Nei Modeller, nei Objektiver
(25.08.2006 - 00:30)
Nikon huet virun 2 Wochen ongeféier hier D80 fiergestallt. Den Nofolger vun der D70(s), déi dann 10.2MP huet, 11 AF-Point System, 3 Biller pro Sekonn, méi groussen Display, méi kuerz Startzäit, méi kuerz Äusléiseverzögerung, dem Autofokussystem vun der D200 an en opwännegt 3D-Color-Matrix-Belichtungsmiesssystem huet, soll dann demnächst d'Leit zu Nikon lackelen. Dës soll dann 969€ (Body alleng, läut Nikon) kaschten.
Lo huet da Canon den laang ersehntnen Nofolger vun hierer 350D, déi iwregens déi meescht verkaafte Cam op der Welt ass, fiergestallt. Se sollt 400D heeschen. Dës huet och elo 10.1MP, 9 AF-Point System, 3 Biller pro Sekonn, och méi groussen Display, an virun allem, nei bei Canon huet së en Self-cleaning System den den Sensor automatesch soll botzen, dass kee Stëps mat op d'Fotoe kënnt. Dës soll verkaaf gin fier 799€ (Body alleng, läut Canon). D'Geheis ass zimlech tselwecht bliwen. Domat bréngt Canon eigentlech eng DSLR fier schon mei erfueren Leit eräus, an engem Ufänger Geheis. Daat gët rem méi Grond dass d'Spekuléieren em eng 4-stellech DSLr vu Canon, herno op der Photokina sech awer keint als wouer duerstellen. Dës soll, Spekulatiounen noo, dann fier den Ufänger geduecht sin an och an engem fier den Ufänger-fotograf méi interessantem Präisberäich leien. Ob sou eppes awer kennt, ass eng gudd Froo...
Mee nët nemmen nei DSLR'en sin fiergestallt gin, och nei Objektiver. 2 bei Canon an och 2 bei Nikon. Bei Nikon wiren et folgend:
- AF-S VR Zoom-Nikkor 70-300 mm 1:4,5–5,6 G IF-ED
- AF-S DX Zoom-Nikkor 18–135 mm 1:3,5–5,6 G IF-ED
An bei Canon dës:
- EF 50 mm 1:1,2L USM
- EF 70 200 mm 1:4,0L IS USM
Zousätzlech sin en puer kleng kompakt Digitalkameraen och bäikomm. Méi zu denen neien vun Canon kënnt der hei liesen:
http://www.canon.de/about_us/news/consumer_release...

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Johny
25.08.2006 - 00:34
Also meng Meenung: Et ass onlogesch waat Canon mecht, a logesch waat Nikon mecht an desem Fall. nikon huet D200 déi jo sougesin als eischt mei staark DSLR, mat engem Cropsensor sou vill MP haat. Canon huet duerno hier 30D bruecht an déi op denen 8.2 geloos. An elo bréngen se, mol net en halleft Joer duerno, den Modell virun der 30D, eigendlech Ufänger-modell mat 10.1MP räus an suguer nach self-cleaning System ... Sorry mee dann hätt ech daat och direkt an 30D gebaut. Dobäi geet et mer net sou em d'MP, dei si mir egal, meng 8.2 gi mer duer, mee den self-cleaning ass jo schonn ganz praktesch. Derbäi hätt ech mol der 400D en bessert Geheis gin well et ass en absolut bellecht Geheis mat awer lo engem extrem gudden Intérieur.
Zu den Objektiven: Den 70-200 ass ganz interessant ... soll anscheinend wann en um Maart ass, esou 900€ kaschten.

coolpix
25.08.2006 - 00:44
Majo daat mam Geheis hunn ech och direkt geduecht, d'400D huet besser Daten wei 30D (ausser rauschen, den Sensor bleiwt gläich grouss -> all eenzelnen Pixel huet manner Plaatz), Self Cleaning an dann erem keen Magnesiums-Geheis mee dofier 400 Euro mei belleg.. iergendwei onlogesch, mee Canon huet sulues och gemierkt daat en d'Leit megapixerl-geil sinn
Vun den Objektiven: Dann hunn ech leiwer den 70-200/2.8L USM ouni IS mee eng anstaenneg Blend, an deen ass net vill mei deier, 1100-1200 Euro... An 50/1.2 klengt geil, mee deier..

