Header
User Radu
(25.04.2006 - 21:51)
Also den richtegen Radu Pantea huet eis geschter eng E-Mail geschriwen dass en gemierkt hätt, et geif een op eiser Säit Blödsinn mat sengem Numm dreiwen. Ob et just war fier Blödsinn ze maachen, oder fier heen iergent wéi unzegräifen war net kloer. Haut hun ech mat em telefoneiert an duerno sin sou muench Saachen kloer gin:

Eis useren Ildiko kennt äus Bukarest an ass dem richtegen Radu Pantea seng Ex-Frendin, waat rem mat him Kontakt wollt ophuelen, an op ungaresch geschriwen huet.

Den User Radu, ass eigentlech keen aaneren wéi den Pletsch. Dësen Account gouf nemmen gemaach fier sou Saachen ze schreiwen, well him verschidde Saachen net gaangen sin. Dozou gehéiert dass e soot et geifen deelweis doutschlecht Fotoen ropgelueden gin, an en plus geifen nemmen Fotoen gudd bewärt gin wann se och mat enger deierer Kamera gemaach wir, oder vun bestëmmten User ropgelueden gin wir. Nach derbäi war en der Meenung verschidde Leit géifen befirdeelecht gin.

All dëst ass natierlech trotzdem kee Grond eng Persoun dei wierklech hei am Land wunnt (an och wierklech Dirigent ass an Rumän z.B. ...) duerch den Dreck ze zéien. An doduerch, well eng aaner Persoun mat dran bezunn gin ass, muss ech daat ganzt leider hei sou veröffentlechen.

Merci op dëser Plaatz soen ech de Leit déi gehollef hun d'Saach ze "entdecken".

Den Account "Radu" ass geblockt, also et huet kee Wärt dass der him PM'en schreift oder sou, wann dann schreiwt se un den Pletsch ...

Hoffen mer alt dass net rem sou eppes virkennt.


WICHTEG:
Schlussendlech denken ech ass et awer besser d'Kommentarer einfach net mei weisen ze loossen, et huet jo kee Wärt, et kennt emmer rem daat selwecht.
Waat ech dann nach ze soen hun:
Pletsch: Et muss een wann een sou e Site huet net beemol 24h/24 do setzen Ip'en ze vergläichen, wei an de Kommentaren shconn gesoot gouf, wann d'User sech normal behuelen bleiwt mei Zäit fir dei Responsabel sech em de recht ze këmmeren, also de Site weider ze entwéckelen.
dawnii: Ech hun hei express Kommentarer zougeloos, well läscht Keier wou se beemol zougemaach goufen hun verschidde User daat net an der Rei fonnt, an dass mer sou Diskussiounen geifen blocken wir net gudd. Mee lo hudd der jo hoffentlech gesin waat sou derbäi räuskënnt wann sou eppes lassgeet. Kuerz: Guer näicht kennt derbäi eräus. Vläicht verstidd der elo besser dass een a verschiddene Situatiounen besser huet keng Kommentarer ze erlaaben oder sou ähnleches. (Ass lo net nemmen fier dech gemengt, mee fir alleguerten)

Schlussendlech hoffen ech dass näicht mei sou virkennt, well ech hu keng Loscht rem Stonnen an der Datenbank ze hänken an no Saachen ze sichen. Daat ass nët de Sënn heifun. Wei en aaneren mer per PM geschriwen huet: Daat hei sollt am beschten vergiess gin an et sollt sech op d'Fotoen konzentréiert gin.

