Header
Photogen.lu gëtt ganz nei gemaach
(19.01.2015 - 18:53)
Dëst Joer kritt Photogen.lu 10 Joer, vu dass eise Site am September 2005 online gaangen ass. An dowéinst, wéi e Samschden Owend schonn op eisem Neijoerspatt ugekënnegt, hu mir decidéiert Photogen.lu ganz nei ze maachen, an zwar bis Enn 2015.

Mir hu wëlles an eng bëssen aner Richtung ze goe wéi aktuell, well an de Joren sech d'Interesse vun iech (de User an de Memberen) geännert hunn. Mir hunn also schonn eis relativ konkret Iddien, wëllen awer och op Feedback vun iech bauen, well de Site jo fir iech alleguerten ass. Dowéinst ruffe mir iech op, elo während engem Mount, eis är Iddien eran ze schécken. Dat kënne mini-kleng Verbesserunge sinn, mee och komplett nei Saachen wou bis elo nach keen dru geduecht huet. Mir wäerten déi Virschléi dann analyséieren a kucken wat dovun realistesch ass fir ëmzesetzen a wat wierklech flott kéint sinn fir déi ganz nei Versioun vum Site. Sollten Iddien e puer mol era kommen, geet d'Prioritéit natierlech an d'Luucht.

Schéckt eis är Iddien w.e.g. op info@photogen.lu eran. Wat se méi detailléiert erklärt sinn, wat et eis méi einfach fält se korrekt ze verstoen an ze realiséieren.

Merci am viraus fir d'Matschaffen, mer si gespaant op är Virschléi.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Pit 23.01.2015 - 13:21
Bonjour,
ech géing eng Kategorie 'Foto pur' oder wéi den Numm och ëmmer sollt sinn virschloen. Doranner sollen dann nëmmen Fotoen, déi NET weider veraarbecht goufen (ausser bësschen riicht maachen an eventuell op/ofhellen) dran kéimen. Sou wéi wann een fréier en Dia gemaach huet. Dat géing d'Leit och vielleicht rëm uspornen, beim Fotograféieren direkt op eng propper Foto opzepassen (Fotoapparat riicht halen, op Beliichtung oppassen asw.), an net denken, dat se jo um PC herno alles nach kënnen verbesseren.
Pit
gtaddei1 25.01.2015 - 19:34
eng gudd idée...
Pit 01.02.2015 - 21:49
Dann sin ech jo mol net eleng smile
Maimonides 07.02.2015 - 15:40
An trotzdem
därf dann
dat Spontant
net ze kuerz kommen,

Gennaro.
Johny 26.01.2015 - 12:57
Ech fannen et eng interessant Iddi fir nach e bëssen méi auszebauen wéi just als eenzel Kategorie, fir bëssen dozou ze motivéieren rëm méi Foto ze maachen a manner ze verschaffen. Hu mer et op alle Fall opgeschriwwen an kucke wat mer draus maache kënnen. Merci.
Keup 26.01.2015 - 18:40
"unplugged series" closed_eye oder "out of the box"
Pit 01.02.2015 - 21:50
ok, merci gesoot. smile
gtaddei1 25.01.2015 - 19:33
Ech fanen dass de Site Family friendly ass...
Et ass awer wichtesch dass en net aner Siten nomecht... see 500 px oder Flickr.
Awer de system vun artlimited wier super , well d'Quali vun der Foto (selon membren, an jury) durch verschidden algoritmen favoiriseiert geif gin.
Gidd mool kucken...
Esou wier et meiglech dass gudd an flott fotoen weider erschengen an enger dynamescher art an weis.

