Header
Oofstëmung fier de Contest ass eriwer
(13.08.2006 - 21:45)
Soumat steet de Gewenner elo fest ...

an et ass ...

den NECKEL ! Gléckwonsch.

Op zweeter Plaatz, ganz no hannendrun kënnt dann den Mogway himself, an op drëtter Plaatz de yoshi. Och hinnen zwee Gléckwonsch heifier :)

Hei nach eng Kéier daat ganzt Resultat:

1. Neckel
2. Mogway
3. yoshi
4. kola
5. Johny
6. Jean-Jos
7. Junior
8. Lydie
9. Gummibaer
10. patty

Merci all denen déi matgemaach hun !

Contest Fotoen kucken

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Johny 13.08.2006 - 21:53
Also falls lo een vun ierch enttäuscht ass dass en z.B. net vill Punkten kritt huet, maacht ierch näicht dräus, dir hudd wéinstens matgemaach nodem der och gesoot hudd, der géift matmaachen smile Leider hun der vill näicht ropgelueden, déi eng hun de Grond ugin, aanerer guer nët.
Neckel 13.08.2006 - 22:35
LOL, merci Moggy cool...hm freen mech wellcool
Maggele 14.08.2006 - 01:00

ech bekenne mech schëlleg...

d.h. ech hat mäin thema, hun awer näischt eropgelueden. as nach an der maach! hätt mech gefreet matzeman, woar awer zäitlech net esou gangen wéi ech met dat firgestallt hun....

all respekt un all déi biller! se woaren ALL super! ze voten woar déck schwéier! wees och net weem ech méi félicitéiere soll... super contest!
yoshi 14.08.2006 - 15:07
jop, ech kann deenen aaneren hei nemmen zoustemmen. merci moggy vir dei flott contest idee smile
ech selwer hun et immens cool fonnt dei foto ze maan, well ech bis 7 stonnen virun schluss na net wosst waat ech iwwerhapt dann lo sollt knipsen closed_eye
gleckwonsch un den neckel an respekt un all dei aaner mat vir dei cool demonstratiounen vun hierem denkvermögen mat all denen flotten ideen.
bis dei nächsten keier, wann ech och ganzs echer rem dobai sin smile
Jean-Jos 15.08.2006 - 12:19
D'Konzept vun dësem Contest bleiwt genial: et huet Spaass gemacht engem aneren séng Iddi ëmzesetzen!
Felicitatiounen un déi éischt: déi Tonnen Punkten si verdéngt! Mäi Versteesdemech awer och fir déi, déi ugemeld waren, awer nët matmache konnte : dat geet nun emol nët ëmmer esou wéi ee sech dat virstellt oder d'Zäit leeft engem e bemol fort: dann ass et vläicht fir eng aner Kéier.
CHAREL 16.08.2006 - 17:24
D'fotoen gefahlen mer all gut !
Fierunalem dei 2 eischt.. super gemaacht dier 2closed_eye
Wier flott wann een deen contest engkeier giff widerhuelen am beschten dan wann ech net rem an der vakanz sinnclosed_eye
-Laurent- 17.08.2006 - 13:35
hmm wirklech flott resultater

scheis datt ech net faerdech gin sin hmm
machen foto fleit awer ...

naja haat baal keng zeit respektiv ech war doudmidd wann ech zeit haat hmm
naja wei ech dun unfaenken wollt huet wierder net matgespillt

hmm jo den naechsten keier fleit

ajo gratz neckelchen soot der jo sie wir immens gudd !