Denen déi sech sérieux behuelen wënschen ech dann nach vill Spaaß um Site.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Pletsch 25.04.2006 - 21:58
Merci johny dat ass ganz frendlech wann der wessen wellt wei der iech ofmellen wellt dann gidd bei den johny eng pm schreiwen
Johny 25.04.2006 - 22:01
Wëlls de lo mir d'Schold gin? Du wolls et jo maachen, an du hues och dermat mussen rechnen dass et räuskënnt. Du kanns lo dofier net mir d'Schold gin nemmen well ech de Leit et soen. Du muss dech mat déngen eegenen Ouren huelen smile Och wanns de vis-à-vis vu mär emmer fäin wars, eigentlech, mee bon. Daat ännert heirun leider näicht.
Pletsch 25.04.2006 - 22:00
Johny lei net mat dem Eldiko dat stemmt jo alles net du hues den eldiko gespillt an soss keen well dat war vun eng wieklech ganz bellegen translator ofgeleiert
Johny 25.04.2006 - 22:02
Ech hun der gesoot dass daat stëmmt, an ech schreiwen secher net hei an d'News sou eppes grousses waat net stemmt. Dem Ildiko seng IP ass eng ungaresch, daat ass einfach Fakt. An ech wärt wuel wëssen mat wem ech telefonéiert hun.
patty 25.04.2006 - 22:00
oh egal waat!!!! mee du provozeiers mat dengen aussoen! ech hat der schon geschriwwen!!! an hun der meng mehnung och schon gesot waat ech dovunner haalen!!
Pletsch 25.04.2006 - 22:03
jo du hues mech gefrot op ech den radu war ech war ewer ennert pletsch wou du dei pm gescheckt hues ugemellt
patty 25.04.2006 - 22:04
hehe ma gesais de mol wei gudd ech sin! smile
den pletsch war jo online an net den radu!
Pletsch 25.04.2006 - 22:04
wesst dir wat dir knnt mech am **** ******
Pletsch 25.04.2006 - 22:06
Ech maan op jidde falls keng reklam mei fiir desen Site eischter anti-reklamm dorop kent dir iech verlosen
patty 25.04.2006 - 22:07
em mier kennen jo net dofier dass du mengs du misst falsch nimm agin an laid mat 1 foto provozeieren! et huet jo keen gesot du häss et missen man!
Pletsch 26.04.2006 - 20:08
Ween sot dann dat dir eppes dofiir kent?
Pletsch 25.04.2006 - 22:06
Ech hun dat net neidesch!!
Johny 25.04.2006 - 22:08
Schreiw emol alles an een Kommentar.

Äußerdem sin wuel eischter eis User hei déi sou eppes wéi een "Radu" nët néidech hun, wéis du eise Site. Du därfs denen wous de dann anti-reklamm mëss, jo och ganz gären verzaapen waats du dann hei sou gemaach hues. En normalen Mënscheverstand denkt jo dann dass de der et selwer siche gaangen bass.
Maggele 25.04.2006 - 22:10

eben
Maggele 25.04.2006 - 22:09

kaaaner!

genuch gestridden!
pletsch wanns de schäiss gebaut hues, dann as dat eng sach. mee wanns de elo sou weiderfiers dann as dat awer wierklech stillos a beweist nemmen dass de e schlechte verléierer bass. dass elo jidderee rose mat der as muss de jo erwaart hun.... ech schloe fir dass de dech entschällegs, -z.b. hei- a probéiers respektvoll weiderzefueren wéi firdrun.
Pletsch 26.04.2006 - 18:10
wann et een verleierer get wou ass dann den gewnner?
Mojoo 26.04.2006 - 18:54
Den Gewënner waerten mir wuel alleguerten hei sin. Mir hun neemlech an deer Hinsicht gewonnen dass mir keen opfällegen User mei hun deen eis nervt an nemmen Schrott verzaapt.

Ech verschtin, sou ganz nierwenbäi, iwwerhaapt net firwaats du hei nach emmer esou eng opfeiers. Du mess dech nemmen nach mei zum Aaf.. ! Du wars et einfa, an domadder muss de elo lierwen kennen, vu que dass du der jo souwisou denken konnts dass et giff opfléien. Well sou opfälleg weis du Dommheeten gemaach hues, an iwwerall Scheiss geschriwwen hues.. bon.. daat war wiirklech net réiflech iwwerluercht! cool