Git mool luussen

http://www.artlimited.net/
Johny 25.01.2015 - 20:55
Mengs de Saache wéi Best of day/week/month? Well dat si Saachen déi sou bal just realiséierbar sinn mat hirer Mass vu Fotoen, bei eis ass et net esou vill wat eropgeluede gëtt (cf mäi Kommentar deen ech grad nach geschriwwen hunn)
gtaddei1 25.01.2015 - 21:27
sie hun net eng enorm mass vun fotoen , mee sie hun eng direktioun (de fine art haaptsaechlech an och e bessi mei surreal) dei op kreativiteit pucht, mé et sin och vill ane saachen ze gesinn an och vill schlecht Saachen , mé dei kommen net esou richtesch duerch.
Kloer et ass keng Edukativ Plattform, mé et ass eng Plattform wou een leiert gudd sachen ze kucken ... an dei gudd <saachen bleiwen visibel.
Kloer sin dei Siten do och op Suen , mé daat ass jo elo egal.
Alles wat elo inerent zum Klup ass , daat waert jo plus ou moins parallel laafen.
Foto of the day, week an month ... villeicht net day mé month jo ... awer des sollten zB vun engem Grupp vun onoofhegesch Lait realiseiert gin.
... dann e system vun bewaertung deen och un engem Komment gekoppelt keint sin. D'Bewaertung (gudd fantastesch superlativ etc ) keint partiellement op enger obligatioiun vun Komment gekoppelt sin... dh: wann een e Komment get dourno dierf een eng Bewaertung gin ... dei dann aner Komment ausgestallt geif sin...
... Dann get et en aneren system vun bewertung ... den inerent op dei ganz Gallerie keint sin .. zB Auteurwert ... en algorythme deen WF, Komment zuel;Bewertung, klicken asw an konsideratioun geif huelen... daat geif den Auteur villeicht responsabiliseieren fir d'Kommenter ze gin dei edukativ keinten sin, oder dei manner gudd (relativ gemengt) keinten hier progrès mei realiseieren (et ass e spil awer deen motiveirt)...
mat deem system geifen verschidden fotografen schlecht biller nees ewesch huelen fir dass den gesamt betrag weider gudd bleiwt...

... eng meiglechkeet fir das dei Lait dei ech als Frënn konsidereieren hier fotoen net verpassen kenn... awer gleichzeitesch existeiert haaptsäit wou al nei upload ze gesin ass...

... eng meiglechkeet meng Frenn selektiv kennen ze kommenteiren an bewaerten...

... faven ass ok ewei et ass
... elo faellt mir nicx mei ann
... dach villeicht keint Photogen site ... mool duerch hier sponsoren eng Austellung organiseieren dei net nemmen de Klup ass ... mé dei um Site liewen ... daat geif och motiveieiren...

Johny 25.01.2015 - 23:40
Wat mengs de mat Direktioun - als eng Art Regelung dass d'Leit dat sollen bewäerten respektiv vill wärt drop leeën, oder a Form vun engem Jury deen déi Saachen bewärt?

Dass déi Säiten op Suen aus sinn ass politesch gesi leider net egal, aus folgenden Ursaachen:
- Se maache villes fir Visiteuren um Site ze hunn, och déi net-aktiv. D.h. et ass "normal" dass se manner op edukativ ginn a méi op schéi Fotoe weisen, well dat Leit ulackelt. Well nëmmen domat kréie se Visiteuren déi hinne Klicks bréngen, woumat si Sue verdéngen. Respektiv op artlimited an 500px gi jo och Fotoe sou guer direkt verkaf.
- Se hu ganz aner Méiglechkeeten doduerch dass se Leit do schaffen hunn déi dat ganzt 40h pro Woch kënne vermarkten an weiderentwécklen, do si mir relativ limitéiert wat déi Resourcen ugeet.

Bewäertung kënnt, mee mer hate se scho mat Kommentar-pflicht an ass dofir och ganz seelen iwwerhaapt genotzt ginn. Dat gëtt e bëssen anescht realiséiert dës Kéier.

Dat mam algoritmus iwwert déi ganz Galerie als spill fir motivéiert ze ginn ass eng ganz interessant Iddi, mir kucke mol wat sech do eventuell realiséiere géif loossen.

Frënn gëtt souwisou ausgebaut soudass een deenen hir Fotoen definitiv net verpasst.

Eng Ausstellung ass a Planung, awer dat si Saachen déi vun de Club-Sponsore mat gedro ginn, vum Club-Comité organiséiert, an dofir bleift dat éischter de Clubmemberen, déi dat ganzt och mat ënnerstëtzen, virbehal. An den neie Site fokusséiert sech mat den Events och méi op d'Clubaktivitéite wéi bis elo.

Merci fir deng elaboréiert Äntwert a gutt Iddien smile
Johny 25.01.2015 - 20:53
Allgemeng däerf Photogen net zevill verglach gi mat Säite wéi 500px an Co, déi hunn nämlech eng ganz aner Mass vu Fotoen mat deene se schaffe kënnen, a maachen dat ganzt natierlech aus finanzielle Grënn, do stieche grouss Firmen hannendrun.

