Header
Canon stellt nei Apparater an Objektiver fier
(20.08.2007 - 14:49)
Nodem gëschter Amazon schonn kuerz d'Säit vun der Canon EOS 40D online haat, an se no 2 Stonnen rem rofgeholl ginn ass, huet Canon haut se dann awer selwer bestätegt an firgestallt. Se stellt den Nofolger vun der 30D duer, an et gëtt an Foren schonn éiweg spekuléiert waat se alles soll/misst hunn.


(Source: canon.de)

Hei sinn dei wichtegst Neierungen am Iwwerbléck:
- 10.1MP
- Self-cleaning wéi bei der 400D
- Méi groussen Sucher
- 9 AF Punkten sinn elo alleguer Kräizsensoren
- 3.0" écran matt Liveview Funktioun
- AF an der Liveview funktioun (war bei der 1D Mark III nach net esou)
- Digic III Prozessor
- 6.5 Biller pro Sekonn, 17 RAW hannerdeneen
- Vun ISO 200 un huet se eng Funktioun fir dass iwwerbeiichten Deeler rotzdem méi Detailer kréien
- 14bit Faarwkanal
- äustäuschbar Mattscheiwen, et kritt een do zwou anerer: matt Gitter fir Architekturfotoen an eng wou et mei onkloer ass, Canon selwer seet "manuelle Fokussierung bei Makro- und Portraitaufnahmen".
- Se ass elo oofgedicht bei den Deckelen, mee net op de Knäppecher.
- ISO gëtt permanent am Sucher ageblend

Se soll fir 1299€ vun Oktober un ze kréie sinn.




Dann hu se nach d'1Ds Mark III firgestallt. Dës huet elo 21 Megapixel (!) Se späichert hier Bilddaten matt iwwer 100MB, an zwar als onkompriméiert TIFF, mat 16bit.
Vu dass dëse Modell wuel fir déi manst hei wärt interessant sinn schreiwen ech lo kee résumé iwwert dei wichteg nei Saachen, weider ënnen fannt der de Link fir bei Canon d'Saachen selwer durchzeliesen. Ze kafe kritt ee se vum Dezember un, fir ongefeier 8200€




Nei Obkektiver sinn och firgestallt ginn:

- EF-S 18-55 3.5-5.6 IS. Den bis elo sou bekanntnen Kit, matt Bildstabilisator. Wéi et op de Fotoen äusgesäit huet en och eng besser Verarbechtung. Präis: 199€

(Source: canon.de)

- EF-S 55-250 4-5.6 IS. Hei hu se op 250mm verlängert, esou en Brennwäiteberäich haat Canon bis elo nach net a senger Rei. Präis: 299€


- EF 14mm f2.8 II USM. En neie Wäitwénkel äus der L-serie.



================
Hei nach d'Links bei Canon selwer:
http://www.canon.de/About_Us/News/Consumer_Release...
http://www.canon.de/about_us/news/consumer_release...
http://www.canon.de/about_us/news/consumer_release...

An hei nach den dpreview:
http://www.dpreview.com/previews/canoneos40d
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
klex 20.08.2007 - 15:22
Schönschön smile lo muss Nikon jo baal konteren... an hoffentlech geschwenn smile
Kwitchibo 20.08.2007 - 20:04
smile
mmphotos 21.08.2007 - 19:38
Next wochclosed_eye oder enn deser wochclosed_eye
klex 21.08.2007 - 20:10
jo, oder iwwernext woch smile oder fläit di drop... oder kleeseschersdaag smile da kann een se fir kreschdaag verschenken smile
Johny 21.08.2007 - 22:20
23.12 geif der jo dann passen closed_eye
gloda 20.08.2007 - 17:15
Jop, Konkurrenz beliewt den Marché. Ech fir mäin Deel freen mech schon op mäin neien Fotoapparat. Mee dat wäert wuel réischt Krëschtdag sin, hun keng Loscht den exorbitanten engleschen Präis dofir ze bezuelen.
the_zipper 20.08.2007 - 22:10
Flott flott mech interesseieren haaptsächlech objektiver well ech hun eng 400D reicht kaaf mengen daat brauch nach bis ech mer eng nei kamera kaafen smile

Hoffe mer alt dass dei "Kit" télé'en besser an der bildqualiteit ginn wei se bis elo waren!

