Header
Nikon bréngt D300 an D3
(23.08.2007 - 15:22)
Knaps huet Canon eng nei semi-pro Kamera firgestallt an eng Pro, zitt Nikon no. d'Nikon D300 kennt als Nofolger vun der D200, huet also net eosu laang op sech waarde gelooss wéi verschiddene gefuart haaten. An dann hu se et endlech gemaach, matt der D3 bréngt Nikon endlech eng Vollformat DSLR op de Maart.

Wichteg Neierungen bei der D300:
- 14bit Conversion
- neien Image prozessor
- Iso geet bis op 6400
- Neien AF-Sensor (51-Point, dofun 15 Kräizsensoren)
- HDMI video-ouput (zimlech staark fir en Foto-apparat)
- Neien 3" écran matt 922.000 Pixel
- Liveview
- 8fps max mam BG, 6fps ouni BG
- self-cleaning vum Tiefpassfilter

Ze kréien soll se am November sinn fir 1900 - 2000 € Fir all Detailer kuckt op dpreview:
http://www.dpreview.com/previews/nikond300



Detailer zur D3:
- Vollformat (!!!) 12.1 MP
- 14bit
- ISO normal bis 6400 an am boost bis zu 25600
- 9fps matt AF emmer rem astellen dertëscht oder 11 fps ouni dass den AF sehc matt verstellt
- Selwechten neien image prozessor wei bei der D300
- Och neien AF matt och 51 Punkten
- Dual Cf Slot
- 3" Display, 922.000 pixel
- Liveview
- HDMI output

Ze kréien ab November fir ongefeier 5200€. Fir weider Detailer:
http://www.dpreview.com/previews/nikond3



Dann hu se awer och nach eng Rei nei Objektiver firgestallt. dodrënner en 14-24 f2.8 den um neien FX Vollformat Sensor soll Asaz fannen an do den Wäitwénkel beräich oofdeckt. Dann als Ergänzung en 24-70 f2.8, och fir den FX Sensor. Déi zwee sollen och am november ze kréie sinn, Präisser stinn hei nach net fest.
http://www.dpreview.com/news/0708/07082311nikonafs...

Dann hu se nach 3 nei VR Lënsen bruecht am Tele-beräich, och fir D3 geduecht. 400mm f2.8, 500mm f4 an 600mm f4. sollen och am November ze kréie sinn, Präis steet och hei nach net fest.
http://www.dpreview.com/news/0708/07082310nikonsup...
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Mika 23.08.2007 - 15:26
Wah Johny, daat do nennen ech Service smile wollt lo grad hei rakucken, well ech lo gesinn hunn, waat Nikon op de Maert bruecht huet...an schwupps steet dee ganze Resumee hei op Letzebuergesch tongue Puuh, daat do sinn geil Maschinnen...an endlech eng Vollformat cool
Johny 23.08.2007 - 15:27
Lex, et ass en 23. !!! bigsmile

Also ech muss scho soen, Respekt Nikon. Wann elo dei zwou sou weineg Räuschen wei d'Canon et maachen -> top.
klex 23.08.2007 - 20:24
eh oui smile
Kwitchibo 23.08.2007 - 15:34
OHHHYEAH weini as Xmas !!!
daat as dach einfach nemmen top daat do ech well alles hihihihihismile
Jefferson 23.08.2007 - 19:11
ech och
the_zipper 23.08.2007 - 15:48
Majo dann ass den Kampf jo erem op ween dann lo dei besser hierstellt smile

Erem gudd Fudder vir Zeitungen an Fanatiker vun den eenzelnen Marqu'en
Johny 24.08.2007 - 06:33
Nee am fong net, well eigentlech hun all Boitier'en vun Canon an Nikon awer eng aner Zielgrupp bessen. Et ass am fong:

D40>400D>D80>40D>D300>5D>1DMIII>D3>1DsMIII

(All dei matt D ufänken sin Nikon). Canon huet eben z.B. e grousst Lach tëscht 40D an 5D, an genee do ass D300. Mee genee sou e Lach huet Nikon tëscht D80 an D300 ...
mmphotos 24.08.2007 - 08:37
Mat denger opzielung hei sin ech net sou honnertpro afferstaanenclosed_eye

1.D200 Bleiwt nach um marche, D300 get einfach een neien Modele driwwer, also as schon eps änleches wei d'40D do, op 5D lo wirklech souvill besser as wei D200/D300 wees ech och net wirklech, ok den capteur as effektiv besser, mee daat as menger meenung no awer och daat eenzecht nee?
Johny 24.08.2007 - 14:17
Jo wann een lo matt arechent dass D200 nach bleift da muss ee se bal gläich stelle matt der 40D, daat stëmmt!

D'5D huet net just de Virdeel vum Vollformat mee se ass bekannt fir immens wéinegt räuschen, d.h. vill AL-Fotografie. Daat ass och Gold wäert, an an dem Beräich kann ee se nach net vergläichen matt der D300 smile
mmphotos 24.08.2007 - 18:33
Jo bon d'rauschen as jo weinst dm capteur, daat war mat do aberechent
Johny 26.08.2007 - 14:53
Daat kanns de net matt aberechnen wells de eben nach net wees wei dei nei Apparater räuschen.

