Header
Kommentarer allgemeng verbessert
(21.01.2007 - 03:08)
Elo huet daat waarden en Enn. En Beispill: Beim Lex senger Foto Amandine huet de Script virdrun iwwer 20 Sekonne gebräucht fir all d'Kommentarer ze lueden. Elo matt menger Verbesserung, déi eigentlech réischt beim groussen Update sollt eräuskommen, bräuch se nach ganzer 600 - 900 Milisekonnen. Also méi wéi 20x méi séier. Ech hun daat ganzt elo schonn agebaut well et einfach ze vill genervt huet, a programméiert haat ech et jo sws schonn.

Nach derbäi gin d'Kommentarer lo bessen aanescht ugewisen ... eben esou wéi ech et och fir den Update geduecht haat. D'Links fir ze äntweren sin elo ënnen riets vum Kommentar, passt besser wéi ech fannen. (Natirlech emstelle muss ee sech bessen mee no 2 Deeg sidd der dru gewinnt).
D'Schrëft ass och méi grouss, mee daat läit éischter drun dass bessen méi grouss Schrëft méi lieserlech ass op engem däischteren Design ... Jo well nom Update sollt PG däischter sinn. Wann et hei aer ze vill stéiert, soot mer et, da gëtt se rem kleng gemaach.

Daat fir ze äntweren, ze iwwerwaachen an ze bewärten hun ech och liicht verbessert, mee do wärten déi meescht vun ierch net vill dru mierken, mee et ass lo vill méi propper opgebaut.

Puer Leit hu mer och gesoot dass heinsto op der Home Säit, bei de Kommentarer all Quert ënnerdeneen ugewise ginn ass ... ech wees emmer nach net u waat daat läit (war jo och nemmen heinsto dass et virkomm ass), mee elo dieft daat dann och behuewe sinn, genee sou wéi den Bewärten-Link bei den Tutorials den elo rem geet (sry Pinocchio dass et bessen gedauert huet)

An dann nach eppes méi wichteges: Eigentlech ass et jo méi einfach déi neitst Kommentarer uewen uweisen ze loossen, fir net emmer mussen ze scrollen, allerdings sinn dann d'Äntwerten och esou ugewise ginn, waat e bessen Duergerneen war (Äntwert 1 ass dann no Äntwert 2 ugewise ginn ... obwuel et sollt eng chronologesch Reihefolg hun). Daat war mam aale System wéi se ugewise gi sinn awer onméiglech ze maachen, leider. lo matt dem neien geet daat awer, d.h. och wann déi neitst Kommentarer uewen ugewise ginn, gëtt Äntwert 1 virun Äntwert 2 ugewisen. Lo kennt och kee méi dodurch duergerneen, an denken lo ass et e gutt Stéck méi einfach déi neitst uewen weisen ze loossen :)

Laangen Text, fir vill kleng Saachen, mee ech hoffen daat helleft ierch, an gëtt ierch e klenge Virgeschmaach op den Update den nach kennt ;)

//EDIT: Sollt dir den Text ënnert dem Avatar vum User ugewise kréien, maacht eng Kéier en Reload fir dass den CSS nei geluede gëtt, duerno geet et dann.

Vill Spaass weiderhinn
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
JADE 21.01.2007 - 11:10
ech och : ganz gutt gemach Johny ... smile ... fréen mech schon op deen neien HG !!

allerdéngs ass eppes wou ech nach esou zimmlech banaus sin ... zu dengem EDIT ... wéi geet daat fir een Reload ze machen ?? ... unhappy(

an dann gesin ech, dass bei deenen haut eropgeluedenen Fottoen, bei den Comments "virnun 1h48m" steet ...
mäin Gehier gewinnt sech villäicht nach drun, kann sin ... awer déi aaner Art an Weis hun ech (perséinlech) léiwer gehaat ... elo zielt mäin Gehier automatesch d'Stonnen an d'Minuten zeréck fir een Repère ze hun ... an daat mëcht en immens midd ... closed_eye)

verschidden Schrëften sin awer méi kleng gin, ne? ... oder sin daat meng Aan ??
-Laurent- 21.01.2007 - 11:35
also reload miss de andeems de den cache laeschs daat geht am firefox andeems de op extras optiounen gehs an dann "cache löschen" oder sou oder du drecks einfach f5 waat allerdengs bei mir net geklappt huet ass net sou grendlech wei cache laeschen

hmm also un dei grous schreft gewinnen ech mech och nach mee ennert dem jade steht och nach no dem reload bei mir den text ennert dem avatar an daat geseit zimlech onstruktureiert aus hmm beim knolles klappt ett allerdengs sou wei ett soll

am groussen ganzen gefaellt mer deng arbescht smile weider sou !