Mir wäerten eise Fokus e bëssen upassen, an zwar kucke mer e 50/50 Gewiicht ze fannen tëscht Fotogalerie an Events wéi Workshops, Photowalks an esou weider.
gtaddei1 25.01.2015 - 21:30
http://www.stark-magazine.com/stream
des ass nach en aaneren beispill ... mé deen ass schrecklech lues an gue net iwersichtlech
stijital 25.01.2015 - 22:00
Ech geing villaicht bei der Kategorie Bewegung d'Kategorie Sport enerdehlen an Sport (Basket an co.) an Motorsport.
Johny 26.01.2015 - 12:56
Mer wäerten d'Kategorien allgemeng e bëssen ëmorganiséieren, schreiwe mer däi Virschlag dofir och mat op. Merci.
micky-maus 25.01.2015 - 22:14
Salut zesummen.
Ech hunn hei op Pg. emmer eppes ewei eng Siichmaschinn vermesst.
Wann een Stechwieder ewei Eisfull oder z.B. Fussball oder esou angett, Fotoen vunn deem Motif kann kucken. Ähnlech ewei bei flickr wou een tags muss aginn.

Eng weider propose wier wier eng Kategorie fier Analog Fotografie rsp. mei aal Fotoen dei gescannt goufen.

Eng lescht Idee, wees just net ewei daat soll ausgesinn, ett wier flott wann een och keint mei aal Fotoen kann kucken.
Dei z.b schon 2006 eropgeluden goufen. Stoussen emmer nemmen Zoufällech op esou Saachen.
Awer ett ginn den Moment gaanz gudd mei aal Saachen enner, well een se net fennt.

Mat aaneren Wierder, Puer Funktiounen fier d'Archiwwen mei iwwersiichtlech ze maachen, keimmen dem Site gaanz gudd....

Merci nachenkeier fier daat eis Mehnung hei gefroot gett....

Bis demnächst. Fränk aka m-m
Johny 25.01.2015 - 23:13
Fir dass all déi aner et och liesen a vläicht nach eppes dozou soe kënne, hei nach eng Kéier d'Äntwert déi ech der och per E-Mail geschéckt hunn:

Stechwieder si geplangt, an am Zesummenhang domat och eng Sich. z.B. kann een domat och no Fotoe sichen déi all mat engem gewëssenen Apparat gemaach sinn etc.

Kategorie fir Analog Fotografie ass eng gutt Iddi, ech schreiwe mer dat mol mat op eis Lëscht.

Mat den ale Fotoen kucke mer eis eng afalen ze loossen. Awer wann ee siche kann no Begreffer loosse sech jo och al Fotoen durchsichen d.h. do scho mol gi se dann och fonnt.
Schluck 28.01.2015 - 09:12
Salut,

als Naturfotograph géif ech ët wichteg fannen eng richteg Natur Kategorie ze hunn wou keng "Wëll Déieren" an Vigel drann sinn déi an engem Zoo oder Parc gemach sinn an ausser se sinn dementspriechent gekennzechent.

Vun mir folgenden Virschlag dem Fritz Pölkin an der GDT hier Regelen fir dëss Katégorie ze applicéieren:

D'GDT Kategorien fir d'Natur:


Vögel
Säugetiere
Insekten & andere Tiere
Pflanzen und Pilze
Landschaften
Mensch & Natur
Strukturen

am Détail:


Natur - Kategorie - Naturdokument: - nicht arrangiert oder manipuliert

Natur - Kategorie - Wild und kontrolliert: Bei allen Aufnahmen von freilebenden Tieren und Pflanzen sowie Landschaften, wo der Fotograf eingreift, mit Futter oder Lockmitteln, Tiere zu fotogenen Plätzen dirigiert oder umsetzt, mit Rufen oder Geräuschen arbeitet, Zweige und Blätter entfernt oder zufügt usw.

