Header
Canon veröffentlecht 450D, Nofolger vun 400D
(24.01.2008 - 12:30)
Canon huet haut, entspriechend hierem reegelméissegen 18-Méint Update, den Nofolger vun der 400D firgestallt. Och wann een nach net mengt dass d'400D schonn esou al wir, hei sinn déi wichteg Neierungen vun der 450D:

- 12.2 Megapixel
- 14 bit
- 3.5 Biller pro Sekonn
- 3" Display matt Live-view
- 9 AF-Punkten (wei virdrun) mee lo matt an der Mëtt f/2.8 Kräizsensor
- Picture Styles
- Digic III Prozessor
- Liest äusschléisslech lo just nach SD-Kaarten
- Gëtt am Kit geliwwert matt der IS-Versioun vum alen Kitobjektiv 18-55 f/3,5-5.6

Méi Detailer fannt der suwuel hei:
http://www.dpreview.com/news/0801/08012403canoneos...

wéi och am Press Release vu Canon:
http://www.canon.de/About_Us/News/Consumer_Release...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
CHAREL 24.01.2008 - 12:58
Mjo dan, mengt een wierklech net das 400 schon sou aal asscool
BlackPanther 24.01.2008 - 13:34
harhar deen LCD mat 3'' gesait einfa iwadriwwen aus! XD se hun missen dKnäpperscher rekklen fir daat dengens iwerhaapt na drop z kreien...cool
wees zwa nik waat genau se um AF geännert hun mee sou op den eischten blekk sen et just klengeschkeeten dei ernaiert guffen...AN den Boitier kruut endlech eng nai form...gesait mei ronn aus sou...cool
thX 4 the news! closed_eye
gloda 24.01.2008 - 13:55
Ech fannen net dass et just Klengegkeeten sin déi se erneiert hun. Se hun den LiveView an den Kräizsensor vun der 40D eriwwer an d'Consumer Gamme geholl wat schon net schlecht as, en plus sin se vun 12 op 14bit eropgang. D'Changementer an der Form fannen ech interessant. Während d'40D par rapport zur 30D méi kanteg an aggresiv gin as, gouf d'450D hei iwwerall ofgeronnt, mat geschwongenen Linnen, et kéint een bal soen méi organësch.
Wat se sech zwar beim Changement zum SD geduecht hun... wéi et schéngt get do deen Grupp vun Leit ugepeilt déi vun enger Point
Johny 24.01.2008 - 14:17
14 Bit haat ech vergiess derbai ze schreiwen, stëmmt closed_eye

Se maan all Kéier dass se Saachen dei d'40D huet op den Modell drënner huelen, läscht Kéier war et de ganzen AF-System vun der 30D dee se iwwerholl hun.

Ech si gespaant op den Nofolger vun der 40D smile
Jean-Jos 30.01.2008 - 13:46
a wéi soot de Jos virun e puer Deeg esou richtég:
"Sou, elo kennen mer mat der 350D geschwënn op den Floumaart go'en...."
Ochiniwa 30.01.2008 - 21:43
Froen mech op en Nofolger vun der 5D geplangt ass...

Wollt vun menger 350D op eng 40D wiesselen... wees awer elo not op daat sech lount...?
Johny 30.01.2008 - 23:56
Et lount sech an dem Sënn dass ee matt enger zweestelleger endlech mol d'Gefill huet en Fotoapparat an der Hand ze hun smile Nofolger vun der 5D ass geplangt, ganz secher, mee wéini en räuskennt daat wees keen, d'Leit waarden dach scho bal zwee Joër lo dodrop bigsmile
Rolacro 30.01.2008 - 22:03
Oah... Schon... ass séier gaang... Mee am fong lo net souuu vill neits... 0,5 biller/sek méi, 2,2 mpix méi... an en neien speicherkaartformat... gesin den zweck lo net sou direkt fir ze wiesslen... ausser flait den Digic III an den liveview... Well mat der opléisung huet een jo nemmen na mi grous dateien.
Ausserdem fannen ech dass d'knätongueperscher lo immens domm leien weint dem 3 zoll. Bessen blöd vun canon.
Waat seet eigentlech den sensorcleaning system? Sin verbesserungen do?
Johny 30.01.2008 - 23:55
Denken net dass am Sensor-cleaning vill geännert ginn ass.
nikel 01.02.2008 - 09:52
Waat mech bei deenen klengen Modellen steiert ass dass duech dei emmer mei grouss Bildschiermer deen klengen Bildschierm mat den Parameteren veluer geet bei der 350d haat een na soueppes an dono war en weg.

Dass de vun CF op SD gewiesselt hunn ass och egal waat. Ausser SD wir lo seu immens mei seier wei CF waat ech net mengen an och lo net wees, an sws wann een op Speed geet keeft een keng 450d...
patrickr 08.02.2008 - 18:34
(geläscht)