Header
Google AdSense
(21.04.2006 - 02:33)
Dei eenzech Reklamm dei mer bis elo hei gemaach hun waren jo am fong d'Banner fier eis Partnersäiten. Allerdings gët et do och google AdSense, waat sou gemaach ass, dass een et kann u seng Säit upassen, waat Farwen an Gréisst vun den 'Annoncen' ugeet. Dës Zort vu Reklamm gët op villen Websäiten gemaach, an huet als Virdeel fier déi déi d'Websäit hun dass se kënnen domat bessen Suen rakréien fier hiere Projet ze ënnerstëtzen. Sou eppes huet awer réischt e Wärt vun enger bestemmtner Unzuel vun Visiteuren un, an vu dass mer lo sulues 600 Visiteuren den Daach hun, kéint daat interessant gin.

Lénks ënnert der klenger Oplëschtung vun eisen Partner gesidd der als eischt de Link fier de Firefox roofzelueden an duerno dei Annoncen vun Google.

Jidfereen den iwert den Banner fiert fier sech den Firefox eroofzelueden, bréngt eis eppes klengs eran (natirlech muss heen awer näicht bezuelen).

An mat den Annoncen do ass elo nach net sou ganz kloer waat emmer drop gewise gët mee do zielt et wei oft drop geklickt gët, wéivill mir domadden "verdingen".

Dofier bieden mer Ierch, falls der den Firefox nach net hudd, en souwisou ze installéieren (Gleewt mer, et ass einfach), an dann eben dofier iwert eisen Banner ze fueren, dann hun mier och eppes klenges derfun. Dier froot Ierch vläicht elo, wisou Firefox an net internet Explorer? Ganz einfach, den Internet Explorer huet eischtens emol vill méi Sëcherheetslücken wei den Firefox, daat ass keen Gerücht, mee eng Tatsaach. (vun villen Firmen an Organsiatiounen bewisen) Da kënnt nach derbäi, dass et verschidden Standards gin wei een HTML soll opbauen, w3c genannt. Dës Standards sollen engem hellefen d'Säiten sou opzebauen dass se iwerall richteg ugewisen gin an nach derbäi propper opgebaut sin. Allerdings ënnerstëtzt den Internet Explorer dës net zu 100%. Daat ass och de Grond dofier firwaat Photogen net w3c Standard ass. Den Internet Explorer verzitt an verstellt eis Websäit wann ech daat maachen. Den Firefox mëcht do alles richteg.

Am fall wou mer wierklech géifen bessen Suen domadden rakréien gin dës Suen geholl fier entweder eis Domain photogen.lu ze bezuelen oder eventuell kleng Präisser fier eis Contests dei geschwenn kommen wärten. KEEN zitt do en perséinlechen Notzen dräus, alles gët rem an de Projet gestach.

Dofier bieden mer ierch, heinsto op sou eng Annonce ze klicken, et hëllt net vill Zäit ewech mee mat all Klick hëlleft dier photogen.lu en bessen.

Merci
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
ploro 22.04.2006 - 10:36
Ass jo alles schein an gut mat der werbung, ech hoffen et get just net domatter iwwerdriwen
sou wei se momentan angefügt ass steiert se fannen ech net an ass gut an onopfälleg verschafft
An, lo wou d dei lenk menu leescht och mei lang gin ass kint en iwwerleen och zB d startsait mei 'lang' ze man zB anplatz 4 news der 6 oder 7 unzeweisen oder iergenteppes anescht, wann dat net ze oniwwersiichtlech get?
Johny 22.04.2006 - 13:26
Nee domat get net iwerdriwen, daat ass jo su gudd un der Google Reklamm, dass ee se ocvh upasse kann. dann stéiert se wirklech neirens.

Op der Startsäit wollt ech nach puer kleng Saachen bäisetzen dei se mei grouss maachen closed_eye
Johny 24.04.2006 - 13:28
Sou hu lo mol bäigemaach dass dei läscht 5 Kommentarer gewisen gin an vu dass riets dun och nahc mei Plaatz bäikomm ass, hun ech do déi Sich bäigesaat mat der een elo och einfach no Saachen hei um Site sichen kann. Denken daat kinnt ganz nëtzlech sin.
coolpix 24.04.2006 - 16:45
Daat ass zwar ganz flott mat der Sich, mee mir gefaalen dei kommentaren op der eichter Säit net besonneg. Se brengen d'Säit aus dem Gleichgewiicht an et gesäit iwwerlueden aus. Ech perseinlech geiw elo 6 News Items besser fannen wei dei 5 laecht Kommentarer do.
CK 24.04.2006 - 20:33
Muss dem coolpix Recht gin, fannen deen "Last 5 comments" Feature och net esou gudd - zumols bei Kommentaren déi Äntwerten op aner Kommentaren sin, do mecht daat dann net vill Senn well se jo komplett aus dem Kontext gerappt sin.
ploro 24.04.2006 - 19:29
hmm also dei letzt 5 kommentarer fannen ech steieren och, well do einfach 5 kommentarer stinn, an kenger relatioun zueneen an dei dei meescht dach nit interresseriern. wan dann grat en op terrortrip ass (tongue) an grat bei all bild sain kommentar get dann sen 5 kommentarer vun dem selvechten user do.
an ausgeisnn deet et onet gut, ech mengen ausser d 'sich' dei ech ganz praktesch fannen gief ech et awer flaicht lossen, an naciht baisetzen iwwerfellt d startsait bessen
Johny 24.04.2006 - 22:00
Hm do schéngen d'Meenungen äuserneen ze goen well gescht Owend direkt wou ech et online gesaat hun huet een dem yoshi am MSN scho gesoot e geif et flott fannen...

Äntwerten op aaner Kommentaren daat kinnt een einfach äusschléissen ...
suham 24.06.2006 - 11:12
Ech fannen daat mat den reklammen an der rei
emmerhin hun ech reicht wei ech dei news hei gelies hun die eischten keier realiseiert datt hei reklammen wiren Oo
natirlech och direkt enkeier op all banner gekleckt well se sou interessant sen smile