Header
Newsblog geet online
(08.08.2007 - 03:13)
Als éischten Deel vum Photogen Update dee kennt, geet haut den Newsblog online. Et ass, wéi den Numm et scho seet, en Blog den extra gemaach ass fir Neiegkeeten ze veröffentlëchen.

D'Faarwen sinn secher ongewinnt, verglach mam Haapt-site vun PG, awer daat sinn dei Faarwen déi och beim Update matt drann firkommen.

D'Kommentarer ginn och aanescht ugewisen, passend zum Design vum Newsblog. Wann een elo en Kommentar schreiwt um Blog, dann gëtt och net méi déi ganz Säit nei gelueden, de Kommentar kennt einfach direkt bäi. Genee sou geet d'éditéieren vun Kommentarer, d'Säit lued net nei, et geet vill méi séier an userfrëndlech.

Sichen kënnt der och an den Titelen vun den Neiegkeeten, direkt op http://blog.photogen.lu, an och hei gëtt Live geupdate, also keen Reload vun der Säit néideg.

Waat nach bäikomm ass, sinn d'Smileyen an de Kommentarer. Déi ginn och am Moment just um Newsblog an herno um ganze Site. Ech hun déi selwer entwéckelt, also w.e.g. klaut se och net :) An et ginn der nie mei ugewisen wei eng gewessen Zuel, well mer et jo net iwwerdreiwe wëllen ...

Links ginn an ärer Kommentarer do och automatesch erkannt, d.h. dir bräucht net méi ierch matt den [] remzeploën fir en Link anzesetzen. Just copy-paste an en gëtt och verlinkt am Kommentar. Och dëse Feature awer am Moment just um Newsblog...


Ech hoffen daat weist dass awer bessen eppes geschitt, an dass ech net just soën de Site géif sech weiderentwéckelen, an ech hoffen dass den Newsblog ierch gefällt.

Et wäerten dann och méi oft Neiegkeeten elo kommen, och méi allgemenger fier ierch am ganzen Beräich vun der Fotografie an alles waat domat ze dinn huet, op engem méi aktuellem Stand ze halen.


Vill Spass dann wënschen ech, an Meenungen sinn ëmmer wëllkomm!
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
annemie 08.08.2007 - 03:41
Wéi schonn gesoot, mer gefällt den neien Blog smile
Flotten Design, an deng Erklärungen klengen och intressant (mee ech hun daat nach net alles getest, nä!). Mee wou sin dann deng nei erfonten smileyen dei een hei abauen kann? *pinsch*
Ech free'en mech schon op de Recht vum update bigsmile
Sou....daat woar fir elo mool alles waat ech ze soen hun.

[daat mam edit ass cool...daat geet jo ratzfatz!!lol]
Mika 08.08.2007 - 03:56
Ah, ganz flott dee Blog hei! Mir gefellt et och, d'Faarwen sinn tiptop, d'ass agreabel, an och ech freen mech op de Recht vum Update smile
Johny 08.08.2007 - 04:17
Sou lo kënnt der och eng Lëscht vun de Smiley'e gesinn wann der op den Link "Smileys" klickt den an de Klammeren steet hannert Formatéirungscode. cool
alma 08.08.2007 - 07:30
dei nei faarwen vum site gefahlen mir
an freen mech schon op den rescht
MarcGerard 08.08.2007 - 08:47

rock on!
Paukl 08.08.2007 - 09:32
Respekt Johny
Den Layout an d'Faarwen sin vill besser gin. Freen mech ob de Recht
Ray 08.08.2007 - 10:51
gesait jo mol gurr net schlecht aus all Respeckt
Ray
little-dreamers 08.08.2007 - 12:07
uhla =D wei gäil ass dat ?? en dreifachen hipp-hipp vir eisen Johny =D

edit 19:33:

dei schengt io och gudd ze goen
Masterpii 08.08.2007 - 12:25
Cool!! Mir gefällt et sou. cool
tinchen 08.08.2007 - 12:26
hui..daat gesäit wieklech extrem schick aus smile
ech wua am ufank ebessen skeptech wéint den däischeren faarwen, mee ech muss soen et gesäit vill besser au wéi ech geduert hun surprised
ech freen mech schon op den räscht vun update smile
ChLo 08.08.2007 - 12:54
daat as richteg cool gin cool
Johny 08.08.2007 - 14:15
Majo schéngt jo relativ gutt unzekommen, daat freet mech natirlech smile (all déi déi lo eppes scho geschriwwen hun kënnen jo dann nach d'Edit-Funktioun direkt testen closed_eye)
sanitel 08.08.2007 - 14:45
nja....ongewinnt, awer secherlech net méi shclecht!
patty 08.08.2007 - 15:42
majo ech fannen et och ganz flott eng kleng oofwiesselung cool
p.s. d'smilien gefahlen mer super gudd!!!
closed_eye
BlackPanther 08.08.2007 - 17:13
harhar!hun mech schons gefroot waat daat fir eng komesch schreft do op da startsait wier...cool (<-get daat o en smiley?:p)
dFaarwen sen weisde sees gewöhnungsbedürftsch mee steiren mech awa nik...endlich mol epps naitz!! bigsmile
good job! closed_eye
elmuzo 08.08.2007 - 17:48
Dat doten ass Balsam fir meng schwuarz Séil. En Hut voller Luef fir eis Administratooren. closed_eye
Neckel 08.08.2007 - 17:59
cool Doll smile

