Header
PRO-SUD sicht Fotoen
(14.11.2007 - 01:08)
PRO-SUD (E Syndikat äus 12 Gemengen äus dem Süden) wëll eng Standortbrochure maachen.

D'Brochure soll en Akquisitiounsinstrument fir d'Regioun ginn.

Zielgruppe sinn d'Awunner, d'Firmen, Forschungsinstituter, Investoren vun der Regioun, vum Groussherzogtum wéi och äus der Groussregioun

D'Brochure gëtt vereenzelt op Foiren verdeelt an un interesseiert Investoren suguer international verscheckt. Se kann awer och iwwer staatlëch Kanäl, iwwer regional Firmen oder Transferstellen souwéi och d'Uni verdeelt ginn.

Parallel zu derr Printversioun gëtt d'Brochure och op den Internetsäiten vun PRO-SUD veröffentlëcht. Fir d'Wirtschatfsprofil vum Süden ze schäerfen, fokusséiert sech d'Standortstellung zwar ganz bewosst op d'Aspekter vun der Forschung, Wëssen Technologietransfer an Edukatioun, mee et ginn och vill aaner Beräicher mattabegraff, déi en innovativen Androck vun der Regioun bidden.


Inhalt vun der Brochure sinn:

- Portrait vun der Südregioun
- Wirtschaft, Handwierk an Industrie, innovativ Betrieber
- Sougenannte Wëssenscluster (Schoulen, Ariichtungen vun der Fort- a Weiderbildung Héichschoul, privatwirtschaftlech an öffentlech Forschungsariichtungen, souwéi Technologie- an Grënnerzentren)
- innovativ Architektur an d'Ëmnotzung vun Industriebauten
- Akafen an der Südregioun an op dene läschte Säiten och bessen vu Kultur, Sport an Tourismus.


Heifir sichen se héichwärtegt Bildmaterial, a firun allem och nei soll et sinn.

D'Fotoe gi matt allen néidegen Angaben gekennzeechent an zousätzlech matt enger Referenz um Schluss opgezielt.



PROSUD KONTAKT:
http://www.prosud.lu/index.php?option=com_contact&...


Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 14.11.2007 - 10:11
Dat sin zwar streng Kritèren déi se fir hir Gratis-Fotoen do stellen.
spako 14.11.2007 - 13:33
fannen ech allerdengs och ...
Johny 14.11.2007 - 18:44
Streng Kriteren? Se mussen eben spezielles weisen, waat jo kloer ass, soss ergëtt et kee Sënn smile an sech bedeelege muss ee jo och net wann een et wëll closed_eye
the_zipper 14.11.2007 - 17:03
Dann misst een jo och mol genee wessen weieng gemengen daat sinn. Ech huelen un dass Esch mol mat derbei ass.
Johny 14.11.2007 - 17:50
Also ganz kuerz googlen an dann huet een dat awer scho räusfonnt.
-Laurent- 14.11.2007 - 18:49
fannen sie kinnten dann awer och goss bidden wann se schon sou mega krass welteroberungsplaeng hun tongue
yoshi 14.11.2007 - 20:41
geheiert flaicht zum welteroberungsplang selwer d'geld ze haalen closed_eye
-Laurent- 14.11.2007 - 21:18
brilliant, den minette well also eng eegen armei ... tztz... gott sei dank wunnen ech zu dikkrich ...
JuZi 14.11.2007 - 21:21
Fill verlaangen, an neischt bidden.

Schaffen nemmen fiert Freed matt Kollegen.

Laurent an Gloda, >> ganz richteg bemierkt.

Funn der Loft an der Freed kann ech an dier d'Material nett bezuelen.
-Laurent- 14.11.2007 - 21:53
asou du gewenns net alles am lotto?
gloda 14.11.2007 - 22:42
Et muss jo net onbedingt en Geldpräis sin, mee e bëssen méi wi "mir schreiwen däin Numm dobäi" dierf et schon sin. Dat kréien ech och hei um Site.
An ech schaffen relativ oft ouni finanziell Géigeleeschtung, mee dann war d'Aarbescht soss op eng Manéier interessant. Et kann een elo soen "du muss jo net matmaachen", mee wann d'Leit vun Pro-Sud dat hei liesen, wat ech hoffen, kënnen se sech dann awer iwwerleen dat Ganzt vläit méi flott ze gestalten.