Et ass jo nemmen lächerlech waats du gemaacht hues, an waats du nach weiderhin hei mess. Op alle Fall, loos et lo einfach gudd sin, ech froon mech nämlech op waats du nach waarts. Ech waarden nämlech nach ob eppes.. ob eng Entschellegung oder weinstens eng Äntfert ob den "Firwaat daat ganzt??". Well eng rational Erklärung fir daat get et secherlech net. Ech kann mir dat nemmen mat zevill Zeit, Langweil, oder Freed um Stress maachen erklären.
Pletsch 26.04.2006 - 19:08
jo also dei ganz Erklärung hun ech dem johny eigentlech schon ginn. Mais dobai kinnt een och nach e bessen Spass zielen. Den Herr Pantea huet guer naischt mat desem Spass ze dinn et ass eben just pueren zoufall datt et eben just sein Numm ass ech wollt den am Fong net duerch den Dreck zeien. Den Johny huet ganz 3 Wochen gebraucht fiir deen ganzen Blödsinn opzedecken. Ech hun mech express esou opfelleg beholl. Et war pueren Spass am Fong, Realiteit vum Site an fiir mol ze checken op Leit hei fett Beviirdeelecht gin(zumols drei sou Useren mat engem grengen Strech, zwee dovunner sin Witzbolden dei sech alles erlaaben därfen an naischt gesot kreien) ...bon. Ech wollt dem Johny alt och bessen weisen datt deen ganzen Site am bessen Sch**** organiseiert ass. Stell dir dat emol fir deen brauch ganz 3 Wochen viir dat dann ze checken do muss eppes passeieren
mmphotos 26.04.2006 - 19:29
Bon et haaten der jo schon vill ganz laang eng ahnung...mee wann een enicht beweisen kann kann een jo och neicht ennerhuelen...soss heecht et rem hei waer eng diktatur
Pletsch 26.04.2006 - 19:42
Jo mais fannen den Admin soll sain Site ennert Kontroll hun. heen hett jo kinnten einfach läschen. Et ken ma ewer elo keen kommen et wieren schon vun Ufaang un keng Bewieser do gewiest. Et war alles voll. Heen hätt sollten den Radu direckt läschen an et wier baal kengem opgefall. Ech fannen do muss photogen zwar vill mei strikt gin, natiirlech net einfach eou läschen wengs schlecht Bewärtungen, mais well et net serieux ass. Beispill phila=Baustell. All Mensch kennt D'phila oder dat Rumänien besser ass, dat seet jo keen deen een gesonden Menschverstand huet
mmphotos 26.04.2006 - 19:47
Jo ok... Mee awer wann sech duerno iegentwei rausgestallt haett dat deen radu daat eecht gemengt haett...waat mengs de waeren dann vun diskussiounen komm.Du haas jo op alles eng aentwert...och op deen scheiss mat der camera...se wwaren zwar net emmer realistesch mee du haas se alt...an bon am ufank war den "radu" jo nach halbwegs serieux...bessen "hannendran" mee serieux...verstees de waat ech mengen??
Pletsch 26.04.2006 - 19:52
Jo ech verstinn mais virun zwou Wochen hätt heen et ewer mierken missen
mmphotos 26.04.2006 - 19:54
bon genau kann ech daat net son...mee et muss een emmer bedenken dass den Plaetsch bis firun 3 wochen na een serioen user war...an dann op eenmol pletsch an radu dei naemlecht IP an Letsch och nach...kloer dann denk een sech do waer eps lusch...mee fier daat dann direkt richteg ze kombineieren...naja...also ech fannen den johny huet seng sacah gudd gemeet...stell der fier den radu waer firun puer deeg einfach sou gelaescht gin...ween haett dann eng mega sicussioun am forum ugefaangen?? Den Pletsch an den Letsch...oder net????
Pletsch 26.04.2006 - 20:03
gleeven ech zwar net dann wär d'Saach erleedescht
Pletsch 26.04.2006 - 20:03
gleeven ech zwar net dann wär d'Saach erleedescht
Pletsch 26.04.2006 - 19:57
Jo ech verstinn mais virun zwou Wochen hätt heen et ewer mierken missen datt do eppes faul ass. Mais wen giff dat dann schon mierken wann beemol een User net mei do wier heen hätt alles gelöscht an dann hätt nie een sech opgereecht
mmphotos 26.04.2006 - 19:59
Wetten du haess am Forum eps ugefaang...Bon hoffen deen "spaas" haellt lo op...du behells dech wei emmer...an geseis an dass de een feeler gemeet hues...kanns jo och een serioeen user sinclosed_eye

D'kiicht op der glace waer natirlech na eng kleng entschellegungsmile
Mojoo 26.04.2006 - 19:51
Ok allt schon gudd dass du selwer zou gess dass de keen gesonden Menschenverschtand hues.
Pletsch 26.04.2006 - 19:54
lo mol lues. ech hun datt just viirgetäuscht,
Pletsch 26.04.2006 - 19:59
lo mol lues. ech hun datt just viirgetäuscht.
patty 26.04.2006 - 20:00
ALSO WOU SIN MIER DANN HEI? AN DER SPILLSCHOUL? PLETSCH WEI AAL BASS DU?
Pletsch 26.04.2006 - 20:03
Een besseren Toun w.e.g.
coolpix 26.04.2006 - 20:16
Bravo, dei Fro hunn ech mer och schon gestallt. Naja, et schengt en klengt Kand ze sinn waat sech hannert sengem Computer verstoppt an mat Fakes seng Meenung seet well en et sech esou mol net traut. Objiddenfall huet en d'Vertrauen vun der Community verluer.
Pletsch 26.04.2006 - 20:45
Soineier den Language och emol e bessen.