Natur - Kategorie - Captive: Für alle Aufnahmen von zahmen oder gefangenen Tieren

Natur - Kategorie - Montage: Bei allen Aufnahmen, die nicht durch eine Belichtung in der Kamera entstanden sind, also
Doppelbelichtungen, Sandwiches, digital veränderte oder geschaffene Bilder angeben.

http://www.poelking.com/wbuch/freude/index_d.htm



Johny 28.01.2015 - 09:41
D'Kategorie si gutt, déi kéint een esou iwwerhuelen.

Déi weider Detailer sinn awer méi schwéier ëmzesetze respektiv esou ze maachen dass et och genotzt gëtt, vu dass dës Saachen Natur-spezifesch wieren an Ufänger sech domat z.B. guer net wëlle beschäftegen. Déi aktuell Iddi (déi aus dem Pit sengem Kommentar entstanen ass) geet méi an d'Richtung dass mer géifen 4 oder maximal 5 "Stufen" vu verschaffen aféieren, wat ee bei all Foto kann uginn, onofhängeg aus wéi engem anere Beräich/Kategorie se ass.
Schluck 28.01.2015 - 11:43
Jo, mais wat bei Naturfotographie menger Mehnung no awer besonnech wichteg ass, ass wéi grouss den Obwand iwwerhaapt ass fir een Déier virun d'Lëns ze kréien an ob ët säin natiirlechen Liewwensraum ass, ob ët säin natiirlecht Verhaalen ass an ungefiddert gouf, ob ët an Gefaangenschaft ass.

Een Hirsch an engem Park ze knippsen ass keen verglach dozou een an fréier Natur obzelaueren an ee Réiher ob 5 Meter am Parc Ornithologique ze knippsen den do nët fortflitt wëll ën un d'Menschen gewinnt ass an ungefiddert gët ass och keng grouss Konscht. (ausser du setz ën gekonnt an Scene, wat dann jo awer och méi einfach ass wéi dat selwescht an fréier Natur)

Wann d'Kategorie Natur soll eppes aussoen héi um Site an ët sinn/waren jo genuch Naturfotographen aktiv géif ech déi Differenzéierung do ganz wichteg fannen wëll si huet näicht mat Stuffen vun Verschaffung ze dinn.

Vir Unfänger, déi sech nët wëllen domadden beschäfftegen kanns de jo nach eng beisetzen, zb. Natur - Kategorie - Allgemein.

Johny 28.01.2015 - 11:56
Mer kënnen net de Stufe-system fir alles asetzen a fir Natur en anere System, vu dass et sech deelweis awer iwwerschneid, dat gëtt ze vill duergerneen :/ An et allgemeng gutt unzebidden ass méi wichteg wéi fir ee Beräich perfekt (oder wéi een et och géif nennen). Ech verstinn awer och däi Point de vue ganz gutt, hoffen du verstees och eisen smile Vläicht fält mer awer och nach eppes an fir dat esou ëmgesat ze kréien dass et iwwersiichtlech a user-friendly bleift.
Schluck 28.01.2015 - 11:48
Virwaat nët eng Kéier eng Versammelung organiséieren wou een zesummen Virschléi kéint machen an och diskutéieren ?
Johny 28.01.2015 - 11:57
Well mer der Meenung sinn dass do bal kee géif kommen, aus rezenten Erfahrungen.
Schluck 28.01.2015 - 12:31
Probéier mol .. wen wees ... ech géif ob allen Fall mol kommen.
Johny 28.01.2015 - 12:59
Um Neijoerspatt waren, ofgesi vum Comité mat Partner/in, 2 PG User. Trotz wichteger Annoncéierung déi ugekënnegt war, trotz flottem Film weisen, trotz gratis Drénken an Iessen. Déi Saache kaschten eis also och Zäit a Geld, dofir kënne mer net soen fir all Fall mer géife mol probéieren.

Trotzdem sammele mer gäre sou vill Input wéi méiglech fir doraus herno dat beschtméiglecht Resultat ze kréien.
Schluck 28.01.2015 - 13:15
Hmm ... wann's de lo gesoot häss um Néijoerspatt diskutéiren mer dann och iwwert néimachen vun Photogen wieren vläicht méi aktiv Userën komm wéi fir een Film ze kucken closed_eye

(den ech perséinlech souwisou schon gesinn hat, oder selwer hunn an och Doheem ob menger Leinwand kann kucken)

Wann ech natiirlech lo den eenzegen sinn den eng Versammelung fir eng gudd Idee hält ... dann hues de effektiv recht.

