Header
Richtegen Logo, Contest, an T-Shirten
(08.07.2006 - 01:00)
Also daat waat ee virdrun als Logo am Header gesin huet war net vill aanescht wéi eng einfach Schrëft eben, mee lo hun mer e Logo, den awer dezent gehaalen ass, vun engem aus Däitschland gemaach kritt, den dann och vektoriséiert ass soudass mer en kënnen vir alles huelen wou een sou eppes bräuch, Wéi eben z.B. fier op de Web, mee och fier op T-Shirten oder suguer den Auto, an och Flyeren falls et souer mol sollte gin. Mee do wiren mer direkt beim nächsten Thema:

T-Shirten:
Scho mei laang besteet d'Idee T-shirten vun Photogen drocken ze loossen, mee réischt virun puer Deech hun User sech am Forum gemellt, dass sie der gären hätten. Vu dass lo schon ënnert denen wéinegen am Forum der sin dei secher ee geifen kaafen, realiséieren mer daat dann och. Wéi genee waat geet a wéi se äusgesin, daat gët nächst Woch da gekuckt, mee wann dier Virschléi hudd, sin mir frou fier se ze kréien. Am beschten schreift der einfach am Forum mat, op dësem Link:
T-Shirt Thema
(Wen nët eens gët am Forum, kann sech roueg bei mir mellen, dann erklären ech et)

Weider Informatiounen kommen dann nach geschwenn. (Wär och fäin wann der hei keint schreiwen wann dir och onbedingt ee weilt, dass mer ongefeier kënne schätzen weivill et der gin. Herno get dann bestallt an gedrockt, wann alles prett ass)

Dann nach ass den Mogway mat enger neier Idee komm fier en Contest. Hei geet et drëm dass heen ufängt, een User äuswielt, dem en Thema seet zu dem den aaneren dann an Zäit vun engem Daach eng Foto muss maachen. Den jeenechen gët dann rem en Thema weider un den nächsten, an emmer sou weider. Ech probéieren daat nach dës Woch ze programméieren, fier dass mer sou séier wei meiglech kënnen ufänken. och heizou gët et en Gespréich am Forum, wou och schon eng Rei vun User gesoot hun wen sie no hinnen huelen fier en Thema ze gin, fier dass mer alt e klengen Ufank hun.
Contest Thema

Daat war et dann lo mol, mee demnächst wärten rem mei oft nei Saache bäikommen. Vill Spaaß nach weiderhin op Photogen.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
ploro 08.07.2006 - 08:43
Jep ech well en T-shirt, wees de jo schons closed_eye
JADE 08.07.2006 - 09:59
Deen neien LOGO fannen ech ass ganz gutt gin:
° d'Schrëft (iergendwéi "ronnëg", geschmeideg, soft an agreabel fir d'Aan),
° den Design (ganz étongueuréiert, an dem Sujet ungepasst),
° den Stil (class, an zeitgemäss modern).

Zur FAARW, daat gëtt wierklech nët einfach fir iech festzehaalen:
° wäiss, ass méi kill/frësch, z.B. fir den Summer (deen hun mir hei zu Lëtz. awer nët laang hun), vun der faarw hir eben och méi erfrëschend (mee bleiwt no e puer Wäschgäng nët méi esou strahlend wäiss)
° schwaarz, huet méi Stil (z.B. och fir eräuszegoen), ass liicht méi pflegeleicht (well d'Faarw och beim wäschen gären verblasst)
° gro, wier eventuell een gudden Kompromiss (huet och nach Stil an verblasst oder vergroot nët esou schnell beim wäschen), mee do géing déi groo Box am Logo nët esou oofstiechen, déi misst dann villäicht wäiss gemaach gin ..........

Kann mir och gutt virstellen, dass een den T-Shirt an e puer esou Faarwen kéint kréien, an dass ët och Useren géifen gin, déi deen an e puer Faarwen géingen huelen, fir en eben zu/bei verschidden Momenter/Evenementer unzedoen, an fir eng Rechange ze hun, an fir en dann och méi öfters undoen ze kënnen.........

