Header
Topfotoen deaktivéiert
(27.10.2007 - 22:22)
Wéi déi meescht vun ierch scho wärten iergendwann mattkritt hun, sollten Topfotoen mam PG Update souwisou verschwannen, einfach doduerch dass se mëssverstane gi sinn vu ville Leit. Daat huet vill sënnlos diskussiounen matt sech bruecht, an daat muss jo net sinn well daat helleft kéngem. Well ech awer lo mam Update nach mei laang bräuch, hu mer décidéiert, dass e User matt senger Kritik Recht haat, et wär besser se elo schonn ze deaktivéiren.

Soumatt kann een elo Topfotoen zwar nach kucken, mee kéng méi firschloën, et gesäit een och bei der Foto selwer net méi wa se net ugeholl ginn ass, eben den ganzen Rechteck dee fir Topfotoen war bei enger Foto, ass fort.

Waat den Update ugeet: Ech krut an der Vakanz e Stéck dru geschafft, mee well ech daat waat ech maachen wëll anstänneg maachen an net just ales ganz séier wëll maan, dauert et eben nach. Lo hun d'Kueren och rem ugefaang op der Uni asw, dofir zitt daat sech leider nach e bessen. Ech hoffen awer, dass dir ierch nach e bessen kënnt gedëllegen (oder eben bessen vill ...). Ech maachen mäin bescht fir all déi nei Saachen an Ännerungen sou gutt wéi méigleg ze réaliséieren.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 27.10.2007 - 23:14
Gut Ding will Weile haben.
Johny 28.10.2007 - 22:45
You're left. eehhm right!
Kwitchibo 28.10.2007 - 03:25
Ech freen mech nach emmer egal wei lang et Dauert smile
wann en MUER färdeg as et ok smile


closed_eye
MUHAHAHa

P.s: GOGOGOGOGO closed_eye
elmuzo 28.10.2007 - 14:05
Muhahaha
Johny 28.10.2007 - 22:45
dass dat ok wir gleewen ech. Wäert awer net de Fall sinn smile
Paukl 28.10.2007 - 05:33
jep d'Schoul geet fir...smile
Johny 28.10.2007 - 22:44
Et gi Leit dei awer mengen ech hätt soss näicht ze dinn smile
CANON 28.10.2007 - 10:21
Haapt saach, et keent eppes guddes eraus "waat mir jo vun dir gewint sinn"

René (CANON )
elmuzo 28.10.2007 - 14:04
Dat ass ok, da schaff nach gutt, ech fréen mech schon ewéi e Kichelchen.
REGARDS
MUZ
Johny 28.10.2007 - 22:46
Kichelcher ginn awer méi séier schlecht ... closed_eye
Pelz 28.10.2007 - 19:05
Fannen ech an der Rei! Ween bräuch daat schon?!
MfG
Pelz
Olivier 28.10.2007 - 20:34
Top !
Johny 28.10.2007 - 21:27
Kee schlechte Kommentar smile
Olivier 29.10.2007 - 00:06
closed_eye
Ech hun meng kommentarer schon iwert dei affaire gesoot... wor schon emmer dogeint... (och wann ech haiansdo gevoted hun... smile
n0brein 28.10.2007 - 22:51
hmm fannen daat mat den topfotoen zwar e bessen schued mee wann sou entscheed get dann ass et eben sou...
Johny 28.10.2007 - 23:03
Et war einfach sou, dass dei meescht gemengt hun hier Foto wär schlecht wa se refuséiert ginn ass oder ähnlech, an aaner Fotoen si geholl ginn déi an hieren Aen net sou gutt waren. Dobäi sollt et just eng Usammlung sinn fir eis Visiteuren vu gudde Fotoen, net méi an net manner. Mee et huet kee Wärt wann emmer rem daat ganzt falsch verstan gëtt.

Mam Update kennt och e Remplacent, eppes waat mei relax a méi fair ass.
little-dreamers 29.10.2007 - 09:49
gudd gudd dat do...endlesch mol bessen mei rou bei den comments.
ech freen mech och tonnen vill op den updatebigsmile gett den glanz cool
-Laurent- 29.10.2007 - 18:54
trauresch, dann muss ech lo mat der photographie ophaalen, mein liewensziel war ett dach eng topfoto ze hun bei photogen.lu unhappy
Johny 29.10.2007 - 20:21
cool
-Laurent- 31.10.2007 - 11:46
wou kritt een den geilen brell do ? ....
Johny 31.10.2007 - 17:22
Da klick mol op Smileys hei wanns de e Kommentar schreifs ... smile
-Laurent- 01.11.2007 - 13:22
stramm cool
annemie 29.10.2007 - 23:39
Endlech *ggg* closed_eye
Deen Update gett bestemt nach besser wei mer all denken closed_eye *dumdidum*
Ech hu scho LAANG net mei gefrot: wei wait bass de? muaaahaaa
no no...keen Stress smile
cheers
Johny 30.10.2007 - 11:44
Naja ob en fir ierch esou mega gëtt wees ech net bigsmile

Bis lo si Saachen wei Wallpaper, Tutorials etc ugepasst un den neien Design, Kommentarer bei Fotoen funktioneiren genee tselwecht wei hei am Blog, Usergalerie Administratioun ass komplett nei an bal ganz fäerdeg.
Eng Foto kucken ass och lo bessi aanescht opgebaut ... smile
KRUSTY 30.10.2007 - 15:34
Schued et war awer Motiveierend sech drun ze gin vier and d´topfotoen ze kommen, war o mein Ziel :0(
Johny 30.10.2007 - 19:28
Wa just daat d'Ziel war, hätt een zwar besser sech Froen ze stellen... Et sollt jo emmerhin nie eng Art Belounung sinn.
KRUSTY 16.11.2007 - 14:46
Nee keng Belounung net mee du bas bestemmt och frou wannsde deng Foto gud fens an aaner Leit daat och fannen uder net?
Kwitchibo 30.10.2007 - 20:45
Gléckwonsch, deng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
spako 31.10.2007 - 13:32
closed_eye
Johny 04.11.2007 - 22:22
Soumat hun also ech dei läscht Topfoto, net de MarcGerard, hahaha closed_eye
MarcGerard 04.11.2007 - 23:38
naja, dat loosse mer nach engkéier esou just duechgoen smile
ner
??
?
hal op!!!! :D
stfu what the fuck means WTF ???


besser??? :D
stfu
rischt
s
chn00b gin ech zou smile :( :P

an du bass een nerd :D

nee just e freak

:Dloerlflmcerklg!vntwefjk oiwuaenresrkljävjiöaäh :dDlaknv iiihiihiihih



screensharing rockt :D rochen :D

http://www.apple.com/macosx/features/ichat.html

let's roch :D roch'n roll smile

Kwitchibo 08.11.2007 - 21:49
closed_eye