Header
Wallpapers
(18.04.2006 - 00:16)
Also an der läscht sin emmer méi Leit komm déi Wallpapers ropgelueden hun, mee seelen waren der derbäi wou ee geduecht huet, déi kéint een och als Wallpapers gebräuchen. Mer waren allen 3 immens relax waat Saachen Wallpaper aktivéieren ugeet, mee elo ass et sulues einfach ze vill gin.

Et ware Leit déi hun einfach hier Foto grouss ropgelueden, dei awer net wirklech als Wallpapers ze gebräuche sin, wubäi se nach derbäi net gudd Qualiteit haat an der Opléisung. En plus waren der derbäi wou mer vun User gesoot kruuten se wiren net vun dem jeenechen selwer gemaach (den jeenechen haat immens vill Wallpaper ropgelueden), an ech si mer secher dass daat och nach bei aaneren den Fall war. Nach derbäi hun verschiddener och d'Wallpaper als Ersatz fir d'Galerie gebräucht well do d'Foto keng Kommentarer kruut oder sou.

Ech hun op jiddefall lo mol geraumt, all Wallpaper geläscht den nët wirklech als Wallpaper ze gebräuchen ass. E Wallpaper därf net einfach iergent eng Foto am bessen mei groussen sin ... Dir huelt jo och net egal waat als Wallpaper (Dëst gëlt denen dei hier Fotoen einfach mei grouss ropgelueden hun).

Vun elo un dann gin wirklech nemmen nach Wallpaper akzeptéiert dei och wirklech ze gebräuche sin, wou ee mierkt 'ah jo daat keint een effektiv huelen', an en plus wann et telquel Fotoen sin (waat jo awer heinsto trotzdem de Fall ka sin, zemols bei Sunsets), dann muss d'Qualitéit absolut top sin. E Wallpaper gët net gebräucht wann en schlecht Qualitéit huet.

Et soll sech elo keen gekränkt oder ugegraff fillen wann Wallpaper vun him geläscht gi sin, mee do gëllen eben aaner Kriteren wéi bei de Fotoen.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
pa 18.04.2006 - 09:36
Naja, do ass ët zwar anscheinend och rem zimlech "à la tête du client" gaangen. Wat genau ass dann lo är Definitioun vun engem Wallpaper? Ech gesin do z. Bsp. een mam Numm "Windowdrops" deen ech zimlech gudd fannen. Ech haat sou ën Ähnlechen just mat Knëtonguepelsteng erop geluëden an dee gouf geläscht. Datt een net einfach eng gréisser Versioun vun enger Foto soll erop luëden, fannen ech an der Rei, mä së ze läschen, just well së engem net gefällt oder een së net ging als Wallpaper benotzen. Mä ët kann een hei jo souwisou näischt dogéint maachen...
Johny 18.04.2006 - 12:54
pa: Windowsdrops ass net einfach voll mat iergent eppes, et ass eng Fläch mat Drepsen drop, sou eppes ass als Wallpaper ze gebrauchen, dei Foto deis du ropgelueden hues, war eischter just e Relief. Ob d'Qualiteit gudd genuch war erenneren ech mech elo nët mei.
An wisou sollte mer Wallpaper drop loossen dei sws keen gebräucht? 0 Sënn.

Gixor: Daat mat den Hits hu mer dach scho mei oft gesin dass guer näicht ze soen huet. Kuck mol Top Fotoen, an dann eng Keier d'Fotoen alleguer an dann sorteiers de se den Views no. Do kennt eppes ganz aanescht derbäi räus. Kontrolleiert goufen se, mee wei ech soot, mer waren vill ze large. A keen hëllt eppes als Wallpaper waat schlecht Qualiteit huet oder sou, ausser vläicht et ass säin eegenen.
Radikal .. daat war virun engem oder 2 Méint wu ech daat gewuer gin sin mat dem engem User an ech wollt jo durno nach mat em schwetzen mee komescherweis nodems ech em eng PM geschriwen hun, en se gelies huet, huet en sech nie mei ageloggt an net gemellt. Also radikal war et net an berechtegt 100%. 30% vun de Wallpaper dei ech geläscht hu ware wuel vun him, schätzen ech.
Maggele 19.04.2006 - 19:58
fir mech misst ee wallpaper éischtens emol net ze schwéier sin. zevill sachen sin do net gudd.. wat awer immens wichteg as: ee wallpaper diert 't icond déi op dem desktop sin net zevill oflenken. well ech windows-user sin man ech méng icons ëmmer lénks um bildschierm. aus deem grond loossen ech mer lénks och emmer bis ant halschend platz wou einfach näischt as. de sujet kënnt dann rietz. well et as weder intressant fir 't doto wann se vun icons ofgelenkt get wéi och ëmgedréit.
yoshi 22.04.2006 - 00:02
wanns de keng schreft dran mess, kennen mac user jo einfa dbild horizontal flippen dann hun dei och eppes dovun closed_eye
Maggele 23.04.2006 - 02:13
da man ech an zukunt 2 schreften. eng normal an eng spigelverkéiert. dass as emmer eng richtegsmile
Annick 21.04.2006 - 19:42
Ech hu jo sou direkt guer näicht dergéint, okay bei mir waren och e puer sou Wallpapers bei mengen, mais meng Wallpaper goufen radical all gelöscht, an do waren da drenner di ech awer gutt fonnt hunn an och fun aanere gesoot krut se wiere schéin asw
ploro 21.04.2006 - 20:10
Also ech bezweiflen jo dats de en wallpaper uploads den der net gefällt...
Annick 22.04.2006 - 11:23
jo ok kloer... mais daat waren der di ech an och nach aanerer (kruutj gesot) als hannergrond geholl hunn... Also net all mais 't waren da awer drenner