Voilà, un iech dann ......... closed_eye)))))
JADE 08.07.2006 - 10:14
Zum CONTEST: GANZ GUTT IDEE Mogway
(ech haat och schon deen ganzen Konzeptopbau vum Contest um Forum reegelméisseg matgelies)

Fir mech JADE, als nach nëmmen "Kommentateuse" hei um Site, géing ët do keng Plaatz gin, ausser villäicht fir engem User een Daages-Thema unzegin, waat mech och zimlech géing interresséieren.
Oder, dann misst ech, fir kënnen mattzemachen, mech (endlech!) an d'Waasser geheien, mech drun gin, resp. mech (endlech!) trauen "tonguehotogentauglech" Fotoen ze machen! .......
Waat natierlech och ërem een gudden Usporn fir mech (an och fir nach munsch aanerer) wier/ass!!!!!! ............ closed_eye))

edit 12.30: @ Mojoo: daat haat ech mir jo baal och esou geduecht! :-((( closed_eye))
Mojoo 08.07.2006 - 12:17
Ech huelen een T-shirt.

Wann et méiglech wier den User Numm dropzeschreiwen (dat gëtt jo nach alles gekuckt) dann giff ech der 2 huelen.
Wann een dann och nach d'Faarw keint wielen giff ech der 3 huelen! closed_eye))

JADE: Sou, lo bass de drunn !! smile) Elo kréien mir dech un d'Fotograféieren!! closed_eye
Kleent 08.07.2006 - 12:51
ech wier och un engem t-shirt interesséiert smile
Johny 08.07.2006 - 13:02
JADE: Groo ass leider oft net immens flott, et hänkt dofun oof wei groo en ass. Mee bon, ech kucken daat alles nach wei ee waat realiseire kann smile
Wanns du weils engem en Thema ugin just, da kéinte mer jo dech vläicht als eischt an d'Lëscht setzen, da gëss du dem Moggy en Thema, an do geet et da richteg lass !?
Maggele 08.07.2006 - 13:26

een T-Shirt fir mech w.e.g. smile

faarf as jo lo wurscht. haaptsach flott bigsmile

ech sin och um contest intresséiert! héiert sech intressant un....
Johny 08.07.2006 - 13:28
Maggele du stees schonn op der Lëscht fier T-shirten hrhr
Majo wanns du och mat mëss beim Contest, an et grad u mir ass en nächsten an der Rei ze wielen, dann huelen ech elo dech bigsmile (Schreiwen et och am Forum)
Wir gudd wanns du dann keins am Forum schreiwne wens du durno als nächsten wëlls.
mmphotos 08.07.2006 - 18:33
Hun eng nei tshirt propos gemeet...am forum...liesen lount sech. zumols fir dammentongue
JADE 08.07.2006 - 19:12
@ Johny: ech huelen déi Propose fir dem Mogway een Thema unzegin ganz gaeren un! I just would be honored!!!!
Kanns mech jo am Forum virun den Mogway setzen, ech gin einfach nët matt deem Forum eenz.

Hun och schon lauter Ideen, an hätt fir heen nëmmen nach die Qual der Wahl! unhappy(( )))
Kann ët och een engleschen Titel sin?
Wéini geet ët dann lass?
tinchen 08.07.2006 - 20:31
also ech wéilt opjidverfall och en t-shirt!!
en schwarzen an da gréisst L.
an daat mam contest fannen ech eng gudd idée!
CANON 08.07.2006 - 21:01
Salut


Wann et och 1 XL an 1 XXL gett well ech och 2 T-shirts w.e.g. Merci
elmuzo 09.07.2006 - 23:59
Yep, dräi T-Shirten fir den elmuzo w.e.g. closed_eye (ehem, och Xl oder suguer XXL, ehem)
Johny 10.07.2006 - 01:41
http://www.photogen.lu/forum/thread.php?postid=336...

