Header
Staumeeting
(04.09.2007 - 15:32)
Läscht Joër war eise Staumeeting ganz flott ginn, dofir wollte mer daat dëst Joër genee sou widderhuelen. Mer hun eis entscheed fir den 8. September. E steet elo schonn bessen méi laang am Forum an bei de Meetings, an ech wollt awer nach et als Neiegkeet durchginn fir déi Leit déi en nach net entdeckt hun.

Méi Infos zum Meeting selwer fannt der hei:
http://www.photogen.lu/?page=showmeeting&id=46




Also et sinn e puer Leit déi mussen drun denken hier Suen fir T-Shirten mattzebréngen dann,an eis Stickeren ginn och do verdeelt. Ech brénge se all matt dohinn. Bréngt w.e.g. Mënz matt fir se ze bezuelen.


Fir méi iwwert T-Shirten gewuer ze ginn, liest hei:
http://blog.photogen.lu/?newsid=66
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Kwitchibo 04.09.2007 - 15:53
Daat get immens flott fir dei wou do sin...closed_eye
SteveM 04.09.2007 - 19:14
Hallo,
wollt mol nofroen ob t-Shirten och do verdeelt gin oder nemmen Stickeren.
Merci am viraus
Johny 04.09.2007 - 20:55
Just d'Stickeren, T-shirten ass deadline mol reischt de 15. September fir ze bezuelen, durno gi se gedrockt an dann schreiwen ech och dofir nach eng Kéier news smile
klex 05.09.2007 - 00:23
D'bréngt zwa lo kengem eppes wann ech heihinner schreiwen dat ech net do sin, mee ech wollt Ierch awer all vill Spass wenschen smile
Johny 05.09.2007 - 04:23
Da soen ech mol am Numm vun denen dei herno do sinn, merci closed_eye

schued dass de net kanns do sinn.
annemie 05.09.2007 - 23:44
Leeeeeeeeeeeeex, wei du bass net do?!?!!!! TZE!
Hmm...ech verzeien der (aawer nemen su just ne closed_eye