Wees te d'Vertrauen vun der Community ass mer am fong ganz egal, well dei Community ass jo net grad proffesionnel an ausserdem ass den Language um Site onerheiert.
coolpix 26.04.2006 - 20:48
Mat dengen Kommentarer deis de ennert falschen Nicks geschriwwen hues an den Votes deis de oofginn hues mierken mer io daats du en zimlechen Profi bass. Mee waat mess de dann an esou enger onprofessioneller Community?
Pletsch 26.04.2006 - 20:51
Wat mess du iwerhaat hei, mengs jo selver du wers professionnell. an ausserdem geet et hei op dem Site schon esou weit datt Foto dei mam Handy gemach goufen eropgelueden ginn.

mmphotos 26.04.2006 - 20:53
Lo gees de awer d'ausnahmen sichen. Sou mein laeschten komment.Daat hai get mier ze debil.
coolpix 26.04.2006 - 20:53
Geff mer nemmen een Beispill daat ech mengen ech wier professionell. Wanns de een fenns: Bravo!

Mee daat ganzt hei leeft zimlech op d'Kannregt eraus.
Pletsch 26.04.2006 - 20:56
Fannen ech am Fong och mais bon den Johny huet et jo onbedingt missen hun. Domatt mengen ech dat dat heiten an den News guer net neidech gewiercht wär
mmphotos 26.04.2006 - 20:58
Sry mee kann et net loosen. Ween probeiert dann hei nachh sech an d'gudd liicht ze stellen an den groussen retter vum site ze sin?
Pletsch 26.04.2006 - 21:07
Also ech net. Ech sin keen Retter vum Site
coolpix 26.04.2006 - 20:59
DU hues et missen hunn. DU hues gemengt deng Meenung missen mat falschen Nicks ze soen. DU hues gemengt du dierfs engem aaneren säin Numm benotzen. DU hues daat alles verbockt. Du hues io gesinn wei wäit daat hei gangen ass. An den richtegen Radu Pantea haett hei reng theoretesch nach mei wäit geint dech kennen fiergoen.

Den Johny huet daat ganzt just opgeklärt.

PS: E Beispill hues de wuel net fonnt?
Pletsch 26.04.2006 - 21:03
An all normaler Community hätt een deen User einfach geläscht mat enger Begrenung dei een dem per E-mail gescheckt huet.
Jo den Johny huet et no 3 Wochen opgeklert an no twee hätt heen et och schon kinnten maan heen hat genuch Beweiser. Also: Heen huet den Site net ennert Kontroll
coolpix 26.04.2006 - 21:10
Wann et keng sou ... (du kanns der elo denken waats de wells, dierfs och Adjektiver bäisetzen) weis du geifen ginn, dei mengen besser wei dei aaner ze sinn an den Admin erausfuerderen, da misst den Johny praktesch guer net op d'User oppassen. Mee en normalt "Zesummenliewen" schengt io mettlerweil net mei meiglech ze sinn.

Ech well och just soen daat den Johny och en Privatliewen huet, an en studeiert och. Hien hockt keng 24h den Dag vierum Computer fier hei *gewessen* User opzespieren mee iergendwei huet en awer tonnevill Zäit hei dran investeiert.

Keng schwaarz Schof = manner Arbecht fier den Admin = et kann sech mei em d'Community gekemmert ginn = Fortschretter (Entwecklung) = besser Community
Pletsch 26.04.2006 - 21:13
Also dann soll heen keen Site maan wann heen keng Zait huet.

Ech well mech hei mat elo net grad streiden mais du mess jo emmer weider.
mmphotos 26.04.2006 - 20:50
Bon ech wees jo net.Mee ech schwetzen dann eeben mei soigneiert. Leiwen haer verstidd der net dat keen mensch iech zwengt een member vun daer community ze sin...wann et iech net gefaellt, waat ech unhand vun aeren remarkenn unhuelen zwngt keen iech hei um Site ze bleiwen!

