Mir wënschen iech schéi Feierdeeg
(24.12.2013 - 11:06)
D'Ganz Equipe vu Photogen wënscht Iech alleguer wonnerschéi Feierdeeg, an alt e gudde Rutsch an dat neit Joer, mir drécken Daumen fir dass vill Fotosmaterial ënnert de Chrëschtbeemche leie kënnt.
Mir soen iech villmools Merci fir äert Matmaachen, souwuel online wéi och offline.
De Photogen Comité.
PS: Sidd prett fir eppes wat mer an den nächsten Deeg nach wäerten ukënnegen :)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
theom
24.12.2013 - 11:33
Merci vir déi léif Wënsch.Ech soen iech e grousse Merci, vir all daat watt dir op dëssem Site geschafft huet.
Schéin Feierdeeg iech all.
Schéin Feierdeeg iech all.
Kribs
24.12.2013 - 11:36
Merci, mat den selweschten Wënsch un d'ganz équipe.
Ma dann warden mir nach puer deeg.
Ma dann warden mir nach puer deeg.
MsJarryman
24.12.2013 - 12:06
Merci, Iech och alles guddes gewënscht an da si mer emol gespaant wat kënnt.
micky-maus
24.12.2013 - 13:07
Merci glaichfalls, Chreschtkendschen hued eng 300s bruecht, keng nei awer coolt dengen
Dynax
24.12.2013 - 16:24
Dem Comité e groussen "M E R C I" fir die TipTop Aarbecht die sie iwwert d'Joer geleescht hun. Weider sou. Schéi Feierdeeg an e gudden Rutsch.
gemu
24.12.2013 - 17:02
Merci, gläichfalls, een décke Merci och fir äeren Asaatz fir PG ganz d'Joer duerch
jorsch
25.12.2013 - 09:37
Merci, och fir d'Aarbecht déi hannert de Coulisse vun dësem Site geleescht gëtt!
Schéi Feierdeeg och un iech!
Schéi Feierdeeg och un iech!
icylady
25.12.2013 - 12:40
Iech och schéin Feierdeeg an een decken Merci fir all déi Arbecht déi dir leescht fir datt mir können hei interessant Foto'en gesinn
Fuuss
25.12.2013 - 15:39
Schinn a besënnlech Feierdéeg och fir di ganz Photogen's Equipe an viroan allem och e grussen Merci fir déen (baal ) reiwungslosen Oflaaf op ärem flotten Site.
Conley
30.12.2013 - 00:06
Dem Comité an de Memberen Weenchen ech een gudde Rutsch an't neit Joer, an Merci fir di Zäit an Aarbecht déi der alleguer an PG investéiert huet!!
Theodoor
30.12.2013 - 18:21
Ech soen merciiii an Weenchen ech irch och een gudde Rutsch an`t neit Joer ....