Header
Amazon Cloud Drive
(27.03.2015 - 23:43)
Hautdesdaags mat den villen digitalen Dateien déi sech all Dag usammelen gëtt d'Thema Backup ëmmer méi an méi e gréissert Thema, och, oder grad zemools mir als Fotografen sinn dovunner immens Betraff.

Fir all di Läit wou sech heifir interesséiere sollten, Amazon bidd en interessante Service un.
eng Kéier eng Solutioun wou een all Aart vun Dateien kann an der cloud backupen fier 60 Dollar pro Joër,
an fir ons lo ganz interessant, eng Solutioun di nëmmen 12 Dollar pro Joer kascht an wou een onendlech Fotoen kann backupen.

Detailer/Konditiounen koennt der bei hinnen um Site nach noliesen.

Link bei Amazon
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Paul-H 28.03.2015 - 00:38
Klengt wirklech interssant. Mee irgendwéi hun ech nach emmer en ongudd Gefill dausenden Fotoen an enger Cloud ze späicheren wou ech keng Kontroll driwer hun. Allerdings kennt wahrscheinlech eng Kéier de Moment wou déi Art a Weis vun stockage och fir eisereen Standard ass.
gogo 28.03.2015 - 16:40
Dei Bedenken kann ech absolut novollzéihen, e bëssi zeih sin ech och nach, mais hu schon mat puer Donnéen ugefaangen, an ech muss soen, et klappt.

Mais kloer e bëssi skeptesch bleift een ëmmer smile
arwa 28.03.2015 - 10:49
a fir "Prime-Memberen" gratis !
dateacha 05.05.2015 - 23:25
Just daat een als Lëtzebuerger keen Prime Konto kritt, geet just wann mat enger deitscher Wunnadress, oder hues du do en gudden "Trick" fiir daat ze emgoen? closed_eye
arwa 06.05.2015 - 09:04
nö, hun ech leider nët smile
dateacha 10.05.2015 - 01:13
Dacht ich mir... closed_eye
tormi 24.12.2015 - 10:12
Salut,
Dier hutt absolut Recht dei Cloud mat kriteschen Aen ze kucken an awer ass et eng Saach dei een profiteieren kann. Mat e bessi Fangerspetzengefill kann een do och en Koup Fotoen lageren. (Bon, ech sin Freak genuch, dass ech se och nach op zwou verschiddenen externen Speicherplaken hun).

Ech verstinn just net fierwaat Dier net Prime-Member kennt gin. Ech sin et. Huet daat sech seit Mee (leschten Post) geännert?
gogo 28.12.2015 - 06:29
Prime Memberschaft mengen ech konns de nach ëmmer kreihen, si warnen just um Schluss beim oofschléissen vun der Prime Memberschaft dass de eventuel net vum ganzen "Prime - Leeschtungsempfang" profitéiren kanns,
fir mech waren deemols d'Aschränkungen (den Amazon video deel, wou een Filmer kucke kann etc.. hat eng Lännersperr) ze grouss fir dass ech se geholl hätt, wierklech schued.

Mais ech hun desläscht am Radio héiren wi wann "de Probleem" um europäescge Plang lo géiff attackéiert gin...