yoshi
25.08.2006 - 13:04
gesait awer net schlecht aus daat steck plastik
zu den cameraen hun dei eicht kommentarer meng ganz meenung scho gesoot..
zu den objektiver... denken den Canon EF 50mm 1:2,8L USM ass deen eenzegen intressanten an mengen aen, wisou een 70-200 blend 4 wann een zB en 75-300 blend 3,5 kann hun, an do gett et nach besserer souwisou. Et gesait zwar deier aus, mee et ass bestemmt en groussen deel vun sengem geld wert

25.08.2006 - 13:43
hm... effektiv dorun mierkt een dass ech se baal ni esou benotzen arghs... egal, sin trotzdem ganz zefridden domat, an wann ech mer en aanert kaafen (weinst sport) dann secher een 2,8.
Johny
25.08.2006 - 14:03
Jo fier Sport ass definitiv en f2.8 néidech. Mee wann een op der Sich ass no engem gudden bessen mei allgemengen Tele-objektiv da kéint daat interessant sin. Mee bon ech fier mäin Deel sin och mat mengen 70-300 zefridden
yoshi
25.08.2006 - 14:33
hues du 70-300? ech hu geduercht mir hätten deen selwechten just dass du IS dobai hues... ech hun awa den 75-300
Johny
25.08.2006 - 14:35
Ech hun déi nei Versioun an déi fängt eben bei 70 un. Ass den Nofolger vum 75-300 IS ...
Johny
25.08.2006 - 15:46
Hm hues Recht, haat wuel desen Zitat vu nikon.de ze séier gelies: "Die D80 ist mit dem Autofokusmodul der preisgekrönten Nikon D200 und einem aufwendigen 3D-Color-Matrix-Belichtungsmesssystem ausgestattet"
Verbesseren et direkt, merci Lex!
Verbesseren et direkt, merci Lex!
klex
26.08.2006 - 14:53
Wollt mol nach eppes zu dem 70-200 soen.
Ass mer eppes opgefall…
Huelen mer mol 2 appraten als äusgang (Nikon D200 an Canon 5D)
Sou, fir lo di nemmlecht Bildkalitéit ze kréien setzt een op d'Nikon den 70-200 f/2.8, op d’Canon den 70-200 f/4,
di 2 bei Blend voll op. Héiert sech lo komesch un fläit, mee daat gett oongeféier genee daat selwescht resultat an der Bildkalitéit.
D’Déifeschärft ass bei deenen 2 d’selwescht, bei der 5D zwar eng Blend manner,
mee d’kennt op daat nemmlecht räus well se mi e grousse Sensor huet.
Vignetéieren ass och d’nemmlecht bei deenen 2, well den 70-200 f/4 manner vignetéieren huet, an den 70-200 f/2.8 d’ecker duerch de crop-sensor oofgeschnidde kritt. Waat d’Schärft ugeet, do sin déi 2 plus ou moins d’selwescht.
Den f/4 ass an der Schärft an am Kontrast su gudd wi säi grousse Brudder 2.8 L IS.
Sou, d’5D ass am Räuschen an héigen isoen duebel sou gudd wi d’D200, daat heescht fir di nemlecht zäit ze kréien, huele mer mol un 1/125 sek, bei blend 4, 1600 iso sou gudd wéi d’D200 bei blend 2.8 an 800 iso. Also kennnt et rem op daat selwescht räus.
Lo kennt de Witz bei der Saach: Den 2.8 vu nikon kascht méi wi daat duebelt wi den 4 vu Canon an ass och nach e gudd stéckchen méi schwéier (Muskelkater net äusgeschlloss wann net gewinnt!
Daat eenzet waat een bei der Nikon gewennt ass méi en helle Sucher duerch den 2.8 an e besseren autofokus, doduerch dat méi Liicht erakennt. Mee d’Bildkaliéit ass d’neemmlecht. (Lo mol oofgesinn dofun dat d’5D 2mpix méi huet, mee d'kann ee graad su gudd mat der D2X vergläichen)
Haat mol geduet di iwwerleeung kéint nach een intresslieren.
Fir jidereen deen also eventuell un deem Objectiv intresséiert wär, d’ass derwärt fir dee Präis. Leider huet Nikon keen 70-200 f/4 an hierem Sortiment, waat ech besse schued fannen. Mee bon, daat kennt jo fläit nach… si hu jo och ‘’nach’’ kee full-frame