Verstees de waat ech mengen?
Johny 26.04.2006 - 20:26
Also et ass wei den mmphotos soot, wir en geläscht gin weinst den luschen Kommentaren, an herno wir et trotzdem richteg geweecht (et gin eben komesch Leit), dann wir eng deck Diskussioun lass gaang asw. Dofier wollt ech 0 Risiko goen an wirklech handfest Beweiser hun eiert ech eppes maachen. An direkt den eischten Daach wou den Radu registreiert war, kruut ech scho Bemierkungen zu dem gemaach, an dass gemengt get daat wir den zweeten Account vun engem. Mee d'IPen hun ech nie nogekuckt gehaat, leider.
Pletsch 26.04.2006 - 20:49
Jo mais wann een lusch Kommentarer mescht ass et normal dat een geblockt gett.

Jo also hues te dain Site absolut net enner Kontroll
CK 26.04.2006 - 21:21
Sorry, mee waat soll en dann machen? Bei jidferengem deen sech umeld mol fir d'éicht eng Kopie vum Pass froën?

Well et get secherlech interessanteres am Liewen wéi als Site-Admin IP-Adressen nozekucken fir de Fall wou dann vlaicht 1 vun 500 Useren en Abus bedreift; an wann den Johny daat elo vun Ufank un gemeet hätt, da wier gesoot gin, "en traut kengem an kontrolléiert alles" an schon wieren aner Diskussiounen opkomm nom Motto Polizeistaat, Privatsphär, etc.

Meng perséinlech Meenung zu deser Saach hei ass dass du en Fehler gemeet hues, well amplaatz eppes méi konstruktives zum Site beizedroën hues du et firgezun d'Leit hannert d'Liicht ze féieren (fir et mol ganz fein auszedrécken). Dass du dech elo als d'Opfer duerstells dréit net grad derzou bei dass de lo besser do stees.

Wéi schon anerer gesoot hun, ech denken et wier un der Zeit dass de dech entschëllegs. Bei villen aneren Siten wiers de schon laang erausgeheit gin.

Esouvill vun mir dozou, hoffen desen Thema ass geschwënn begruewen (op wéi eng Art an Weis och emmer).
Pletsch 26.04.2006 - 21:32
Nee sin ech net mat der d'accord. Villait elo net eng pass-kontroll mais et ass awer elo keen problem fiir d'ip nozekuken. Ech gesinn mech hei zwar absolut net als opfer.
Pletsch 26.04.2006 - 21:32
Nee sin ech net mat der d'accord. Villait elo net eng pass-kontroll mais et ass awer elo keen problem fiir d'ip nozekuken. Ech gesinn mech hei zwar absolut net als opfer.
Pletsch 26.04.2006 - 21:06
An Coolpix ech hun mech och alt schon gefrot wat's du hei iwerhaat hei matzeschwetzen hues. Du hues keen Kommentar krut an goufs och net belästegt. Also wat reechs te dech op?
mmphotos 26.04.2006 - 21:09
Firwaat gouf ech iwwerhaabt belaestegt?? Wann ech fron duerf.
Pletsch 26.04.2006 - 21:10
ma wengs denger Phila Foto
mmphotos 26.04.2006 - 21:12
Jo ok,,,mee firwaat? Also firwaat schon bei daer soueen komment?
coolpix 26.04.2006 - 21:13
Kuck emol hei [1] bei Spirit. Daat erklaert der fierwaat ech geaentwert hunn. An gehei och en Bléck op d'Problems, do fenns de dech och erem.

[1] http://en.wikipedia.org/wiki/Community

Daat ass vläit iwwerdriwwen mat deem Link mee trefft +/- zou.
Pletsch 26.04.2006 - 21:16
Also du hues hei alt erem guer naischt verstaan, mais egal. ech fannen mir sollten hei ophaalen mat argumenteieren
mmphotos 26.04.2006 - 21:18
Ech weilt just wessen firwaat ech deen eichten komment krut..also deen deen sou scheiss war...maat der baustell
Pletsch 26.04.2006 - 21:24
dat war zwar een kommentar deen der realiteit entsprecht. d'phila war zwar mais esou ass belleg gebaut. Hei war e bessen eng Anspielung drop viir emol ze kuken op den Johny dohannert kannt.
mmphotos 26.04.2006 - 21:29
Mee firwaat ech?
Pletsch 26.04.2006 - 21:33
Du hass dei riichteg Foto hei huet een alles ganz detailleiert gesinn
mmphotos 26.04.2006 - 21:34
Egal waat! eierlech
Pletsch 26.04.2006 - 21:42
Firwat dann dat si huet dei belleg Konstruktion ganz genau duergestallt
Mojoo 26.04.2006 - 21:52
Ech mengen et waer elo un der Zeit den Thread zou ze maachen?!

