Header
Schlecht News zu eisem Sall
(13.04.2016 - 18:00)
Mir hu leider eng schlecht Noriicht ze mellen. Virun ongeféier dräi Woche krute mir vun der Gemeng Jonglënster e Bréif, datt mir de Sall, dee si eis déi lescht Joren zur Verfügung gestallt hunn, bis den 1. Juni misste geraumt hunn. Op Nofro hinn hu si eis matgedeelt, datt si de Sall fir eegen Zwecker brauchen, an dat hier eenzeg Méiglechkeet wier, dofir kéinte se eis leider och keng Alternativ ubidden.

Dat bedeit esou vill wéi, dass mir vum 1. Juni u kee Sall a kee Studio méi hunn, a bis elo och emol keng Méiglechkeet eist Material ënner ze stellen.

Mir probéieren elo an den nächste Wochen a Méint no anere Méiglechkeeten ze sichen wou mir kéinten eise Fotostudio ënnerbréngen, fir och weiderhin eis Workshops a Meetings kënnen ze halen. Falls Dir awer eventuell selwer eng Iddi hutt oder esou guer vun engem Raum wësst deen fräi wier fir eisen Zweck, dann sot eis w.e.g. Bescheed, mir sinn extrem frou fir all Ënnerstëtzung an Hëllef déi mir hei kënne kréien. Am beschten ze erreeche si mir op eiser E-Mail info@photogen.lu.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
pixelman 14.04.2016 - 15:15
D'Froo soll erlaabt sinn:

Wéi steet et mat den Aktivitéiten vun Photogen an der Gemeng Jonglënster?
Johny 14.04.2016 - 16:52
Et geet eis hei net drëm iwwert den elo ale Sall oder d'Gemeng ze schwätzen, mee eng Léisung ze fannen. Ech hoffen dat trëfft op Versteesdemech.
pixelman 14.04.2016 - 17:17
Waar alt nemmen eng Froo bigsmile
Pit 15.10.2016 - 09:18
Kuk meng Äntwert, dann wees de Bescheed....
TT 16.04.2016 - 12:25
Ruff een mer un aus dem Comité , ech mengen ech hun e Sall an eng Léisung
Tony Tintinger 691 346 646
Pit 15.10.2016 - 09:17
Tjo, ech hunn mech mol schlau gemach....an wann den pixelman Fro stellt, an direkt eng pikeg Äntwert vum Johny kritt...
Aktivitéit an der Gemng: 0,0, Nada. (Ausso vun der Gemeng)
Dann brauch een sech net ze wonneren.
Dobai ginn den Clib an der Gemeng Reimlechkeeten gratis zur Verfügung gestallt, et get souguer grouss Ausstellungspanneauen fir Fotoen opzehänken. (och gratis)
Et hätt iwerhapt keng Arbescht kascht, 2 oder 3 mol am Joer e pur Fotoen iwert een WE an engem Sal auszehänken, an schons wär alles paletti gewiecht. Mee nëmmen zu Jonglënster sinn, well eben grad zoufälleg een do eng Adress huet...ganz ganz schappeg. An 1 mol am Joer eng Pizza zu Lënster iessen, ass eben net genuch.
Dat iwerhapt naischt leeft ass mir och elo bewosst gin, wéi ech zu Péiteng war, well do den nationalen Salon war. Wow, 2 Leit (ech an nach een) hunn do matgemach (an och jiddereen en Prais kritt). Ech hunn do mol Ex-Memberen getraff, an lo verstinn ech och, dat déi net méi am Photogen sinn.
Johny 15.10.2016 - 16:44
Als éischt erwähnen ech léiwer nach eng Kéier datt ech säit 2 Méint jo net méi President sinn, net dass dës Äntwert nach als eng offiziell vum Club aklasséiert gëtt smile Se ass ganz a komplett privat vu mir ganz alleng.

Meng Äntwert op dem pixelman war net pickeg, wann da wier se ganz anescht gewiescht (mee wisou soll ech dat maachen). Mir wollten eis just fokusséieren drop eng Léisung ze fannen, an net nach Zäit ze verléiere mat aneren onnéidegen Diskussiounen.

Fir de Recht ass de Problem dass vill Leit an de leschte Joren PG ugefaang hunn ze gesinn als Fotoclub wéi et der iwwer 30 hei am Land ginn, wat et ni war a wat ni sou geduecht war. Trotzdem ginn déi selwecht Saachen erwaard an alles gëtt domat verglach. Dat ass extrem schued a schlussendlech ass dee Grond mat Schold dru wéi alles gaangen ass an de leschte Joren.
Paul-H 13.12.2016 - 12:03
@Johny: Daat mam Club verstin ech lo net. Photogen ass dach en agedroenen Fotosclub an Member bei der FLPA, soss hätt ech jo keng Lizenznummer..... , war daat net sou gewollt ?
Johny 20.12.2016 - 10:47
Dach dat war natierlech och esou gewollt, mee dat huet elo awer näischt ze dinn mat Saache wéi "an der Gemeng aktiv sinn", well dat sinn déi Saachen op déi ech eraus wëll wann ech soen dass PG wéi e standard Fotoclub ugesi gi wier.
Paul-H 20.12.2016 - 11:17
Ah, ok, jo gesin waats de mengs.
Paul-H 13.12.2016 - 12:01
Ech mëschen mech zimlech spéit hei an, just eng Fro Pit: Du schwetz vun 2 Leit beim Salon, Du mengs 2 Leit vun photogen, oder ?