T-Shirten VERDEELUNG
(09.12.2007 - 14:28)
Laang hudd der ierch musse gedëllegen, mee endlech huet d'Waarden en Enn! Eis T-Shirten si fäerdeg an waarden just nach drop verdeelt ze ginn.
Als Datum hu mer eis geduecht dass mer et sou maachen dass et méi laang am viräus bekannt ass, fir dass dei meescht och sech den Datum kënne fräihalen. Dowéinst hu mer eis den 5. Januar eräusgesicht. Daat ass en plus Samschdes.
Mer haate wëlles déi Verdeelung um Kierchbierg beim Kino ze maachen well et zimlech zentral läit fir jiddreen, direkt bei der Autobunn. Um 3 Auer ass dann also Rendez-vous, um Parking vun der LuxExpo. Am Fall wou dee Weekend keng Äusstellung ass, treffe mer eis ënnen um Parking, am Fall wou awer eppes ass maachen mer daat ganzt uewen op dem méi klengen den emmer gratis ass. Durno kënnen dann déi déi nach Loscht hun matt an de Kino goen.
Sidd w.e.g. pünktlech do, an falls der net kannt do sinn, kuckt wann et méigleg ass fir dass een den dir kennt an och do ass, ierch ären T-Shirt matthëllt. An dem Fall soot eis awer bescheed, fir dass mer net egal wem egal wéieen T-Shirt mattginn! Einfach hei séier als Kommentar schreiwen geet duer, oder PM.
Déi Leit déi do guer net kënnen an och keen aneren kennen den dohinner geet, matt dene kucke mer dann eenzel durno wéi mer daat maachen.
Äusserdem hun ech nach Stickeren iwwreg well op dem Meeting wou déi sollten hikommen déi Stickere wollten, méi wéi d'Halschend net do war. Den 5. um 3 Auer Mëttes kënnt der awer och nach déi dann kafen, déi édi awer ee reservéiert hun, hun e Virrecht. Et si suwuel nach klenger (10cm) wéi och grousser (40cm) do.
An dem Sënn, nach e schéine Sonndeg Mëtteg, an bis spéitstens den 5. Januar hoffentlech :)

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
BlackPanther
09.12.2007 - 14:59
harhar klex
mjoh...kukn dan present ze sen...(fum EISLEK aus gesin as weder Utopolis nach soss eppes -zentral- meeee....sen joh nomalaweis doennen 'an da wakanz' )
gudd gudd dass sech epps deet...

annemie
10.12.2007 - 01:26
and the winner, with 100 points iiiiiiiiiiiiiis: Klex *applaus*
Ehmmm: also ech sin deen Weekend zu Mainz.
@Johny: ech soen der nach bescheed...
Tshiiiiiiirrrrteeeeennnnn

Kwitchibo
10.12.2007 - 12:36
ech schaffen den 5 Januar awer bis 18h...
awer flott das eis Wanter Tschirts do sin

Johny
10.12.2007 - 16:32
Wen lo nach soueng komme léisst den kritt kee méi
Sidd positiv: Lo hudd der se secher fir nächste Summer. An lo mol éierlech, dee läschte Summer war kee richtege Summer

Charly
10.12.2007 - 18:50
Tip top ... mee eigentlech wollt ech mer déi jo ënnert de Chrëschtbeemche leen ...
Bon, dann muss ech eben eppes aanescht dofir fannen ... eng nei Kamera villäicht? Misst just een fannen deen se bezuelt ...
Deen Dag misst ech do sin. Wann nët, dann soen virdrun Bescheed.

11.12.2007 - 18:02
an se man et awa muahaha
mee...iergendswei nik emmer....an ech ging baal wetten wansch lo main IE nees giff ausgruewen dass do alles ging klappen nee?
*edit*

11.12.2007 - 20:30
Kanns d'Bild rem räus-huelen, et verzerrt alles ze vill
Ech wees wou de Feeler ass mee net wei ech en a Kontroll kreien :/
An wéini se net ukommen bei ierch ass mer mengen ech och kloer: Wann der e Kommentar geschriwwen hudd. Well da ginn d'Kommentarer all nei gelueden, och wann dir et net mirkt.

yoshi
10.12.2007 - 23:09
also ech wees jo net waat dir all hudd mat deem wanter... ech gesin en op allefall net wierklech, main tshirt gesait een den moment all daag... ausser wann et reent
BlackPanther
11.12.2007 - 17:53
'alldaach' - 'aussawannetreent' = hmmmm....let me see...
oder wunsde an da Karabik? krkrkr
oder wunsde an da Karabik? krkrkr
little-dreamers
11.12.2007 - 17:40
huuuurrrraaaaaa =D
gett och baal zäit =D=D
mio mer gesin eis dann den 5ten =D
gett och baal zäit =D=D
mio mer gesin eis dann den 5ten =D
Johny
12.12.2007 - 12:03
Kann ee vun denen déi de Problem haaten w.e.g. testen ob et an tëschen Zäit geet? Hun eppes klenges geännert mee bei mir ass et jo sws gaangen...
BlackPanther
12.12.2007 - 23:10
nodems ech dann all meng Spyware an enger (zimlch) bluddescher aktioun erleedescht hun...hun ech alles probeiert den -üäö!?`^£}]{- an wei se soss na heeschen baizekommen meee....dain system as resistent an weigert sech ma FRAGEZEICHEN ze weisen
edit: gradduleiren
edit: gradduleiren
Johny
13.12.2007 - 00:08
Endlech ... Daat ass e Problem deen emmer rem optrëtt an net ze vermeiden ass, an da muss een iergendwéi Emweeër fannen fir dass et awer klappt :/
BlackPanther
13.12.2007 - 13:50
Tod den Sonderzeichen LooL
-hai- an -lo- huesdet awa gudd an den Greff kritt...

Ochiniwa
12.12.2007 - 22:06
Salut Johny,
Ech sinn net am Land den 5....
Kennen och elo keen deen do kann mech ersetzen (ech sinn onersetzbar).
Ech rufen der un an kommen en einfach bei dech heem sichen (?)
Ciao,
Ochi

klex
13.12.2007 - 22:29
Ahjo, ech huelen dem CANON seng 2 t-shirten mat, wollt just bescheed soen Johny, well ech vergiessen et nemlech rem bis den 5.
An daat mam Wanter wuar natierlech net eescht gement dann hu mer direkt di aktuelldsde moud fir an d'féihjoer ze starten ouni dann nach mussen drop ze wuarden...wéis du sees.
Nuecht

LaaChkiChelChen
04.01.2008 - 01:23
wann een aus menger geigend (ettelbreck) as keint en mer en eventuel matbrengen, geif en dann sichen kommen!?!