Den Pletsch kennt jo elo souwisou mat neicht Néiem mei, gëtt emmer nemmen dat Selwecht widderholl.
Nei Argumenter kommen och netmei an d'Spill.

Ausserdem reegt mech dat Ganzt einfach nemmen nach op, an ech kann et einfach net loosen fir him emmer erem zreckzeschreiwen.. mee et brengt jo neicht.
Pletsch 26.04.2006 - 21:56
Dat ass dat wat ech jo schon gesot hunn firwat net einfach läschen an naischt soen. Et wär jiddereen frou an an et gein sech keen mei em den Pantea kemmeren
Mojoo 26.04.2006 - 22:08
Hehe nee, dat haess du wuel gaeren gehaat !! Dann wiers du gudd ewesch komm!
Den Johny huet genau dat Richtegt gemaach. Jiddfereen soll gewuer gin waats du fir Scheiss gebaut hues.

Dat ass richteg an gerecht!
Pletsch 26.04.2006 - 22:42
Jo villait ass et dat mais awer keng reklam fiir sain site wei den dawnii dat gesot huet.
Pletsch 26.04.2006 - 21:54
Fiir iech ass jo d'Phila hellech obwuel se schaiss ass. Een Tipp fiir den Johny : Maach eng Rubrikk nemmen mat phila, du kens och nach eng ennerdeelung maan: Phila vun der beschter Sait an Phila an der realiteit
Pletsch 26.04.2006 - 22:00
Eng kleng remarque niewenbei fir den Johny: deng auer geet 5 minuten fiir
mmphotos 26.04.2006 - 22:03
Hei haess de et missen maachen wei deemols mam Lex. Den Text stoen loosen an einfach keng Komments zouloosen...mein laeschten komment!!!!!!
Pletsch 26.04.2006 - 22:06
Jo dat mam Lex hun ech och guer net an der Rei fonnt. Et giff mech emol geren interresseieren wat heen dann esou schlemmes gema huet. Deen gouf jo regelrecht ausgemobbt aus der Administration. Wei ech eben gesot hun heen hätt besser gehaad dei nnews hei net opzemaan.
mmphotos 26.04.2006 - 22:48
Bon mier faenken dei diskussioun mam lex net nei un Mee heen war am ufank net als admin derbei an heen gouf reicht no puer meint beigeholl...dofier bon...et as hiet recht en rem fortzeschecken.
dawnii 26.04.2006 - 22:16
Also an äerer Plaaz ging ech den Thread och zou maan, well a) et as einfach sou eppes vun topeg an respektlos deene aaneren geigeniwwer een User ze maan fir dei aaner erofzemaan, mee och b) as et baal genausou schlemm een Thread ze maan wou dann jidfereen öffentlech kann op deen klappen.. An ween as den Henker??

Pletsch : ech hätt an denger Plaaz mech heimat einfach no der News erausgezunn. Fäerdeg mam Lack, du häss daat mat deem User, och wann et Spaass war net sollen maan, an fäerdeg. Daat weisst net immens vill Verstand.

