Header
End of PHOTOGEN.LU
(15.05.2024 - 13:52)
Moien,

Mat dësen Wieder kënnegen mir dann offiziell d'Enn vum Internet-site vun Photogen.lu un.
Des Site wäert ab dem 15.6.2024 net méi online sinn, leider ass keen Budget méi do fir den Server ze bezuelen an domat kent d'Saach un een Enn.

Et sollt awer net alles verluer sinn: d'BnL huet een backup vun allen .lu domains, an et wäert een wuel do (zumindest d'Grondstruktur) Photogen.lu op den lokalen Computer'en nach besichen kënnen.

Merci un all Bedeelegter, deemools sou wéi haut, war eng gutt Zait an et sinn vill Geschichten hei geschriwwen ginn.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Nicon07 15.05.2024 - 20:18
Ciao an ee gaanz décke Merci fir di zwee Joerzingte Fotosaventure hei zu Lëtzebuerg. Et war eng genial Iddi an Initiative vun enger Handvoll Idealisten, déi mat Sécherheet der Geschicht vun der Fotografie zu Lëtzebuerg ee wichtrg Kapitel bäigesteiert hun. Ech wënsche mir, datt di zechdausende Fotoen an dem Photogenarchiv nit verluer gin an och an Zukunft visibel bleiwen. Et wier schued, wann dat géing verschwannen. Lo mierkt een eigentléch réischt, wéi digital Archiver dach nit sou sécher sin. Ass dann do keng Photothéik oder een CNA, deem ee kéint een SSD mat de Fotoe vu Photogen uvertraue fir datt di kommend Generatiounen och nach eppes dovunner hun?

Nico
tormi 15.05.2024 - 21:08
majo dann ...
schued, war eng flott Zeit, ech hun esou munches geleiert op desem Site. Huet Spaass gemaacht mat den User ze schreiwen. Merci dass ech hun dierfen matspillen.

Schein Gréiss un all déi ech hei kennengeleiert hun, vleicht begeint een sech mol op der Strooss

Bis dann
Tom

Nicon07 16.05.2024 - 13:58
Dat séch an der Strooss beg?ine kann een och organiséieren, Tom. Wéi sot mir a ménger scheier Pubertéit eemol eng Joffer, déi ech just aus den Aaewénkelen ugekuckt un: "Ward nit op de gënschtege Moment, schaf dir en!" closed_eye
Paul-H 15.05.2024 - 21:48
Waat ass dann den Preis pro Joer fir den Server? Ech sin bal secher dass een photogen mat engem Crowdfunding kéint retten.
Nicon07 16.05.2024 - 13:55
Genee, Paul. Ech hu méch och gefrot, ob een dee Site nit kéint iwwerliewen din, doduerch, datt een e " payant" mécht. Mir hun dach bestëmmt all, déi mir hei iwwert all di Joere gratis eis Fotoe gewisen hun, e puer Euroen iwwreg, fir een Abo ze bezuelen. Aaner grouss Siten am Ausland si och nit gratis, a wann, da gëtt ee mat souvill reklammen zougemüllt, datt ee fräiwëlleg Member gëtt no enger Zäit. smile

Welll soss kritt dat "fir näischt Fotoen roplueden" eng ganz aaner Bedeitung.
Paul-H 16.05.2024 - 15:59
Ech färten wanns de den site payant mechs dann gett den administrativen Opwand ze grouss.
Eng einfach Spend op de Kont vun deem wou bis elo den Server bezuelt huet wir wahrscheinlech méi einfach.
Wo ein Wille ist, ist ein Weg.
Nicon07 16.05.2024 - 19:18
Och alt rem wouer. Komm, mir kucke mol, wat den Admin dozou seet.
Paul-H 16.05.2024 - 22:15
Maja, sin gespaant.
marker 16.05.2024 - 23:05
Genee esou, ...ech wär jiddefallsl mat dobäi.
Paul-H 16.05.2024 - 23:26
Tiptop, gudd ze wessen!
tormi 17.05.2024 - 05:22
ech wier och dobei
Paul-H 17.05.2024 - 13:20
Tiptop !
pixelman11 18.05.2024 - 08:51
Eng Kooperatioun mat bestehend Siten aus dem Ausland wär menger Meenung noo daat logeschst , ech haat dat schon eng Kéier virun 10 Joer op deser Plaaz ernimmt. All aaner reng national Initiativen sin net tragbar. Beispiller hei aus dem Land gin et der genuch. Kee Mensch spent och nëmmen een Euro fir Fotoen hei vun de selweschten 5 oder 6 Useren iwwer Méint ze kukken. Esou gesin ech déi Saach emool.
Nicon07 22.05.2024 - 20:14
Lo, wou s du dat hei sou sees, muss ech soen, datt déng Iwwerleeungen nit sou falsch sin. Ech hu jo och scho méng Bedenke geäussert, wann och op engem aanere Punkt. Kuck weider ënnen! Mais effektiv huet Photogen nit wirkléch eng Daseinsberechtigung, wa mir just nach zu enger gudder halwer Doze Useren hei aktiv sin.