Wéi wier ët dann mat zB déi Diskussioun ob aerer AG ze machen ? Vläicht huelen ech mer dann och mol rëm eng Club-Memberskaart closed_eye
Johny 28.01.2015 - 13:17
Mer hunn 3 Filmer ugebueden, kee wosst wee vun deenen 3 mer schlussendlech géife kucken closed_eye Mee et war jo net just de Film, mee dee war nëmmen en Deel dovunner.
Schluck 28.01.2015 - 13:22
Den Film ass dach egal .. mat Gratis Drenken Iessen an Film kriss de haut keen méi Bewegt .. do muss schon méi kommen closed_eye

Kuck hat uewendriwwer nach een edit ....
Johny 28.01.2015 - 13:33
Dat hat ech och schonn als Iddi, mee 1. ass d'AG nach bëssen (Enn März) an 2. ass déi eben just fir Clubmemberen, woubäi hei awer och vill User Virschléi era ginn. Mee wollt mer iwwerleeën ob mer et net iergendwéi trotzdem ënnert een Daach kréien, well wollt och, ofgesinn dovun, fir d'AG dëst Joer op manst bëssen eppes extras mat maachen.
gtaddei1 01.02.2015 - 10:16
daat wichtescht fir mech ass den Konzept dass d'Fotoen iwerliewen mussen ... dofir misst irgendwei Gallerien do sin dei staennesch an dynamesch op der eischter Säit bleiwen...
Johny 02.02.2015 - 01:06
Déi éischt Säit wärt eng Mëschung ginn aus Fotoen & Events - Fotoen sou wuel allgemeng neier wéi z.B. och déi vu Frënn. Do kucke mer wéi wäit mer et kënnen dem User selwer iwwerloosse, wat e vu Fotoen ugewise kritt.
gtaddei1 02.02.2015 - 21:21
Jo ... daat ass super ... mé dir kéint jo eng Window hun wou d'Fotoen wiesselen ... an dei aus de WF oder aus den Belifsten etc ... gefescht gin... Dei keinten ungeklickt gin an kommenteirt gin...
Daat ass elo net fir iergendwei En ze valoriseieren mé d'Fotoen mussen Valoriseiert gin! An dei Flott Fotoen op der Eischter Säit ze gesinn get dem Site och Valeur ! an esou och méi sponsoren an esou weider...
Johny 02.02.2015 - 21:24
Jo mol kucken wéi mer d'Home-Säit genee opsetzen. De Sponsore sinn awer Saache wéi Concoursen an Events méi wichteg wéi generell Präsenz um Site, wéi mer och mat der Zäit eraus fonnt hunn.
gtaddei1 03.02.2015 - 23:14
verstinn net esou richtesch waat du domaden mengst.
Johny 03.02.2015 - 23:47
Ma du sees jo schéi Fotoe wier wichteg, well dat méi Leit ulackelt an dat dofir och fir Sponsore méi interessant ass - obwuel et net dat ass wat d'Sponsoren interesséiert smile awer dat ass eis nach relativ egal, mer bauen de Site elo net op soudass en am beschten ass fir Sponsoren ze fannen.
gtaddei1 14.02.2015 - 19:08
Jo mé... hmmm jo... du hueste bestemmt recht vu dass du mat hinnen handelst ... mé sponsoren kéinten och de Membren avantagen brengen ... awer wei ?
Johny 14.02.2015 - 20:16
Wa mer lo e Problem hätte fir Sponsoren ze fannen da wier eng Diskussioun doriwwer vläicht nëtzlech, mee vu dass dat net de Fall ass, mer och keng finanziell Problemer hunn, wëll ech mech beim Entwéckele vum nei Site drop konzentréieren e flott Resultat ze bréngen, an net de Sponsoren eppes op d'Mooss ze schneiden.
gtaddei1 14.02.2015 - 21:57
Daat Freet mech!!! smile
ornitho 08.02.2015 - 01:47
Nowend,