Do gesidd der déi éischt Prototypen.

Bis lo sin et 17 Leit mengen ech dei T-shirten geifen huelen, muencher suguer méi wéi 1. (Haat net geduecht dass daat sou gudd geif ukommen)
alma 10.07.2006 - 07:50
jup 1x T-Shirt fir den alma w.g.l.
CANON 10.07.2006 - 17:14
Ah ech wolt nach soen waan um T-shirt schonn den Num steht dann w.e.g.deen richdegen zb CANON nett mee René
Johny 10.07.2006 - 17:33
@CANON: Daat kennt herno nach, also jiddreen ka wielen ob en iwerhaapt eppes drop wëll. Mee dann geet daat mam richtegen Numm natirlech och smile
CANON 10.07.2006 - 21:13
Jo mee ech mengen vier en seriösen androck ze machen et nett gut z.b. "klengtfierkel" op dem T-shirt zu liesen ...ech hunn elo enn einfach eraus geholl et sinn och aner die " komesch wierken " daat ass nett beis gemengt, mee et gett der Idee en Fouess androck.....
Johny 10.07.2006 - 21:49
Mer gin do herno secher eens smile
CHAREL 10.07.2006 - 22:05
Majo ech giff der zimmlech secher och een huelensmile
kola 10.07.2006 - 22:48
An nach een T-Shirt, dës Kéier fir den kola (ët ass wéi op der Braderie hei ) ;P
Johny 11.07.2006 - 00:22
Fräck, da wiren et lo 20 Leit dei ee geifen huelen .. smile

(Merci all)
benem 11.07.2006 - 13:56
Wann ech mer eng kleng Kritik um Logo erlaaben dierf:
Daat ganzt Logo wierkt op mech bessen zevill "gedreckt", d'Buschtawen sin ze no uneneen. Daat harmonéiert dann rem guer net mat deem groussen Oofstand vun photo an gen.lu zum o an der Mëtt.
Ech géif also den Buschtawen bessen méi Raum zum Ootmen gin, dann wier et ok bigsmile
Johny 11.07.2006 - 14:20
Daat haate mer probeiert an war net sou immens. Mee sws am Header kennt daat nach mei, soen mer, staark eriwer, well en klengen 'Schein nach aussen' drop ass smile
CHAREL 12.07.2006 - 12:58
Hei hunn enmol eng fro wisou geseit een daat neit logo net wann een mam mozilla firefox hei op photogen kennt?
Mojoo 12.07.2006 - 13:04
@Charel: Wei dann? Ech surfen awer och mam Firefox an gesin den Logo!
CHAREL 12.07.2006 - 13:05
hmm! also wann ech d'seit mam internet explorer opmaan dann gesinn ech et och awer eben net wann ech en mam mozilla opmaan! komesch
Mojoo 12.07.2006 - 13:07
Ech kann der just soen dass ech den Logo souwuel am Firefox wei och am Internet Explorer gesin.
CHAREL 12.07.2006 - 13:07
hunn den probleme erkannt .... d'seiten wou een drop waar gin jo emmer gespeichert also huet en daat och mam logo gemaacht wann ech elo daat ganst ouni www maan geht etsmile
Johny 12.07.2006 - 13:12
@Charel: Häss de einfach een Reload gemaach, wir et gaang (Da gët de Cache nämlech geupdate..)
Johny 16.07.2006 - 21:25
http://www.photogen.lu/forum/thread.php?postid=369...

do ass d'Erklärung genee fir den Contest.