En plus geif ech Vollformat trotzdem emmer Crop firzéien (wei och muench anerer), och wann aner Saachen vleit besser sinn (lo bezunn op de Verglach 5D - D300) Well vun der Technik ass selbstverständlech D300 besser smile Wa Canon der 5D daat geif ginn waat D300 hätt, geif se allerdings Konkurenz duerstellen fir hier eegen 1D Modeller, waat kee Sënn géif erginn.
JuZi 28.08.2007 - 03:44
Kanns de jo dann eng D200 kaafen, fleicht verkaafen ech jo eng...
awer Recht hues de, dei Lächer sinn do, awer wahrscheinlech och duerch den Prais bedingt
gloda 23.08.2007 - 15:53
400mm 2.8? Hun se schon eng VR Versioun dovun oder iwwerloossen se dat ganz Canon?
D'ass jo mol gudd dass Canon sech net all ze laang op séngen Loorbeeren raschten kann. Den Shutter vun der D3 as jo mol anstänneg mat 300.000 Zyklen, den virtuellen Horizont kéint Photogen revoluzionéieren (wann den Fotoapparat schon seet: "Déi kippt"closed_eye. Ech weess zwar net wat ech vum Video Output halen soll. Iergendwéi stëmmt dat dach net mat der Zielgrupp iwwerteneen?
Johny 23.08.2007 - 23:36
Ech hun dach am Text geschriwwen "Dann hu se nach 3 nei VR Lënsen bruecht" ... bigsmile
TomEwert 23.08.2007 - 16:50
boooaah ey closed_eyebigsmile...kann et grad net aanescht ausdrecken. Eng wahnsinns machine ...an endlech vollformat sensor och bei nikon. Awer éierlech gesot ...onerschwenglech am moment closed_eye)) ...awer daat mat der D300 geet mri deck op den kéis ... hun mir virun en puer méint reicht meng eegen D200 kaaf an elo kommen déi saeck schons mat der D300 fir 400 euro méi closed_eyebigsmile ... mais bon ...that's life ...elo wees ech wéi d'leit sech vun canon gefillt hun fir der eos 350D wéi d'400D erauskomm ass.
patrickr 23.08.2007 - 18:54
(geläscht)
Johny 24.08.2007 - 06:30
Et ass zwar relativ praktesch, dass se dei al DX Objektiver och notze kënnen. Natirlech keeft ee sech keng D3 fir nemmen DX dann ze hun, mee als Iwwergang ganz praktesch, fir net mussen all d'Suen mateneen äuszeginn. Op sou Kengegkeeten kënnt Canon mol net, denen hier EF-S Lënsen loosse sech just op de Crop-cams montéiren an méi net.
-Laurent- 23.08.2007 - 19:02
Dei beis geruechter dadd nikon net faehesch wier vollformat ze bauen sin also zersteiert gin cool dei kleng chinesen am canon propagandacentrum kreien der also lo opt patten, eiei schued dadd een lo rem 6 meint keng fotoszeitungen kaafen kann well nemmen schrott dran steht unhappy "Beste camera der Welt" blabalaba ...
Rolacro 23.08.2007 - 20:50
Ha, dat wusst ech awer! Also D300 waer greistendeels wei D200 sin, mat en puer techneschen verbesserungen... soss net vill lass... Bis lo wussten se net op se als D300 oder D200x geif kommen...
Johny 23.08.2007 - 23:38
Also dei Saach mam AF fannen ech mei wei just eng kleng Verbesserung, an 14bit ass och en grousse Schratt och wann daat sech fir di meescht net sou unhéiert (wann een am jpeg fotograféiert huet ee sws näicht dofun closed_eye)
fps sinn och an d'Luut gaang, och ganz secher interessant fir vill Leit an dem Beräich.

Ech fanne se tonneweis mei interessant wei d'40D vu Canon ... Ka mer awer net leeschten ze switchen smile
Rolacro 24.08.2007 - 15:05
Asou... waat fenns du dann do besser? also ka obs du besser mengs... ("mei intressant... closed_eye) Ass secherlech eng gei lmachin, an wann een kuckt wei gudd d'D200 ass, kann een sech schon freen smile
Johny 25.08.2007 - 00:08
Ma den AF, de Sucher, an d'Ergnomie mam BG zesummen, alles TONNEWEIS besser wei bei Canon bigsmile
yoshi 23.08.2007 - 20:56
ISO 25600...? an do solls de nach normal farwpixelen am bild hun? tongue
Johny 23.08.2007 - 23:39
Jo op Tester domat sinn ech och scho gespaant smile
klex 27.08.2007 - 00:34
Bis Iso 6400 an och drenner anscheinend besser wi 1DmkIII (daat kennt net vu Nikon mee Leit di se konten testen). Daat wär effektiv gudd, well su wéineg Räuschen di bei där Canon hun ech nach bei kenger aanerer gesinn... bon, mol kucken wini di richteg Tester dobausse sin, mee wär obschiddefall flott wann daat géif stemmen.

(Update 1mount drop: d'stemmt jo taatsächlech bigsmile )
Rolacro 24.08.2007 - 15:26
Boah! ISO 25600!? dat hunn ech lo riicht gelies... huet een dann do net nemmen na iertsen um bild vun rauschen!?
ApplEric 26.08.2007 - 02:42
Hui, se grad aus der Schweiz rem, wou ech keen I-net haat!
Dat do se jo wonnerbar Neiegkeeten! Wat geilt Geschier... Hätt ee lo nach gudd d'Suen... smile
sanitel 26.08.2007 - 13:04
effektiv, duerchaus interssant, an bestemmt och ander praxis immens gudd!

Mee ob ech daat och ausnotzen, bezw, fäheg wier, domadd och zu enger gudder Foto eppes em ze setzen, bezweifelen ech bigsmile