Header
Singstar Owend desen Freiden (23.02)
(21.02.2007 - 21:02)
Majo well eisen eichten Singstar-owend sou een Hit wor, wellen mir daat ganzt widerhuelen!!

Daat ganzt fennt statt desen Freiden (23.02.2007) am Bus zu Diddeleng am Skatepark.

Daat ganzt geet um 21h un an dauert normalerweis bis deif an d'Nuecht eran. Et muss een awer net dauernd do sin wann een sech unmellt. Et dierf een kommen an goen wann een well. :)

Waat get do gema??
Ma ganz einfa nemmen an den Micro blären oder sangen, vir dei dei mengen se keinten daat ;)
Ausserdem well dach keen sech dei Gelegenheet entgoen loossen eis leif an nett PG-useren kennenleieren, oder? ;)

Daat ganzt fannt der bei den "Meetings" nach eng keier rem:
http://www.photogen.lu/index.php?page=showmeeting&id=30

Wann der kommen wellt, dann soot weg hei an engem Kommentar oder bei Meetings bescheet, do steet och eng Lescht dobai ween sech bis elo ugemellt huet.

Wann een mengt et wier ze speit vir sech unzemellen, keen Problem, dir kennt och onugemellt kommen, d'Umeldung ass just vir dass mir wessen weivill Leit ongefeier kommen werten.

Mir hoffen op eng grouss Resonanz an et bleiwt eis nemmen nach en scheinen Dag ze wenschen mat vill falschen Téin. ;)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
kanufla 21.02.2007 - 21:42
ech sin dobei!
gloda 22.02.2007 - 00:15
Wann der haart genuch blärt héieren ech ierch vläit dës säit vum Kanal smile
yoshi 22.02.2007 - 01:17
mir gin eis bäscht smile
kanufla 22.02.2007 - 11:10
WEI??? daat heescht du kenns net blären=?????
Kwitchibo 22.02.2007 - 12:32
dann blär mol ganz ganz ganz haart !smile
Olivier 22.02.2007 - 13:46
Mer braischten vlllt na een deen mikroen an CD matbrengt... ech kann se net mei mathuelen...
kanufla 22.02.2007 - 18:30
ech hun mol ROCKS (french version) an PARTY
keepsmilin 22.02.2007 - 16:55
hmmmm ass bessi wâit bis op diddleng closed_eye
Kwitchibo 22.02.2007 - 18:21
fir op Diddeleng as keen wee ze weit!! smile
klex 22.02.2007 - 18:25
also wu e recht huet... smile
gloda 22.02.2007 - 19:05
Héier sech een déi zwee do un bigsmile
Johny 22.02.2007 - 23:47
Wann een do wunnt ass et jo och einfach soen closed_eye
keepsmilin 22.02.2007 - 19:07
ohhhh dach closed_eye
kanufla 22.02.2007 - 23:21
also mir hun gedrenks an eventuel pizza ( wann ech der kaafe gin) mee dei sin all zum verkaaf do... gedrenks 1euro (ouni alk, mat alk bessi mi deier) an pizza 5 euro...
mmphotos 23.02.2007 - 09:02
GUdden moien,
Also ech geif och moien soen kommen. An fier dei di et interesseiert. Geint 12 fueren ech heem an hun na 3 platzen frei fier bis op Ettelbreck
Maxi 23.02.2007 - 20:31
Kommen och mol bis laanscht lussen cool
Masterpii 24.02.2007 - 03:53
An wei war den owend ??? hun ech eppes verpasst ?????
yoshi 24.02.2007 - 04:12
Ma et war ganz flott, dei lescht hun den Bus geint 3:15 verloos, super Stemmung smile
Olivier 24.02.2007 - 04:27
hääää???? Nee... waat spacks du rem fier en schaiss... 3.14
Hihi... ass awa löööif dat der na gewaart hudd... krkr...
Masterpii 24.02.2007 - 04:38
Den nexten Meeting sin ech fläit dobei, firausgesin en as sou mett März !?bigsmile, also ech hoffen wirklech dass den nexten as, wann ech och zu Letzebuerg sin, an hoffen deikeier geet et bessen iwwert fotografie, dass ech och nach saachen beileieren kann !?!?!?
-Laurent- 24.02.2007 - 09:45
wei soll een bei enger trupp vun 30 mann wirklesch eppes beileiren closed_eye
ass jo cool dei treffen mee wees net op daat wirklesch treffen sin wou een gudd fotoen micht, bon ok een laurent beim knaen an meng pizza sin geil motiver bigsmile
kanufla 24.02.2007 - 13:29
op engem Meeting geet et jo drem di Lait ze meeten closed_eye
-Laurent- 24.02.2007 - 13:39
sou hun ech daat mol nach nie gekuckt bigsmile
Olivier 24.02.2007 - 15:34
aie aie aie....
kanufla 24.02.2007 - 12:47
Merci un all dei wou komm sin smile et huet mech gefreet closed_eye hoffen et huet ierch all gefall !!
-Laurent- 24.02.2007 - 13:13
mais oui madame
Olivier 24.02.2007 - 15:33
dach net du... mat dir huet rem keen geschwaat laurent closed_eye))
LaaChkiChelChen 25.02.2007 - 01:26
Et war great bigsmile
-Laurent- 25.02.2007 - 01:34
haett ech daat lo firdrun gelies haett ech der denowend all d schanken gebrach tongue
CANON 24.02.2007 - 17:08
et waar suupppppperrrrr , auser wann den Lex gesongen houet ,an emmer dono autogrammen wolt ginn smile))))))

CANON

emmer dobei (smile wann gewolt
yoshi 11.03.2007 - 03:17
emmer wellkomm smile war jo wierklech flott.
haat leider den wee net su richteg bis bei dech fonnt mee daat ass dann vir dnächst keier smile