Header
Nikon brengt nei Objektiver an D60
(30.01.2008 - 18:22)
Nikon huet dann gëschter och eng Rei nei Saache firgestallt. Dodrënner dräi nei Objektiver an een neien Apparat.

D'Objektiver sin folgend:
- PC-E NIKKOR 24 mm 1:3,5D ED (Tilt/Shift Objektiv)
- AF-S DX NIKKOR 16-85 mm 1:3,5-5,6G ED VR
- AF-S Micro NIKKOR 60 mm 1:2,8G ED

Dobäi dieft zemols den 16-85 ganz interessant si fir Ufänger. Am Zesummehang vläicht matt dësem neien Apparat:
Nikon D60:
- 10.2 Megapixel
- EXPEED - Bildveraarbechtungssystem
- AF matt 3 Messfelder
- 3 Biller pro Sekonn
- 2.5" Display
- Iso 100 - 1600
- Airflow-Control-System (géint Stëps)
- ze kréien anscheinend ab Februar
- am Kit mam AF-S DX 18-55mm/3.5-5.6G VR soll se 759¤ kaschten

Méi Detailer am Press-release vun Nikon:
http://www.nikon.de/press_room/news.html?locale=de...

An hei op DPReview:
http://www.dpreview.com/news/0801/08012910nikond60...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
klex 30.01.2008 - 21:55
ze kréien ab februar, also dann sou juni...
Johny 30.01.2008 - 22:29
Genau dofir hun ech derbai geschriwwen "anscheinend" bigsmile
ApplEric 31.01.2008 - 15:31
So Johny, wanns de schons dei nei Apparater vun Nikon an Canon virstells, muss de awer och dei nei vu Pentax posten. Einfach der Gerechtigkeet halber! closed_eye
Emmerhin kennt lo d'K20d an d'K200d raus, nawwel 2 intressant Apparater, en plus gin et nach e puer nei Objektiver.

Mee bon, Nikon ass souwisou besser. :-P
Johny 31.01.2008 - 18:59
Maach mol lues, ech haat gèescht vill Stress, sinn haut geplënnert, gescht war ech frou iwwerhaapt Zäit gehaat ze gun fir d'Nikon Apparater heihin ze setzen. Den Owend kennt vlaicht nach no waat feelt smile
ApplEric 31.01.2008 - 19:11
Okay. smile
Stress dech zwar lo net weinst menger, ech hu jo meng D70s an dobei bleift et och nach eng Zaitchen… closed_eye
klex 09.02.2008 - 21:38
Graad ass mer opgefall... ass eigentlech lo just nach d'D90 di fehlt smile