Header
Usergalerie - Ordner
(16.04.2006 - 00:06)
Bei den Astellungen kann een elo einfach en neien Ordner erstellen, an dodran Fotoen setzen. Wann op manst een Ordner gemaach gin ass vum User da gesäit een den wann een op sénger Usersäit op "User Galerie" geet. Dëst soll erméiglechen och dei eegen Fotoen kënnen mei flott duerzestellen fir déi aaneren ze weisen.

Dann hudd der secher scho gemierkt dass virun verschiddenen User dei komesch ~ Zeechen stin. Déi gring hun déi jeenech déi kënnen Fotoen roplueden ouni dass ee vun eis se aktivéire muss, an dei roud sin reservéiert fier d'Admins.

An nach derbäi hu mer a verschiddene Kategorien an der Galerie eng Makro-Kategorie bäigesaat, vu dass een elo kann 2 Kategorien wielen ass dëst dann och sënnvoll. Bei Mënschen an Emotiounen ass dann nach eng aaner Kategorie och bäikomm an zwar "Expressioun" fier dei Fotoen dei eppes bestemmtnes sollen äusdrécken, eben mei speziell sin.

Vill Spaß dann nach weiderhin op Photogen, a virun allem: Schéin Ouschteren.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
ploro 17.04.2006 - 12:12
Super, dei sach mat den ordneren ass eng genial idee geweescht an och super emgesaat gin!
Hun just eng fro, wier et meiglech nach eppes ze machen dat en d Folderen och embenennen kann..oder hun ech dat iwwersinn?
Assnaciht wichteges mee einfach nemmen bequemlechkeet fir keen neien folder unzeleen wann en em en neien numm well gin closed_eye
Johny 18.04.2006 - 00:20
Keint ech nach bäisetzen, jo. Mol kucken dann weini ech dofier nach kuerz Zäit mer kann huelen, et sollen nach sou vill Saachen gemaach gin ... eieiei smile
ploro 18.04.2006 - 13:51
ass jo och naciht wat presseirt closed_eye just eng idee...freen mech awer schons op all neierung smile