Ass awa gutt gin ?! ... Och mat den Avataren, Johny gefällt mer sou !

closed_eye
the_zipper 08.08.2007 - 18:51
Majo dann warde mer mol op den rescht gefällt mer sou vun den farwen schon vill besser wei dei am moment ass awer och vielleicht well een einfach zevill dervunner huet bigsmile
pa 08.08.2007 - 19:54
An zack steet en schon an der Blogbuerg! closed_eye
CHAREL 08.08.2007 - 20:31
smile :bigsmile: ;) cool :O :P :( :confused: devil :-/ o0 >)

Smileyn funkioneieren all;)oder och net:( maan ech eps falsch?
tinchen 08.08.2007 - 21:11
bigsmile closed_eye surprised :P :( :confused: :-/ oO

"An et ginn der nie mei ugewisen wei eng gewessen Zuel, well mer et jo net iwwerdreiwe wëllen ..."
kann et sin dass da emmer nemmen 3 ugewisen gin?
Johny 08.08.2007 - 22:10
Et ass komplizéiert ze erklären ... Wei de Kwitchibo mam schlechte Beispill fir gaang ass(devil ), di selwecht Smiley'en gi leider all emgwandelt, wann et verschiddener sinn dann just 3 max smile
tinchen 08.08.2007 - 22:43
ah okay smile
Kwitchibo 08.08.2007 - 20:34
"tongue ", "tongue", "tongue", "tongue", "tongue", "tongue", "tongue"
Johny 08.08.2007 - 23:11
Ech hun elo gemirkt dass et oft laang gebräucht huet fir ze lueden hei, wann een e Comment geschriwwen huet etc ... Daat misst elo och dann awer rem méi séier goën an net 10s daueren.
pa 08.08.2007 - 23:15
Klénge Bug: de Link op d'Usersäit (am Link vum Bild) geet net. Do gëtt de falschen Subdomain benotzt.
Johny 08.08.2007 - 23:22
Quatsch, geet dach ... closed_eye

Merci, hun et direkt verbessert.
gloda 08.08.2007 - 23:43
Flott, dann deet sech jo eppes. Wat ech vum Layout halen kann ech nach net sou richteg soen well ech mer nach net virstellen kann wéi d'Galerien sech do wärten areien. D'Faarwen sin ok, mee ech hätt léiwer wann d'Wärter fir normalen Text an d'Links vertosch wieren, b7b7b7 as mer dann awer net kontrasträich genuch par rapport zum Hannergrond.
Johny 08.08.2007 - 23:56
De Problem ass wann wirklech all Text sou ass, kritt een ze séier d'Aen wéi well de Kontrast ZE héich ass ... ass mol meng Meenung an meng Erfahrung smile An sou stiechen di hell Saachen méi räus, wei Titelen, Nicks an eben Links.

//EDIT: Hun probéiert d'Schrëft bessen mei hell ze maachen ... mee net grad sou hell wei d'Links
LaaChkiChelChen 08.08.2007 - 23:45
Daat geseit hei jo wirklech mol net schlecht aus smile
Just die Delfinen uewen beim Logo gefaalen mer net sou, mais joa stin net sou op dei deieren... mais egal smile et gewinnt een sech jo drun :P Gudd Arbescht bis lo JOhny bigsmile
Mano 09.08.2007 - 12:44
ech freen mech wierklech schon rieseg op den update vum haptsite wann ech dat hei gesin smile
*gespaant wei en prabbeli*
Fesch 09.08.2007 - 15:40
Net datt grad ech eppes géint Fesch hätt, mee déi blo Delphinen do uewen am Banner arennere mech awer staark un eng gewesse Partei ... oO

Fir de Rest: Bravo!
Johny 09.08.2007 - 15:45
Merde lo wees ech wisou verschidde Leit déi sou blöd fannen,bigsmile.
joellchen 09.08.2007 - 16:34
schick schick smile
geseit scho mol flott aus. waat sech net alles hei verännert huet seitdeem ech netmei online waar cool
Knipser 10.08.2007 - 07:24
Ech hat jo mol geschriwen ech gif ennerungen hei um Site färten, well eppes wat esou flott as soll een net enneren well de Risk besteht et ze verschlechteren. Ma et deet mer let dass ech un Dir gezweiwelt hun, well dat do as jo schon mol super gin, an ech fréen mech schon op de Rescht. Et stemmt schon wann een stoen bleiwt geht een irgendwei zereck. Félizitation an weider esou.
Johny 10.08.2007 - 14:14
Ma daat freet mech ze liesen, merci smile
Jefferson 10.08.2007 - 11:36
yeah beis bigsmile