1.-Ech giewet gud fannen wann de System mat de Wochenfotoen ofgeschaft gief gin, an eichter e System a Plaz gesat gief gin wou all Woch irgendwei dei meecht gekukten oder bewerten Biller (Punktesystem,Sterensystem etc..) jeweils aus all Kategorie gehol giefen an als Slideshow irgenwou an Miniature um Site giefen laafen...
2.-Beim Biller deurchkuken, vlait och jeweils vun dem User sengem ungewiesenem Bild ennen drenner 3 Miniaturen vun senger Gallery mat uweisen losen, soumat en och loscht kritt engem seng Galleryen kuken ze goen...
3. Eventuell User mat gesondem Uerdeelsvermeigen eng roll ze gin als Moderator, soumader keng Oneideg Diskoussiounen mei an Zukunft bei verschiedenen Fotoen enstin... well stënkerei ënnert de Leit brëngt desem Site net vill positives...
4. Awa nees e Validatiounssystem vir Fotoen, soumader mei Diversiteit an Qualiteit op de Site kennt ?
5. Bei de Fotoen jeweils mei Aklärung oder Making of Details ungin, well Exif Daten sin schein an gud, just soen se net emmer vill aus, an helefen den Unfänger selten weider..
6. Regeln sen flott vir dei verschieden Arten vun Fotografie (wei schon ugeschwaat gin ass ), ob Studio oder Natur, mee secher muss gestallt gin dass Unfänger kennen matspielen an dass och Leit dei sech net esou heichwerteg Material kennen leechten och deels mathalen kennen bsp.: dei Leit dei keen 600er oder soss hun och net verbeuden kreien hier Foto ze croppen, etc.... , well soss get vielen Leit de Spass seier verlouren an dat wier io ne Ziel vun da sach, an esou Regeln opzestellen vir wiekleg e Grap voll Leit ass och irgendwou an mengen Aen Grënzwerteg, wou ech eichter gief fannen dass sou Reglen op wiekleg spezialiseiert Siten vun denen Arten Fotografie mei gerechtfertegt wären..oder sin..
Johny 08.02.2015 - 02:10
Nowend,

als éischt mol Merci fir däi Kommentar smile Hei eenzel Äntwerten:

1. Wochefoto: Mir hunn och u sech virun e puer Deeg nach driwwer geschwat a waren eis eens dass de Wochefoto System net grad ideal ass. Well et ka gutt sinn dass an enger Woch 3 richteg gutt Fotoen do sinn, awer just 1 dovu ka gewielt ginn, an déi next Woch ass keng sou richteg gutt derbäi an trotzdem gëtt eng gewielt, ass also alleng duerch d'Verdeelung net repräsentativ. Dass eppes kënnt wou ee kann Fotoe kucken déi vill gekuckt / gefavt ginn etc, ass sws scho geplangt.

2. 3 Fotoen beim Fotograf: Kéint ee maachen, froe mech awer aktuell ob ee sech op der Foto-säit net soll alleng op déi Foto konzentréieren, 3 weider Fotoe vum Fotograf weise lenkt rëm vill of

3. Moderatoren: Och do kucke mer wéi mer et kënnen e bësse besser am Grëff halen, et ass allerdings schwéier genuch Leit ze fannen déi fräiwëlleg hëllefen.

4. Fräischaltsystem: Et géif d'Qualitéit definitiv erëm hiewen ... mir sinn eis aktuell selwer do nach net ganz eens, awer gutt mol ze liesen dass wéinstens een erëm mat dem Virschlag kënnt smile

5. Dofir ass u sech d'Kommentarfeld geduet, just sinn déi meescht beim Eroplueden net dozou geneigt esou immens vill Detailer un ze ginn.

