Header
Photogen wënscht schéi Feierdeeg
(22.12.2006 - 17:02)
Mir vun Photogen wënschen all eise User, egal op Fotografen oder Leit déi just d'Fotoen reegelméissech kucke kommen, schéi Feierdeeg, suwuel d'Krëschtdeeg wéi och herno fir Sylvester, feiert an amuséiert ierch gutt.

Vergiesst och net den Video-owend: http://www.photogen.lu/?page=showmeeting&id=27



Klengt Note: Wann dir technesch Problemer sollt hun vum 26. - 29. Dezember, kennt der net éischter matt enger Äntwert rechnen wéi den 29. owes, well an der Zäit sinn d'Lydie an ech (Johny) net am Land. Dir kennt zwar PM'en schreiwen, mee da wësst der bescheed. Dir kennt dem yoshi jo och bescheed soen wann et dringend ass, heen bleift déi Deech erreechbar.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
-Laurent- 22.12.2006 - 17:54
Ech wenschen iech dann och mol all schein feierdeech an lost iech net vun den noperen ennerkreien closed_eye schlussendlech gewennt daat gudd emmer !!!

Laurent

geil parole ne?
Nicon07 22.12.2006 - 18:24
Schéi Feierdeeg fir iech allen 900 a méi usere vu mir, an datt alleguerten déi, di di Feierdeeg eppes interessantes erliëwen heiheem oder an der Vakanz net vergiëssen, datt se och ee Fotoapparat hun, fir alles dat festzehalen. Fudder fir Photogen, nennt een dat. An natirléch jiderengem ( net nëmmen de Skater, Snowboarder a soss Surfer) ee gudde Rutsch an d'Neit Joer.

MfG

Nicon07
Neckel 22.12.2006 - 18:38
Majo dann och vun mir schein Feierdeeg an een gudden Rutsch closed_eye)

Neckel

Masterpii 22.12.2006 - 18:45
Jo, also ech hun mein Beitraach hei zou jo schon am fong gemaach: Schein Krëschtdeeg!!


Trotzdem, wenschen ech nach eng keier all den User vun Photogen schein Kreschtdeeg an en gudden Rutsch an d'neit Joer!

An soen och un all dei Merci dei sou fleisseg Comments an Kritiken bei meng Fotoen geschriwwen hun, well ech hun gemierkt dass ech wirklech besser sin gin an daat hun ech vill denen ze Verdanken.
Op een neit Joer hei bei Photogen.

PROST! bigsmile
Kwitchibo 22.12.2006 - 21:08
DANKE och un IECH LYDIE JOSHI AN DEN JOHNY HAPPY X-mas!!!!
JADE 22.12.2006 - 21:51
waaaaaaaat???? ... ët ass baal Chrëschtdaag ... an keen seet mir eppes ???!!!!!
Olivier 22.12.2006 - 21:59
Pardon... mee... lo wees du dass du mer nach en kado kaafen muss... muahahahahaahhahahahaaaaa...
JADE 22.12.2006 - 22:05
Olivier ... deen hun ech schon baal 2 Méint am Koffer vun mengem Auto ... deen waart just drop dech ze treffen!!!!
Olivier 22.12.2006 - 22:09
closed_eye))
Masterpii 22.12.2006 - 22:03
ah pardon, hat ganz vergiess dem "wellkomms-Comite" perseinlech schein Kreschtdeeg ze wenschen !!! bigsmile