josedipa
26.08.2006 - 18:03
Ganz gudd Iwerléeung vum klex, ech selwer kennen mech guer net aus bei Nikon. Ech hun eng Fro an vlasicht kann een mer dei beäntweren.
Ech wollt mer elo den 85mm 1:1,2 L II USM vu Canon kaafen, Kostepunkt 2100 euro, Elo kennt deen neien 50mm eraus 1:1,2L USM Kostepunkt 1400 euro. Well jo an der Brennweit keen eenormen ennerschedd ass vum 50 op den 85 mm an ech och den 135mm 1:2,0 L USM an den 100 mm 1:2,8 Macro hun as den 85 mm net onbedengt noutwenneg. Kennt schons een Tester fier den 50 mm par rapport zum 85 mm??? Et geet mer net em den Praiss obwuel ech beim 50 mm 700 euro geiff spueren. Waat ech well ass en Topobjektiv daat ech fier main Liewen hun. Hellef

26.08.2006 - 18:14
Ech perséinlech géif der den 85'er rooden. Den 50 1.2 ass einfach ze deier fir en Normal-objectiv, an op Vollformat ass en fläit besse
kuerz fir Portraits. Fir ronn 1000 euro manner kritt een den 1.4, eng HALLEF blend fir 1000 Euro! Ok, d'ass secher net just d'Blend
déi de Präis äusmecht, mee ech ka mer net firstellen dat de Kalitéitsennerscheed sou enorm ass fir daat deen ennerscheed am
Präis ze rechtferdegen. Bon, musse mer wuel d'Tester oofwuarden.
Ech hu vill iwwert den 85'er gelies, bei Nikon a Canon... an ech hu net vill schlechtes héieren. Keen wou de Kaaf bereit huet an
d'spéidert Bild huet anscheinend eifach eppes ''magesches''. D'deed der secher net leed wanns de sou e Bijou zoulees
Ech perséinlech géif zwar net souvill suen fir en Objectiv äusgin wann ech net voll äsunotzen kann, well emmer just duech d'Mett
geknipst gett...vu dat Nikon keng FF-Cameraen baut. Mee wis de scho soos, en Objectiv hällt sech Joren, d'appraten wiesselen méi oft.

26.08.2006 - 18:38
Net schlecht déng iwerléung, Lex... Ech soot jo och den ass nawell interessant den Tele. Mee bon, ech hun een
@josedipa: Genee wéi de Lex, rooden ech der och zum 85er. Et ass eent vun denen eenzegen Objektiver zu denen een nie schlecht Kritiken liest. Et schéngt säi Geld wärt ze sin. An ech haat e Link wou et verglach gin ass mam neien 50er, wees en awer lo nëtt méi. Mee ech kann der soen: Do huet de 50er nëtt su gudd oofgeschnidden

26.08.2006 - 18:45
Ah dach, well der den 85er lo net rem äusrieden, mee hun awer eng schlecht säit fonnt un em. Den Autofokus ass anscheinend iwwerdriwen lues! Nach méi lues wéi den scho luesen 85er vu Nikon, deen dobäi nach kee ultraschall huet! Fir Sport also net daat richtegt, mee fir portraits ass daat net su wichteg...
josedipa
26.08.2006 - 19:01
Nee lex daat ass den 85 1:1,2 L I USM, den aalen Modell dee waar am autofocus zimlech lues, si hun jo deen neien II virun net allzelaanger Zait rausbruecht. Den 50 1,4 ass miserabel. Hun ech probeiert. Gefällt mer guer net genau sou wei main 100 mm deen ass och miserabel
Merci
Merci
klex
31.08.2006 - 15:39
Update: Wuar den 85mm haut testen... schéint Stéck! Mee den Autofokus ass effektiv extrem lues, am Ufank kéint ee mängen e wär schnelll well et USM ass an ee näischt héiert, mee no puer Minuten miirkt een et schon. Vum räscht hier ass et einfach ''Class''
Falls et een intresséiert.....
Falls et een intresséiert.....
josedipa
31.08.2006 - 23:13
waar den metten och an der belle etoile am topvision, do hun se et leien nierwt mengem 100 MM 2,8. Hun natierlech och direkt dei zwee probeiert. Et ass immens schweier, net vill mei lues wei den 100mm. Qualiteit bein ech geif am leiwsten mein 100 an den Drecksback geheien. Eng schein proper schärft, den 100mm mecht se pixelesch. Hun mech dann och bei engem Kolleeg informeiert fier den 50 mm. Den ass cpsklient an en huet an daitschland testergebnisser kritt. An der qualiteit schärft picket etc keen ennerscheed zum 85mm (bon fier daat waat se bis elo getest hun) mee vill mei schnell, si soen deen schnellsten um Maart an senger Gamme an och vill mei lues (Gereisch). Tjo d'Lescht vun de bestellungen ass awer esou gefellt dass een normal stierflechen en wahrscheinlech freistens am januar februar kann kreien (( Tjo wahrscheinlech waarden ech dann. et sin 700 euro ennerscheed.
Merci fier deng Mei
Merci fier deng Mei
yoshi
31.08.2006 - 16:03
Just na eng kleng Info vir dei ech nennen se lo mol eimfach mei artistech Fotografen hei:
Op der Photokina stellt Lensbabies och en neit Objektiv vir. Ech perseinlech freen mech schon richteg daat ze gesin

