Header
Oofstemmung vum Contest
(26.03.2007 - 01:26)
Gesin kennt dir all Fotoen hei:

http://www.photogen.lu/index.php?page=contest_view...

Wéi emmer, är 5 Favoriten wielen, an enger Woch dann gëtt d'Resultat publizéiert.

Denkt w.e.g. onbedingt drun dass dir sollt bewärten wen Thema vum Contest am beschten emgesat huet! An net weieng Foto ierch einfach am allgemengen besser gefällt...

D'Oofstemmung dauert eng Woch, also nächste Méinden um 1 Auer an der Nuecht ass zou, an am lafen Dag gëtt dann d'Resultat public gemaach.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
yoshi 26.03.2007 - 01:34
bonne chance un jidfereen closed_eye ech hu gevote
JADE 26.03.2007 - 01:59
hun och schon gevote ...

also meng 1. Plaaz ass ..................................................... eng kontrastesch
Maggele 26.03.2007 - 02:03

cool jade, dann hun ech déi selwecht wéis du bigsmile
Masterpii 26.03.2007 - 02:25
Ech hun mein absolute Favorit fonnt, daat get och meng nei Lieblingsfoto!!!! Sin puer ganz gudder dobei!!
gloda 26.03.2007 - 02:35
Abee jo! Do sin nawell flott Fotoen dobäi rauskomm.
patty 26.03.2007 - 08:38
hun och grad gevote sin wiekelech ganz flott fotoen dobai
dawnii 26.03.2007 - 09:58
Deelweis komesch Interpretatiounen...
patty 26.03.2007 - 10:55
weieng mengs de ennert deelweis?
gloda 26.03.2007 - 11:24
Ech weess net ob et fair as spezifesch Fotoen ze diskutéieren iert den Voting eriwwer as.
Masterpii 26.03.2007 - 13:46
Du hues vollkommen Recht!!
patty 26.03.2007 - 18:16
jop do hues de rescht
dawnii 27.03.2007 - 12:13
hun ech dofir net gemach smile
Johny 26.03.2007 - 14:17
Daat stemmt ganz wuel mee daat ass well dei eng et just wollten als Motiv matt an d'Bild brengen, also de Kontrast, anerer vläicht just als Message, an anerer iergendwei eng Mëschung vun denen zwee. Mee daat ass jo grad daat interessant un souengem Contest smile
Maggele 28.03.2007 - 22:19

wat jo coh 't ziel vun der übung as. ech fannen dass 't interpretatioune wéi den dawnii scho seet sin deelweis "intressant" ;D mee 't thema gouf eigendlech net verfehlt.
Kwitchibo 26.03.2007 - 11:49
vote as gemach...
Jefferson 26.03.2007 - 15:39
mein vote hun ech och oofgin
-Laurent- 26.03.2007 - 16:29
schick schued dadd ech meng Foto nach net gemeet hun cool
den konzept haat ech

mee ass flott mol een contest wou leit matgemeet hun smile
yoshi 26.03.2007 - 17:04
jo ass gudd dass der dest keier e puer matgema hun closed_eye
dann ma deng idee mol an lued se einfa sou rop, sin gespaant smile
joellchen 26.03.2007 - 16:37
ech hun o gevote, mol eng keier..
LaaChkiChelChen 26.03.2007 - 16:44
Mein vote as och lo dobei...
tinchen 26.03.2007 - 17:09
ma hun och mol gevote
annemie 26.03.2007 - 19:23
Et sinn zua wierklech cooler derbai smile
Neckel 26.03.2007 - 20:21
Flott Resultater ... hun och mol gevote tongue
little-dreamer 26.03.2007 - 23:17
hm...puer komesch saachen derbäi wu ech net mol den senn vun der foto/interpretatioun verstinn...=S kann awer och u mier leien ...
joellchen 27.03.2007 - 15:52
leit net un dir, hun dee probleem och closed_eye
little-dreamer 28.03.2007 - 11:56
dann sinn ech frou =S hätt schon geduecht ech hätt zu köln bessi ze vill kölsch aus reagänz-glieser gesüffelt smile mee dat ass io dann antscheinend net den fall cool
elmuzo 27.03.2007 - 09:56
Exzellent. Gevote a gespeichert bigsmile. Ech wënschen allen Bestreider vun desem ganz flotten Contest Vill Gléck...
BlackPanther 27.03.2007 - 14:28
hun o gevote...as nawell op den plaatzen 1-3 NET sou einfa geweescht...wierklech puer flott saachen drenner...
mee anrer fron ech mech WIERKLECH wisou een SOU eps an en CONTEST aschekkt!
ech selwer hun fill gesicht an weinesch font resultat:niks ageschekt...eps opbauen wollt ech nik...closed_eye
sen mol gespaat wi et ausgeet...cool
joellchen 27.03.2007 - 15:52
gin der vollkommen recht smile
sanitel 27.03.2007 - 20:59
MEINUNGSFREIHEIT bigsmile !!
Johny 27.03.2007 - 22:29
Du hues net onrecht, genee wei dei aner dei daat hei sooten mee daat ass wann een denkt "oh einfach mol mattmaachen, schueden kann et näicht" amplaz sech drunzeginn.

Ech well hei bemirken dass suguer 2 Fotoen nach net eng Keier vun iergend engem eng Plaz zougewise kruten, dobäi hun iwwer 40 Leit (schätzen ech) oofgestemmt bis lo. daat ass jo och net normal a bestätegt daat waats de sees just closed_eye
sanitel 27.03.2007 - 23:22
spéiztens e méinden gin mer et jja dan genau gewuer
Johny 27.03.2007 - 23:26
absolutely richtig closed_eye
krautheim 28.03.2007 - 01:49
Ech ka mech de Komentaren hei nemmen uschléissen, vill Biller entspriechen a mengen Aaen net wierklech dem Thema vum Contest. Trotzdem ass dat eent an dat aanert wierklech gelongen!
-Laurent- 30.03.2007 - 00:43
hmm ass awer zimlesch breed gefaechert daat thema sou direkt verstin ech nemmen een bild net unhappy
Johny 30.03.2007 - 12:55
Vu waat ech mei enttäuscht sinn ass dass esou weineg Leit d'Reegelen leisen zum Contest. 2 Fotoen hun ech geläscht well se och normal an d'Galerie eropgeluede gi sinn, obwuel an de Reegelen steet dass een näicht därf maan waat drop hiweist vu wem d'Foto ass, well d'Oofstemmung soll sou verlafen dass een eben net weesn wem seng Foto een bewärt, an eng Foto hun ech geläscht well se am November gemaach ginn ass. An eng do waarden ech nach op eng Äntwert vum Fotograf, wann dee sech net mellt bis e Méinden muss dem seng och geläscht ginn.

Ech geif ierch dach bieden dei all ze liesen an ze verstoen ... dei sinn net fir näicht do.
JADE 01.04.2007 - 19:59
hehe ... Kontrast-Foto-Winner minus 5 Stonnen

ech sin gespaant!!! ... smile))