Also schein Kreschtdeeg an en gudden Rutsch!
JADE 22.12.2006 - 22:10
ooooh ... merci Masterpii ... een ganz perséinlechen Gruss ... ganz elleng fir mech?? ... are you crazy???... ass immens léif vun dir ... THX-THX-THX ...
schécken dir och een décken K*** op d'Stier ... an ech wënschen dir, mengem Co-PG-Empfangs-Kommentateur eng ganz freedeg Zâit ... an een laaaaaaangen Rutsch aus deem aalen Joer eraus ... smile)
Masterpii 22.12.2006 - 22:25
Jo fir dech gaaanz alleng, oder wen as soss nach am Wellkomms- Comite?? smile
JADE 22.12.2006 - 22:31
tjo ... hues Recht ... ech gesin keen ... méi ...
se sin all, lues an lues, erausdémissionnéiert gin ... vun ons 2 ... hrhrhrhr ... smile))
Masterpii 22.12.2006 - 22:52
HRHRHR, waat sin mir 2 Fieser !!! smile)))
elmuzo 23.12.2006 - 02:03
A bon
Olivier 22.12.2006 - 22:00
Happy Christmas to All Of You...
elmuzo 23.12.2006 - 02:05
Happy twokayseven for aaaaaallllll of YOU

The MUZ
JADE 23.12.2006 - 10:40
2K7 ... ??
deen Code muss du mir awer elo erklären ... du wees jo ... Leitung ... sëtzen ... asw
elmuzo 24.12.2006 - 01:21
Very american for 2007 closed_eye
JADE 24.12.2006 - 02:00
dann kënnen se och soen ... two James Bond ... mee deen ass jo UK ! ...
yoshi 24.12.2006 - 13:32
hehe o net schlecht closed_eye
elmuzo 27.12.2006 - 08:42
Very British for 2007 bigsmile
Ray 23.12.2006 - 11:47
Och vun mir an der Famille ee schèinen Chreschtdaag ann alles Guddes fir 2007
Ray an Co
ApplEric 23.12.2006 - 11:54
Vu mir och schei chrechtdeeg an e gudde Rutsch an d'neit joer! Mee feiert net zevill... Dat ka schief goen, vue que datt een dann och scho mol gär schief geht... smile
Allez, leider gett et zwar keng "Weiße Weihnacht", mee ech hoffen, dir geneisst dei Feierdeeg lo all an dir hudd hoffentlech schon all de champes kaal gestallt. Dat ass wichteg... hehe. smile
Minaa 23.12.2006 - 13:21
Wenschen eech och schéin Feierdeeg an e gudde Rutsch! smile An passt op daat der net ze wäit rutscht, muahahaaaa... ;D
CHAREL 23.12.2006 - 14:05
Ma ech wenschen dan och nach jidderengem schein feierdeeg an een gudden rutch:smile
LaaChkiChelChen 23.12.2006 - 16:18
Majo vun mer dann och merci gleichfalls smile


An dasste den Kreschtbaam net zum brennen brengt closed_eye
bobinski 23.12.2006 - 21:15
Schein Feierdeeg dann och vun mir!
annemie 24.12.2006 - 00:39
Ech wenschen iech all och emol schéin Feierdeeg smile)
an dann bis den 30ten ne :-P
ploro 24.12.2006 - 12:37
jojo vun mir och schein feierdeeeg an passt op, schokla soll een emmer an mossen huelen also net manner wei 3 tabletten den daag! Ohjee lo geht dat gefreiss hei rem un, ech machen mech....mettegiessensmile
auli79 25.12.2006 - 03:55
yo yo , schein feierdeeg , gudden rutsch an en super joer 2007 !!!!
patty 25.12.2006 - 14:13
ech wenschen ierch eng flott vakanz, schein feierdeeg an en gudden rutsch an d'Joer 2007! (p.s. net ausrutschen smile )
Dynax 25.12.2006 - 17:54
Och ech wenschen den 905 Photogen User en gudden Rutsch an dat neit Joer a vill Topfotoen fir Joer 2007.
ChLo 02.01.2007 - 09:23
Ech wees, ech sin bessi Spéit un smile

Mee ech well awer och nach Jidderengem hei alles Guddes an vill schéin Photoen am Neien Joer wënschen.
KaKa 21.02.2007 - 12:59
ech sinn och en bessen spéit, mee MERCI GLÄICHFALS!!!!bigsmile