Header
PG T-Shirten reservéieren !
(09.08.2007 - 01:06)
Schonn läscht Joër war d'Idee komm fier T-Shirten, réaliséieren wollte mer et och mee do war bessen vill schief gaang, soudass mer lo rem probéiert hun daat ganzt opzegräifen. Mer loossen elo T-Shirten um Kräizbierg zu Diddeléng maachen.

Fir daat ganzt elo ze organiséieren, maachen mer et esou: Déi déi en T-Shirt wëllen, schécken eng E-Mail op t-shirt@photogen.lu, matt all Donnéen drann déi mer dofir bräuchen. (waat genee schreiwen ech nach bessen méi wäit ënnendrenner hei). Dann musst der bis den 15. September d'Suen iwwerwisen hun op de Compte den ech och nach hei uginn, well mir kënnen net alles firbezuelen, souvill Suen hu mer net. Alternativ kënnt dir mer d'Suen och nach um Staumeeting ginn den jo nach eng Woch firun der Deadline ass. Déi déi en T-Shirt reservéiert hun kréien en och ganz secher. Mer wäerten se dann verdeelen an Form vun engem Meeting oder sou, daat gesi mer dann wann et sou wäit ass.

Mer loossen zwou verschidden Zorten T-Shirten maachen, dei eng sinn ganz schwaarz an hun wäissen Drock, déi aner sin wäiss mee schwaarz Ärm, an den Drock ass schwaarz. Hannen um Shirt ass einfach just de Logo vu Photogen, an fir ass en och drop, op der lénkser Broscht (vun fir gekuckt also riets), am kléngen. Als Supplément kann een sech den Nick och nach drop maachen loossen ënnert de Logo op der fiischter Säit.


Lo dann d'Präisser:
Normalen T-Shirt kascht 15€, matt Nick 17€.

Dir musst elo folgendes uginn an der E-Mail déi dir schreiwt:
- ären ganzen Numm an ären Nick, ganz wichteg fir eis d'Arbecht vill méi einfach ze maachen
- Wéieen Modell vun T-Shirt (ganz schwaarz oder wäiss matt schwaarz)
- Wéieng Gréisst (Déi Standard Gréissten, S - XXL)
- Wann der méi wéi een Shirt wëllt, kënnt der daat och matt uginn
- Ob dir ären Nick och wëllt matt drop hun oder net.



An dann bis den 15. September iwwerweist dir d'Suen fir den T-Shirt op folgende Compte:

Johny Goerend
LU02 0090 0000 0062 2415
op der CCRA (Raiffeisen)
Als Communicatioun einfach PG TShirt w.e.g.

oder mir d'Suen um Staumeeting ginn als Alternativ.


Soubal mir d'Suen hun, ass d'Reservéirung endgülteg. Schéckt dir just eng E-Mail ouni d'Suen ze iwwerweisen, kënne mer se leider net unhuelen. Reservéirungen per PM un mech oder en aneren Admin gëllen och net, et muss op d'EMail t-shirt@photogen.lu sinn.


Hei ass nach e Beispill-bild, mee just um Computer gemaach. Den Schrëftzuch wirkt riets (hannendrop) vläicht bessen niddreg mee a Wirklechkeet muss en sou niddreg sinn soss huet een en am Genéck hänken :)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
annemie 09.08.2007 - 01:22
Yoh let's get started!!! bigsmile
Also meng mail ass weg cool closed_eye
gloda 09.08.2007 - 12:45
Ah tiptop, mat dem Beispillbild kann een sech richteg eppes drënner virstellen.
little-dreamers 09.08.2007 - 12:52
uhla cool endleschbigsmile meng mail geht och haut nach fort an dann gett gerockt dobaussenbigsmile
TomEwert 09.08.2007 - 17:33
daat ass cool closed_eye maja ...ech waert och dei naechsten deg bestellen closed_eye
LaaChkiChelChen 09.08.2007 - 18:47
meng mail as och weg tongue
Johny 09.08.2007 - 22:44
Ech bestätegen all E-mail, fir dass der secher sidd dass ech se och kritt hun an opgeschriwwen. Daat kann awer heinsto bessen daueren also net panikéieren wann no 2 Stonnen keng Äntwert komm ass closed_eye

Ahjo an wann der nach Stickeren wëllt, an d'EMail schreiwen oder hei am Forum uginn:
http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=789
annemie 10.08.2007 - 18:10
Rebonjour.
Johny... nach eemol fir déi ganz lues: mat den Stickeren: gëlt daat am forum oder soll een der do och eng extra mail schécken fir dass de deng Lëscht kanns maachen?

An dann hun ech nach eng klitzekleng froo...: sin di grouss (schwarz) schon all weg? sceptical
Johny 10.08.2007 - 22:19
Daat matt de Stickeren geet am Forum duer, dei Leit hun ech schonn all opgeschriwwen closed_eye

Schwaarzer sinn nach 3 do wann ech mech net ieren.
crici 11.08.2007 - 13:56
Ech fannen dat mat den T-schirten mega coll, muss mol mein Papp froen op ech mer een kaafen dirf.
Johny 14.08.2007 - 02:42
Ech schecken och nach eng EMail un déi Leit dei d'Suen iwwerwisen hun, wa se ukomm sinn, als Bestätegung.
SteveM 14.08.2007 - 12:19
Hallo,
Tiptop Idee daat ganz. T-Shirt as well bestallt. Freen mech drop.