PS: Johny, wanns de Zäit hues, kanns de emol no deenen Fragezeichen kucken?
Johny 15.11.2007 - 00:44
Do hues scho Recht iergendwéi, ech sinn grondsätzlech och der Meenung dass ee fir eng Leeschtung eng Géigeleeschtung sollt kréien, aanerersäits awer ass et jo en Opruff un déi déi Loscht hun, an et ass jo virdru bekannt wéi et leeft. Dofir géif ech daat hei net als esou schlëmm ugesinn.

An als schaffen géif ech en Hobby wéi d'Fotografie allerdings net bezeechnen, et ass jo emmer nach en Hobby hei op Photogen.
patty 15.11.2007 - 11:10
hmm jo klengt gudd mee eben waat een dovunner huet ass net sou immens!
Ech wunnen och an deem Gebiet vun do hier wier daat mei einfach.

...
mol kukencool
Johny 16.11.2007 - 18:47
Ech hun nach e Kontaktlink vun hinne bäigesat.

Ech sinn amgaangen matt hinnen ze schwätzen, sie sooten nämlech weder dass ee geif eppes dofir kréien, nach dass een näicht géif kréien. Waat nach nokënnt lo wärt ech selwer dann reischt geschwenn gewuer ginn.
klex 18.11.2007 - 17:39
Daat ass sech d'Saach awer bessen einfach gemaat. D'ass fläit gudd gemengt, mee bessen verätonguepelt kann een sech scho villen, d'mecht een sech schliesslech Méih anstäneg Biller ze maachen, da kann een och eppes klenges erwuarde als Géigeleechtung... mee si kenne jo emmer mol probéieren smile
Si mer secher dat se emmer nach genuch Leit fannen di et maachen...
Johny 19.11.2007 - 20:11
Ma et soot jo och keen et géif een näicht kréien...
wuschel_lux 19.11.2007 - 10:04
Moien zesummen,

ech verstinn déi Äntwerten héi nët 100%, wann ech daat héi alles sou liesen.

Ech hun mir einfach mol d'Méih gemaach, fir nozefrooen, wéi, waat, wou. Wollt mir méng eegen Mehnung bilden an nët einfach mol mat drop klappen.

Déi ganz Diskussioun "Welteroberung" an "Goss maachen" ... ween e bessi op hierer Internetsäit kuckt, mierkt séier, waat d'Aufgaben sinn, an dass Projeten gemmach ginn, fir eppes ze verbesseren/beweegen, mee nët fir Goss ze schäffelen!

Also daat ganzt ass en Projet deen am Unlaafen ass, an sie wollten einfach mol kucken op bei Photogen Léit bereet wieren, fir héi matzeschaffen. Sie haaten och mol en Photoskonkuers, wou och Léit vun héi mat gemaach hun...

Déi ganz Konditiounen waat et dann elo ze verdëngen gët ass nach nët 100% festgeluecht, wëll den Emfang vum Projet leider nach nët finaliséiert ass.

Wann ech kucken, wann héi op der Säit en Contest gestart gëtt, rënnt
jiddereen lass, ass kreativ an mecht sech vill Aarbescht. Hallt fir déi
meescht vun eis en Hobby deen eis freed mecht.

Fir d'Léit héi ze froen, fannen ech eigentlech eng gudd Idee, an ech wier Stoltz, wann dann eng Foto vun mir an der Brochüre ze fannen wir...

Waat ech soen muss, d'Unfroo wor viellaicht net ganz glëcklech geschriwen, mee ech hun mir soen geloos "Wéi sollen mir bei enger Prinzipieller Froen zur Bereedschaft zur Mathëllef schons wëssen, wéivill Fotoen gebraucht gin an ... waat en méigelechen Budget ass, dee kann ausgesaat gin".

Ech hoffen daat brëngt e bessi Liicht an daat Donklet héi.

Wënschen nach eng schéin Woch
klex 19.11.2007 - 13:57
Net ''Goss'' maachen, mee es spueren!
Ech mengen bei 12 Gemengen ass et dach bestemmt méiglech, eppes klenges zesummenzekréien, nee?

Mee si schéngen der jo och sou schon ze fannan..... smile