Fier MUAR den Owend mussen Themen verdeelt sin.
Lali 18.07.2006 - 21:34
ech gif och gaeren sueen Tshirt hun wann daat méijlech ass ech gucken och ganz haerzzerreissend.......smile)
nikel 25.07.2006 - 13:01
Ech sinn jo schn ungemellt fir en T-Shirt, gell?
Johny 25.07.2006 - 13:12
Nee richteg ugemellt gët sech reischt herno, elo wollt ech just wessen wen alles een geif huelen fir ze schätzen weivill et der gin. (Wei wëllt der ugemellt sin wann keng Gréisst mat ugin gët, keng Faarw vum T-shirt an nix? smile)
bobinski 31.07.2006 - 19:38
Jop ech geing och unbedingt een T-shirt wellen.
De Logo gefällt mer och immens gudd well en sou dezent as an awer trotzdem gudd.
Minaa 31.07.2006 - 21:38
Huch krut déi heiten Diskussioun iwwerhaapt net mat sceptical
Also ech ging awer och een huelen! smile

Si lo bessen ze liddresch fir daat alles duerchzeliesen mee hun hei sou bessen iwwerflunn an gesinn daat verschidden Leit gären hiren richtegen Numm um T-Shirtz hätten. Ech géing et awer dann gudd fannen wann zousätzlech och nach den Usernumm derbäi sting, wann lo ee mat engem Photogen-T-Shirt laanscht ee leeft an sein richtegen Numm drop steet wees een jo awer net onbedéngt ween daat ass, déi meescht User kennt een jo awer nemmen mat hirem Usernumm. Mee daat just als Klammer closed_eye
hobbyfotografluc 31.07.2006 - 22:33
och een T-Shirt fir mech am xl please dann kennt een och dei leit erem vun hei vum site
little-dreamer 08.08.2006 - 09:55
Mio wann der schon sou fläisech amgaang sidd kennt der och een vir mech mathuelen cool ech fannen dem minaa seng idee o net schlechtsmile wier navell ganz intressant!

geng mech navell interesseieren wou der dei t-shirten drocken loost?
ech kennen nähmlesch eng plaatz wu een ganz gudd t-shirten drocken loosen kann...an wat en et der mei sin, wat et mi bellech get! mengen sou war et =P
joellchen 08.08.2006 - 14:14
damdidam, ech gif wei gesoot och een huerlen closed_eye
Johny 08.08.2006 - 14:48
@Minaa: Et kennt daat drop waat d'Leit wellen, ganz einfach smile
patty 09.08.2006 - 18:02
genau ech well och een! smile mee daat geht bestemmt nach am detail alles geschriiwen?! wou sech jidereen aschreiwwen kann wien een well an weieng greisst an wensch...
hun lo och net alles gelies ausser den minaa sain comment well dat ass iegentwei bessen caos! smile)
DiGGi-Team 10.08.2006 - 14:22
Also hätt evt. och Interessen un engem T-Shirt.
Waat géing daat Stëck'chen dann kaschten?
Johny 10.08.2006 - 22:26
@patty: Meng Comments liesen geif duergoen ...

Fier jiddreen: Daat mam umellen kennt réischt, et ass nach net ze speit an och kann ee sech nach net umellen

@Diggi-team: 15 - 25 € anscheinend smile
patty 12.08.2006 - 21:55
oh Johny do weist ech geur net wou ech ufänken sollt! smile
et sin der einfach zevill!hehe
CANON 22.08.2006 - 21:11
An mengste fir Kreschdaach wären se do , well dann kann en se jo undinn ( elo ass et ze waarm ) ..D
Johny 23.08.2006 - 00:41
Hehe, also ech haat nach eppes nogefroot, waat ech muss wessen fir kënnen Donnéen ze gin fier een drécken ze loossen, mee ech hun nach keng Äntwert dodrop kritt ...
CANON 23.08.2006 - 11:57
OK Johny ech hunn jo eppes missen schreiwen.....Merci
-Laurent- 25.08.2006 - 15:13
Jo machen mer fleit awer leiwer ploveren tongue
oder mutzen schaler..hmm ganzen merchandising

dann natirlech sammelbiller mat den topfotojurymember drop
an taasen mam johny senger binett drop
hmm onendlech meiglechkeeten