Ass den preis vum weitwenkel net bekannt?
Johny 20.08.2007 - 22:13
De Präis vum 14mm? ongefeier 2000€ smile
klex 21.08.2007 - 02:20
ech mengen hien mengt den 18-55 closed_eye
Johny 21.08.2007 - 10:50
Dee Präis steet uewen dofir duecht ech eben dass en grad net dee mengt smile
the_zipper 21.08.2007 - 16:47
nee haat och den 14mm gemengt closed_eye mee dann wees ech lo schon mol rem en weidert objektiv waat ech mer net wert kaafen tongue
klex 21.08.2007 - 20:07
ah ok sorry :-S
Johny 21.08.2007 - 22:20
Lol jo leider. Obwuel fir eng Crop cam wir et och net souu interessant, op enger 5D awer ... uiuiui.
Mika 20.08.2007 - 23:20
Eigentlech sinn ech jo net direkt domadder betraff (ausser lo villeicht, dass Nikon noleet), mee fannen dee Service vum Johny ganz flott smile wannste daat net op PG veroeffentlecht haes, haet ech reischt an e puer Meint gecheckt, dassen nei Kameraen vun Canon um Marche sinn...smile
Johny 21.08.2007 - 00:45
Majo mer maachen lo mei oft sou Neiegkeeten smile
-Laurent- 20.08.2007 - 23:54
also den upgrade do gefaellt mer besser wei den vun der 20 op 30d smile
mei groussen sucher ass daat flottst an mengen aan, sin mer mol gespaant.
Johny 21.08.2007 - 22:19
De Sucher an dei permanent Iso-Anzeig am Sucher. Plus nach auswiesselbar Mattscheiwen. Scho komesch dass keng technesch Erneierungen grad dei Features sinn dei de Leit am beschte gefalen bigsmile An all dei Saachen hu mer denen aneren Hiersteller ze verdanken, well sie sinn domat komm. Pentax an Nikon hu grouss Sucher, Nikon huet ablendbar Gitterraster ... Mee och di aner Saachen kommen vun aneren Hiersteller. self-cleaning ass jo z.B. och net vun Canon erfonnt gi genee sou weineg wei den Live-view smile

Wann Canon wëll, dann kënne se, mee se mussen als eischt vun der Konkurenz derzou gezwonge ginn.
Rolacro 21.08.2007 - 18:36
Boah! Lo wees ech waat ech mer kaafen, fals ech meng façade uschtreichen weilt... eng 1Ds...:p
Also, wann een d'1D MkIII hellt, dei ass schon momentan dei bescht um Marché, dei geet schon messeg duer! Also, ech geif mech mol domat zefridde stellen...bigsmile
Super Johny! Merci!
Johny 21.08.2007 - 22:17
1D Mark III an 1Ds Mark III hun zwou ganz verschidden Zielgruppen, däin Kommentar klengt awer liicht no engem Verglach closed_eye (weiwann 1D Mark III manner gutt wir)
klex 21.08.2007 - 23:11
kloer, si huet manner pixxelen!
Johny 22.08.2007 - 15:59
Jo kloerbigsmile mee lo so net du geifs just op Pixele kucken closed_eye Lo abeemol smile

Ech soe just, 10fps.
-Laurent- 22.08.2007 - 17:57
also wirklech jidereen wees dach dadd dei 12 mega pixel compaktcamen alles an d taesch stiechen ... mei pixel wei eng 40d, an mei kompakt wei eng d200 .... waat well een do mei ....
klex 22.08.2007 - 19:15
Jo, an 30fps! Johny, hoffen daat firdrun hues de mer net gegleewt... ech wär jo fläit dee falschen daat ze behaapten closed_eye
Johny 22.08.2007 - 23:33
Nee hun ech och net, soss hätt ech net 3 menger Smiley'en an mäi Kommentar geschriwwen! closed_eye
Rolacro 23.08.2007 - 20:52
So ey, maat ierch jo net iwert mech leschteg! Dat war natierlech KEEN verglach! Just mam prais... An natierlech ass et senloos eng 1Ds fir loos mer soen "normal" photographie. Mei pixlen huet net emmer virdeeler
-Laurent- 23.08.2007 - 23:38
huet dach keen den geck mat dir gemeet, ass nemmen bessen gebloedels closed_eye

war nemmen op d megapixelgeilheet vun den menschen bezun
Johny 24.08.2007 - 06:28
Genau (wei de Laurent soot), ass am fong just well d'Leit sou oft just op d'MP kucken.
Rolacro 24.08.2007 - 15:09
Muahaha bigsmile megapixelgailheet! Ok... haat geduet bessen ironie/moquerie do gesin ze missen tongueDat stemmt!
mmphotos 24.08.2007 - 23:22
schaffen am moment am Fotocenter, do geseit een effektiv d'megapixelgailheet vun den leitclosed_eye as sou geil daatclosed_eye
mmphotos 21.08.2007 - 19:40
Mark * Ds waert emt dei 7500 bei eis sin.
alma 28.08.2007 - 15:50
daat klengt jo alles net schlecht bie der 40D
mee, mol einfach sou eng fro.
wei ass et mat den EF-S objektiver bei der 30D an der 40D fonktioneieren dei op deenen apparaten?
ploro 29.08.2007 - 04:25
klaro ass jo emmer nach x1,6 bei der 30D an dem rescht vun der serie