geet net.
mikE 15.02.2008 - 10:19
Sorry,
hun den 1.5 an wollt just den Update also download. Deen ass fier den Moment just um US-Site erhälltlech.
Dann waarden ech halt nach.

Merci awer fier Deng Gedold closed_eye
Johny 15.02.2008 - 11:28
Dach natirlech kritt een den och am letzebuergeschen Deel, ech wees et well ech hu jo genee do mer déi letzebuergesch Präisser ugekuckt smile Link pasten geet leider net.

Also wann ech et maachen wei ech soot (apple.com -> Store -> ënnen riets Luxembourg -> Rechercher -> Aperture) da fennt een als 3. Resultat "Aperture 2 - mise à jour".
mikE 15.02.2008 - 16:33
Yep, hunnsch fonnt. Mee et schengt awer keen download ze sin...do steet "livraison en 1 - 2 semaines" ...
Johny 15.02.2008 - 16:35
Kanns och bei Lineheart uruffen an froen obs déi e schonn do hun ... http://www.lineheart.lu
klex 16.02.2008 - 17:08
di hun en net :l
hun en awer lo, ass mat secherhet den upgrade wärt!
klex 14.02.2008 - 19:01
ech wees netméi wéieng apple sait genau ech en roofgelueden hun, mee menge schon bei apple.com! Also ech hu just den Trial roofgelueden, fir 30 Deeg... haat geduet d'kéint een e na net kaafen?!? Den Trial wuar och keen update.
Johny 15.02.2008 - 01:53
Dach natirlech kann een et kafen, wisou net?