Header
Haapt-site bleift leider nach offline
(29.01.2008 - 23:22)
Murhpy's Law: Whatever can go wrong, will go wrong. Während dem Upload vum Backup-Archiv (eppes wei eng .zip Datei) ass eppes schief gaang, soudass d'Entpaken vun dëser Datei elo net méigleg ass.

Dir musst ierch also nach gedëllegen, well ech muss elo alles nach eng Kéier eroplueden, des Kéier awer op eng aner Art a Weis.

Well et elo schonn immens laang dauert, dass PG net erreechbar ass, hu mer lo awer op manst de Forum rem online gesat, soudass dir alt do erem kannt schreiwen an liesen.
Den ass erreechbar hei: PG-Forum

An wéi der gesidd eben och den Newsblog. Vun elo un schreiwen ech dann hei soubal et Neiegkeeten ginn.

Eng nei Prognos ze maachen trauen ech mech éierlech gesot net méi well jo souwisou emmer rem alles schief geet, mee hoffe mer mol daat war lo dee läschten Zwëschefall.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
JADE 29.01.2008 - 23:43
daat geet schon ... ech wees daat ... sin ganz vertrauensvoll, obwuel ech nix verstin ... closed_eye

elo mierkt een eréicht richteg wéi oft een awer op PG hung ... smile ...
an wéi gaeren een no neien Fotoen luussen komm ass ...
an wéi engem daat fehlt !

allez ... nach e bessi waarden ...
euhmmm ... wéivill mol nach schloofen ? ... tongue
Johny 29.01.2008 - 23:43
Matt Chance nemmen 1 Kéier smile
JADE 29.01.2008 - 23:45
bon ... daat geet jo awer ... nach esou just ... smile
annemie 29.01.2008 - 23:53
*freu* closed_eye
gloda 30.01.2008 - 01:16
Ech mailen der eng Taass Kaffi.
nikel 30.01.2008 - 08:35
Daat ass zwar wierklech schais daat doten.....
Jean-Jos 30.01.2008 - 13:34
Courage Johny a merci, wëll do sin awer elo Extraschichten ageluegt gin...

a wéi seet d'Jade sou richtég a gutt: "elo mierkt een eréicht richteg wéi oft een awer op PG hung ... smile ...
an wéi gaeren een no neien Fotoen luussen komm ass ...
an wéi engem daat fehlt !"

bis dann,
Johny 30.01.2008 - 15:16
Genee wéi de mullebutz och geschriwwen huet, et waren der puer, fir eis allen zwee smile A wann een dann mei wei 40h roplued an dann huet Datei e Feeler, do kritt een d'Flemm.

Ech war de Moien op Steesel bei root.lu fir do d'Fotoen direkt drop lueden ze loossen, lokalt Netzwierk. Den Upload do leeft nach me misst nach firun den Owend fäerdeg sinn, also desen Owend si mer secher rem online.
mullebutz 30.01.2008 - 15:09
Jo en pur extra schichten waren et schon an vill stress closed_eye an dann kommen och nach sou CRC errors no souvillen stonnen gell Johny dann keint een flippen :p
Johny 30.01.2008 - 15:16
Wéieen Idiot huet CRC erfonnt closed_eye
nikel 30.01.2008 - 15:29
So an wanns de mam Pol schwetz dass de den Backup kanns lokal opspillen??
NIKONIANER 30.01.2008 - 15:44
Du bass awer ongedëlleg
smile
Johny 30.01.2008 - 15:48
patti, lies mol mäi Kommentar den ech dem Jean-Jos als Äntwert geschriwwen hun bigsmile
nikel 30.01.2008 - 15:54
Wer lesen kann ist klar um vorteil tongue

Ok alles paletti... dh eis metsch leeft souwait rem stabill... Gudd geschafft. Mullebutz verkleeden mer eis fir fuesend als server tongue du 1 heicht an ech 4 tongue
Johny 30.01.2008 - 15:57
Du verkleeds dech als guer näicht, de mullebutz an ech hu just d'Recht sech als Server ze verkleeden smile
nikel 30.01.2008 - 16:01
Lol ok... awer mat cd laafwierk do kans de dain beier dranstellen tongue

Dann bastelt dir äer kostümer aus Pabeier an wann der iech nieweneen stellt an unfänkt sidd der eng firewall tonguebrüller tongue
BlackPanther 30.01.2008 - 16:55
ojeeh...Murphy as nii gudd....cool
njah dir kritt daat schon nees an den greff...
fir mech as et einfa mol eng fun denen eischten WEIRKLECHEN PG pausen...onfraiwelesch! bigsmile
nemmen go!
ech mailen dann den Zokker an dMelech....closed_eye
thx 2 the working one's