edit: bei mir selwer steht och text ennert dem avatar hmm oder soll daat sou sin?
Johny 21.01.2007 - 14:02
Quatsch, du muss guer näicht läschen an hei an do.

JADE, dréck F5, färdeg smile

Ech hun domadde gemengt, wann den Text iwwerhaapt net dernieft ugewise gëtt, mee just ënnendrenner. Dass en hallef hallef gewise gëtt ass normal esou.

Datum: oft wëll ee wessen wei laang et hier dass den daat lo soot, an des Arderweis ass do awer e gudd Stéck méi bequem amplaz dann mussn ze kucke weivill auer et dnan lo grad ass asw asw ...
JADE 21.01.2007 - 15:42
sou ... ech haat bis virun 20 Min den Text niewt an ënnert dem Avatar ... dun, ouni dass ech eppes gemach hätt den ganzen Text e beemol ënnert dem Avatar ... an dun hun ech F5 gedréckt wéi den Johny soot ...
an ELO ... ass alles wéi virdrun ... smile) ... voilà! ... also war ët nët ganz schwéier !! ...

edit 1s drop :
... uups! ... Johny, ech hun däin 2. Comment elo eréicht gesin ... smile
Johny 21.01.2007 - 15:45
Ass jo schlussendlech egal, haaptsaach et geet, a jidfereen ass zefridden smile
Olivier 22.01.2007 - 19:08
closed_eye
Neckel 21.01.2007 - 12:53
Dat ass tip-top esou, super gemach closed_eye)

Ass vill mei iwwerssichtlech ! smile
Johny 21.01.2007 - 15:37
Sou den Text vum Kommentar gëtt och elo nemmen riets dofun ugewisen ... (Daat ass eben wann een mengt den Browser geif et automatesch upassen ... alles muss ee selwer maachen)
gloda 21.01.2007 - 16:49
Weem sees de et. An wanns de zwee Browser "A" sees, versteet een "A" an deen aneren "B"...
Wat den Cache ubelangt, wann F5 net duer geet: CTRL-F5!
elmuzo 21.01.2007 - 23:56
Alles paletti a merci closed_eye
pa 22.01.2007 - 18:01
Ass bei der Auerzäit vun de Kommentaren vläit nach ë Bug dran?

Z. Bsp. bei deser Photo sin d'Kommentaren vum Lex vun 1970. Wahrscheinlech gouf do keng Auerzäit gespäichert, sou datt së op den Timestamp 000 gesat goufen, oder sou ähnlech.

An ech gesi grad, datt de BBCode och net geet.
Johny 22.01.2007 - 18:10
also daat mam Datum ass keen Bug am Uweisen mee déi Datumen stin net méi an der Datenbank, wisou wees ech och net, do ass awer op jiddefall näicht am Script waat iergend esou eppes "fummelen" geet un den Datum, an et ass net nemmen do beim Lex sengen Comments, och bei aaneren. An et ass och just bei méi aale Fotoen de Fall, dës ass déi Läscht, chronologesch gesinn, wou daat geschitt ass:
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&a...
(Matt Beweis dass den BBCode geet closed_eye du hues [/b] gemaach amplaz [/url])

Ech wees net waat do soll schief gaangen sinn eng Kéier, mee daat kann net réischt elo geschitt sinn mengen ech.
ChLo 25.01.2007 - 09:10
Mir gefällt ett besser, gudd gemach. Merci.
rom 28.01.2007 - 12:23
Mir gefällt et tip top. Gudd geschafft Johny!

Sin schon gespaant op deen neien Layout.