6. Wat de Schluck ugeschwat hat mat den Naturfotos regelen géif jo lo net Ufänger verbidden Fotoen ze croppen, just se als déi och kategoriséieren.. mee wéi schonn erklärt musse mer do e generelle System aféieren dee fir all Zort vu Fotografie kann genotzt ginn, net just Naturfotoen. Alleng als allgemeng Informatioun pro Foto, egal wat et fir eng ass, ass et interessant ze wëssen wéivill se verschafft gouf, wéi vill original ass a wéi vill net.
ornitho 08.02.2015 - 11:13
Merci vir dain Feedback smile Jo beim Punkt 6 heuste vollkomen Recht, mee mengen dat wert e sensiblen Punkt an mengen Aen bleiwen, well et fänkt beim User selwer un open eierlech mat sech ass oder net, an zumols kann ech ma virstellen wann en an da EBV zimmlech Fit ass, dass do tendenz oft ensteht bei engem gud ereechten Resultat ze soen dass Foto esou aus da Kamerea koum ( selwer wier ech domader net zefridden well dat nix mei mam Original ze din heut ...).. selwer gesin ech hei bei verschieden Naturopnahmen oder Makroen dasse verschafft goufen wat dann net expliziet dobei geschriwen get, mee bei Studio oder anner Arten vun Fotografie hun Esh selwer mei schweier erauszefannen op se esou entstann ass oder op do nach 3 Stonnen EBV dohannert stiechen...d' Ennerdeelung vum Schluck ass net schlecht, mee do muss jideree och richteg Matspillen smile
gtaddei1 14.02.2015 - 19:06
an wei wellste daat dann kontrolleieren , an wann een net matmescht dann werfste deen jeneschen eraus? ... ech mengen dass et wichtesch ass d'Foto ze weisen an dourno op de jugement ze waarden wei et unkomm ass... gudd oder schlecht oder vun 2 superfotografen gefavt ...
Fav system oder Kucksystem ... ech mengen dass daat zefill Subjektiv ass ... Et misst een e system anfoeren wou ... verschidden Membren zb mei WERTVOLL sin ewei anerer dei nai do sin... (wertvoll heescht jo net besser mé einfach dass sie eng relativ objektiv Meenung hun un allen fotoen ... wann der 10 esouer fonnt gin dei emmer nees mei gin oder viesselen kéinten , dann waert de "ounktesystem wertvoll gin... an dei Gallerie ass dann och e beispill fir nai Knipsserten ...
Johny 14.02.2015 - 20:14
Dat ganzt muss net kontrolléiert ginn, wann een mengt e misst eppes falsches uginn an et ass offensichtlech, gëtt e secher schonn drop higewisen. et ass jo net wéiwann Suen oder soss eppes am Spill wieren an et doutwichteg wier dass alles 100% korrekt uginn ass smile

Dat anert gëtt net gemaach, well et ass just eng weider Demotivatioun fir nei User wa se sou guer wëssen dass hier Favs oder Bewärtunge manner wärt si wéi déi vun aneren.
gtaddei1 14.02.2015 - 21:56
Du hues villeicht Recht mé ... E vote vun Wertvollen keint awer och Fotoen Primeieren dei net nemmen Eyecatcher wieren oder superverschafft mé Saachen mat Sënn,,, Mé bon ... et ass net einfach d'Fotografie an sengem Ganzen ze bewerten... An ouni Bewertung dann eben visibiliteit...
marischen 13.02.2015 - 10:38
Salut!

Vläicht hutt der dat souwisou geplangt mee ech denken bei Ännerungen als éischt un den Design vum Site. Ech géif mer wënschen dass de Site (bal) de ganzen Ecran ausfëllt a matt responsive Design dann un all Ecran, Tablet etc upassbar wier. Den aktuellen Design ass, wéi ech fannen, bessi almoudesch. Domatt wier et dann och vläicht méiglech eng Foto net als éischt mol matt 800px duerzestellen mee direkt vill méi grouss.
Johny 13.02.2015 - 13:59
Den Design ass mat ee vun den Haaptgrënn wisou mer en nei maachen closed_eye Wéinst all deene Grënn déis de opziels, an nach vill méi.
micky-maus 16.07.2015 - 23:14
Moin,
Ech hoffen ett ass nach Zait fier een Vierschlach:
Hunn emmer Problemer fier eng Foto ann enger Serie ze ersetzen dei eng bestemmten Reihenfolg huet. Läscht een z.b. dei 3. Foto ann erstzt een se gett se als 5. ugewiessen, Fier se als 3. ugewissen ze kreien muss een alles einzel ersetzen...
Ass ett meiglech am neien System dei z.B.: 3. Foto ann enger Serie ze ersetzen ann se och als 3. Ugewissen gett?
Merci elo schon am Virraus ann freen mech op dei nei Versioun... :o)
Johny 17.07.2015 - 09:25
Ech wärt mer dat opschreiwen - fir esou "kleng" Virschléi ass et ni ze spéit smile Merci.
pixelman 28.01.2016 - 15:14
Photogen get ganz nei gemaach ?! Wéini ?
Johny 29.01.2016 - 09:34
Geschwënn
pixelman 29.01.2016 - 19:28
smile