Header
2 Kategorien wielen beim Upload
(18.03.2006 - 00:10)
Beim eroplueden kënnt dir elo eng 2. optional Kategorie och wielen an déi är Foto och géif passen. Natierlech kann een och aal Fotoen éditéieren an an eng 2. Kategorie setzen. Sou kënne mer och spéider nach en puer Kategorien méi bäisetzen obwuel sech verschiddener dann géifen bessen iwerschneiden.

Vill Spaaß nach.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
elmuzo 18.03.2006 - 01:39
Yepp. Hun dat lo grad gemierkt. D'Iddi ass gudd.
coolpix 18.03.2006 - 14:24
Ech fannen daat hei elo perseinlech net ganz netzlech. Een User deen sech elo all d'Galerien duerchgekuckt, trefft esou d'Halschent vun den Foto'en puermol un.
Eng Foto misst dach esou identifizeierbar sinn daat se eendeiteg an eng Kategorie passt?
yoshi 18.03.2006 - 14:45
Kategorien sin awer schwéier ze fannen, dass all Foto nemmen an eng passt. An et sin dann verschidden Fotoen déi 50-50 géifen an 2 verschiddener passen.
Mojoo 18.03.2006 - 14:52
Eng nei Foto dei dat Ganzt gudd illustreiert, ass dei vum mmphotos [Foto-ID: 4572].
Ok, engerseits ass mei schein Landschaft ze gesin, mee een deen een flott Bild vun engem Seegelboot sicht ass hei och richteg. Et kann een d'Foto also vun 2 Perspektiven aus gesin.

An ausserdeem ass een jo net gezwongen eng 2. Kategorie unzegin.
mmphotos 20.03.2006 - 17:10
....yaaa...dann hun ech daat jo richteg gemeetclosed_eye
Mojoo 20.03.2006 - 17:42
oder ech hun et falsch verschtaan ;P
olimi 19.03.2006 - 22:02
Wor eng kleng idi vun mir... sin op enger russescher versioun vun photogen (aso eng aaner photo-community) registreiert, an dei hun dei fonktion... an ech hun daat haiansdo wierklech besser fonnt, well ech net woust op daat lo panorama, oder architektur keint sin... mais bon... closed_eye
Johny 20.03.2006 - 14:49
Ganz um Ufank wou d'Säit mol nach net online war, haat de yoshi dei Idee och schonn an ech haat daat e bessen ze vill fonnt fir direkt den Ufank. An lo soos de eben dass een daat keint bei eis maachen an hun genee weis du bei Fotoen och geduet, daat keint passen. Dofier ass et dann och lo sou.