Ob awer elo auslännesch Siten drun interesséiert sin, eng Kooperatioun mat PG anzegoen, dat sief mol dohi gestallt. Has du dann un ee bestëmmte Site geduecht?

Jacques 18.05.2024 - 16:28
Ech wär och dobei Paul!
Paul-H 19.05.2024 - 00:19
Och gudd ze wëssen mee ech färten et gett näischt. Den Admin huet sech bis elo nach net zu menger Iddi gemellt.
pixelman11 22.05.2024 - 14:45
Paul, deen ass frou dat Ganzt lass ze sinn !
Paul-H 22.05.2024 - 15:14
Ech färten du hues Recht, soss hätt en sech schon laang hei gemellt. Et gesäit sou aus wéi wann den Präis vum Server just e Virwand ass.
pixelman11 22.05.2024 - 16:20
richteg !!!
pixelman11 22.05.2024 - 16:24
Eng Alternativ ass e Facebookgrupp ze grënen : Kascht neischt an ass een méi sichtbar.
Paul-H 22.05.2024 - 19:45
Där gin et am Fong och schon méi wéi genuch.....
OK-Photography 26.05.2024 - 00:27
https://www.facebook.com/photogen
Deni 26.05.2024 - 20:11
dat fannen ech och keng schlecht Idee
Nicon07 17.05.2024 - 08:33
Dat gesäit jo mol nit schlecht aus bis elo, datt mir schon zu e puer "Inébranlables" si, fir ze hëllefen, Photogen ze retten. Ech denken awer lo just grad drun, ob dat dann duerno sou einfach wärt si, wann de Crowdfounding sollt eppes bréngen, fir dat vis-à-vis vun de Steiren an dem Enregistrement ze begrënnen. Do ass jo di Saach mat dem neien asbl-Gesetz an den Anti-Blanchimentsregelen an de Bénéficaires effectifs... unhappy
Paul-H 17.05.2024 - 13:24
Souwäit ech wees ass photogen jo keng a.s.b.l. méi, an dann wir et just eng Initative teschent e puer Kollgen déi eng Internetsäit bedreiwen, oder net?
Nicon07 17.05.2024 - 13:31
Am Fong schon, mais et muss ee virsichteg bleiwen.
Deni 17.05.2024 - 13:19
dat fannen ech och eng super Idee Paul-H
Paul-H 17.05.2024 - 13:22
Merci. Et muss een lo gesin ob den Admin reagéiert.....
Deni 17.05.2024 - 13:29
ech sin op jiddefall mat derbei
Knipser 19.05.2024 - 09:14
Ech sin derbei
wuff 16.05.2024 - 07:51
Daat as awer schued, et war emmer flott hei. Och wann zum Schluss just nach den haarde Kär iwwrech bliwwen ass, huet een dach emmer gudd Komentaren zu séngen Fotoen kritt an et as emmer ziviliséiert eroof gaangen.

Dann mussen mir ons elo eng aner Säit sichen wou mir ons kënnen treffen oder mir treffen ons ganz analog an der richteger Welt.
Knipser 16.05.2024 - 09:05
 Desen Site huet bei mir de Spaass un der Fotographie 
op een aneren Niveau gehuewen .
Ech sinn dankbar fir all Hëllef  déi ech hei krut . 
Merci un all déi déi gehollef hunn de Site zu dem ze maache wo en war. En wäert eis feelen .
apu 17.05.2024 - 10:32
Ganz schued ze heieren. Seit den Ufank een Member mol mei mol manner aktiv.
Vill geleiert hei zumols an den Ufäng.
Wierkleg Schued.
Leider denken ech duerg Facebook an Co war een Een irgendwann Vorausschaubar...



OK-Photography 24.05.2024 - 09:00
Saluti smile

Dat mat den villen Geschichten an dem Opbau vun der eegener Fotografie kenen mer all sou ennerschreiwen, war eng gutt Zait an mir hunn alleguerten eppes geléiert. Mä jo, d'Zaiten änneren sech, d'ASBL huet net funktionneiert an den Fotoclub hannendrun huet och net iwwerliewt....

Wat d'Fortbestoen vum Site ugeet, ass desen leider net méi der aktueller Zait ugepasst, en erfëllt keng vun den Richtlinnen déi een Internetsite vun haut muss hunn, an wärt des och net erfellen kenen well sain script uraal ass, an een usech naischt méi drun änneren kann.....en misst komplett nei programmeiert ginn, dann mat korrekter Datenbank, AGB, DSGVO an allen aneren Oofkierzungen déi zum gudden Toun gehéiren.....
Et ass een Wonner dass en nach net gehackt guff an och soss keng gravéirend Problemer hei opgetruden sinn.
Ma mat engem einfachen Crowdfunding vir den Server ass leider den Problem net behuewen.

Photogen.lu wärt eis alleguerten feelen - ma Fotoen ginn weiderhin geknipst an gewisen! smile