Bambi
31.08.2006 - 21:44
Hey, ech wollt mer lo deemnext dei Canon 400D kaafen...mee wat ech hei sou mam Geheis gelies hun etc... wees net wien kann mer do mei genau soen! Hun mat Nikon net sou gudd Erfahrungen.... Merci
josedipa
31.08.2006 - 23:24
Et gin och Leit dei schlecht Erfaahrungen mat Canon gemaach hun, dorob kanns de net goen Du haas vlaischt just Pesch. Nikon haat deemols bei den Boitier'en den Zug op digitaal verpasst an leeft elo hannendrun, daat well awer net heeschen dass et schlecht Apparater sin, si sin just emer en Schratt hannendran.. An bei den Objektiver gess de mei glecklech mat Nikon wei mat Canon, Nikon ass doranner e gudd Steck besser... Bei Canon fier eng gudd bildqualiteit ze kreien muss de schons an d'L gamme goen. Dei natierlech och mei deier ass.
Den 400D asss en ganz flott Spillchen, mee en Semiprofessionellen Apparat an engem amateurs plastik boitier. Wanns de dorobber L Objektiver setz geseis de den boitier baal net mei. Et ass awer bestemmt net dass de deng Suen aus der Fenster geheis.

01.09.2006 - 03:56
Wanns den en gudden Apparat wells, den vum Boitier hier net wei eng Spillsaach ass (400D), an awer och net sou deier wei eng 30D, ass eng D80 vun Nikon genee daat richtecht.
dawnii
11.09.2006 - 14:03
Wann d'D80 wirklech den würdegen Nofolger vun der D70 get, dann get dei wirklech Semiprofessionnel. Nikon huet immens Apparater. As natirlech dann och e bessi méi deier wéi d'400D.
Wann ech lo nei ging eranklammen, ging ech och wahrscheinlech op D80 oder halt liicht méi deier op eng 30D goen. D'400D gefällt mir mol net sou gudd wei 350D : den LCD as emmer un als Status Ecran (kuck dei Batterie, déi dann awer net immens wäert haalen), dann as eng fonkelnei Technik dran : Stebs ofreselen.. naja, alt rem eppes waat eng Semi-professionnel net huet an eppes waat déi ganz Saach onnéideg fragil mecht.. Ech trauen deene Saachen net.. an natiirlech geet rem Akku drop fir daat. Kloer, Fototechnesch gesinn as se enger 350D iwerleen : besseren Autofocus, 10MP ...
Zu den Objektiver, wanns de bei den Marken selwer bleifs as Nikon wei Canon net onbedengt belleg. Mee fir dei 2 bodien kritt een och schon ganz akzeptabel Lensen vun Sigma, Tamron, etc. Déi hun normalerweis een bessi méi zivilen Präis, an sin dofir vläit och éischter Ufänger, obwuel een do schon ganz interessant Stecker kritt (28-75 F2.8 vun Tamron zum Beispill). Ech selwer benotzen een 24-70 F2.8 vun Sigma, an sin immens zefridden dermat. Fir weider an den Tele ze kommen hun ech een 70-200 F4L vun Canon kaaf. Och deen as net immens deier mee immens gudd.
Woumatt ech bei der 350D ganz schnell Problemer kruut war den Greff.. d'400D as jo usech lo leider baal d'nämlecht.. As einfach ze kleng. Mat Batteriegreff as daat ganz awer ganz ok.
Op allefall wäert tescht der 400D an der D80 oft nemmen den Goût oder daat waat een halt nach vun aalen Stecker well mathuelen entscheeden. Déi 2 gin schon Top Apparaten fir normalen Budget.