Johny : daat heiten mecht net gudd op dengem Site.. An wann eng Diskussioun bis am Laafen as, geet se herno och iwer PM an hei an do weider.. Daat muss keng Ausmossen kreien.. Läschen a basta wier vläit wirklech dei besser Leisung gewiecht.. Dest as schon baal eng Hinrichtung wann een daat liest, just datt net mat Ätonguepel an Tomaten geheit get mee mat Comments..
coolpix 26.04.2006 - 22:21
Et ass esou oder esou net gudd. Wier et ouni Kommentar geschitt wei beim Lex, wier d'Diskussioun opkomm daat'en d'User keen Matsproocherecht hunn an alles vertuscht gett. Oder eben daat hei. Mee et muss een wuel Kompromisser zeihen closed_eye.
dawnii 26.04.2006 - 22:28
Jo, mee dofir as jo dann wirklech eischter een Forum do.. Daat as net direkt op enger Haaptsäit vum Site. Ech fannen et brauch keen sech hei aus der Community lo hannergaangen ze fillen well eppes vertuscht gouf oder net. Et muss een net alles soen. Wann d'ganz Welt drechen eierlech wier, daat wier net auszehaalen.. Du kanns jo och net iwert d'Strooss goen an jidferengem soen datt se doudellen sin oder sou. Och wann daat fir dech eierlech wier. D'Majoriteit vun den User hätt daat heiten mol net gemierkt wann et net hei ging stoen.. An sou kommen natirlech Kommentaren derbäi, et war jo baal gefroot sech ze äusseren..

Ech huelen och dofir dei Reaktiounen hei secher kengem iwel, well daat war alles ze erwaarden..
Pletsch 26.04.2006 - 22:33
So kens te deng gedanken mol e bessen fiir dech haalen...merci.
dawnii 26.04.2006 - 22:45
Des zum Beispill as een vun den Momenter wou een net onbedengt muss eierlech sin.. oder net komplett.. dofir haalen ech e puer Saachen fir mech an soen dir just daat heiten : wann dest mäin Site wier, hätt ech dech schon gebannt soubaal dei Radu-Aktioun opgeflunn wier. An et wier mir egal gewiecht ween ech domat geteitscht hätt.
Pletsch 26.04.2006 - 22:49
Jo hätt ech och keen Problem matt. Dat gif ech nemmen gerecht fannen
Pletsch 26.04.2006 - 22:29
jjo mais ech mengen dat ganz huet och eppes positives: den johny wees elo nach epuer verbesserungsviirschlei. Heen huet elo mei Erfahrung. Heen muss emol sein system emenneren dat net jiddereen hei mat der selweschter ip hei kennt.
Mojoo 26.04.2006 - 22:30
Gudd daat mir dech hun... !!
Pletsch 26.04.2006 - 22:35
Genau fannen ech och. Et ass och gudd datt ma dech an dei aner hun(dei hei geschriwen hun) fiir dat heiten weiderzefeieren
Pletsch 26.04.2006 - 22:21
Bravo!!!!!!Aplaus fiir den dawnii!!!! Den Dawnii huet hei komplett recht. Mol een deen hei sou seet wei et ass an alles verstaan huet. Bravoo!!!
CK 26.04.2006 - 22:23
"Cleanup on Aisle 5, please."

An aneren Wierder, denken d'Comments komplett läschen wier wuel effektiv daat bescht, esoulaang wéi dann net rem 7 Leit en Forum-Thread opmaan fir ze froën waat leeft. smile
Pletsch 26.04.2006 - 22:25
Jo do hues te recht.
Johny 26.04.2006 - 23:22
Also Jongen:

Pletsch: Ech froen mech waats du iwerhaapt esou denks ? Wann een sou e Site mecht muss een 24h / 24 dobäi hänken an IP'en mateneen vergläichen nemmen well et Leit gin eweis du déi soss näicht ze din hun wéi aanerer ze nerven ? Do läit secher net de Feeler bei mir, mee bei dir. Waats du hei vun der gëss ass relativ egal waat. Mee du schéngs jo alles besser ze wessen an besser ze kënnen, dann probéier du mol sou e Site op d'Been ze stellen. Et ass einfach als User engem Admin iergent eppes firzegeheien wann een 0 Ahnung huet vun dem waat iwerhaapt sou gemaach gët intern.

dawnii: Wann ech daat gemaach hätt wiren direkt rem Leit komm an hätten daat aalt Thema opgegraff dass direkt eppes zoigemaach get wou keinten diskussiounen opkommen. Lo wollt ech denen Leit dei daat behaapt hun emol weisen waat sou schéines derbäi räuskennt wann een d'User diskutéiren léisst. An ech hoffen lo verstin och mol puer Leit wisou een sou Saachen vun Ufank un sollt zoumaachen, vill vun ierch hun et jo an tëschen Zäit selwer agesin. An net alles kann flott sin fir e Site, mee daat hei ass eng Saach dei d'User einfach sollten wëssen.

Kommentarer schreiwen kann een net mei, et ass denken ech alles gesoot a gesin gin.