Header
De ganze Site elo iwwert verschlesselt Verbindung
(14.04.2013 - 14:30)
Mir hunn elo eng gréisser Ännerung gemaach an der Konfiguratioun vu photogen.lu, an zwar aus Sécherheetsgrënn. Bis elo ass nämlech all Verbindung op photogen.lu ganz "normal" gewiecht d.h. net verschlësselt, sou wéi de gréissten Deel vun de Verbindungen um Internet. Well awer vill perséinlech Donnéeën driwwer fléissen an virun allem och oft Leit iwwert oppen WLAN sech verbannen (wou theoretesch jiddereen am WLAN déi ganz Verbindung dann kann mat verfolgen) hu mer décidéiert dëst ze änneren.

Vun elo un geet alles wat vu Verbindung op photogen.lu gemaach gëtt iwwert den https Protokoll, d.h. komplett verschlësselt.

An extra well et jo elo endlech méi schéin dobaussen ass: Gitt eraus Fotoen maachen! :)

E schéine Sonndeg nach,

De Comité.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Nicon07 14.04.2013 - 14:39
Dat ass eng gudd Nooriicht. Merci fir ären Asaatz! Ouni är 100% Begeeschterung fir de site wier photogen nët dat, wat et ass, wann et iwwerhaapt nach PG géif gin.

An elo gi mir raus Fotoe maachen! Versprach!

smile
Johny 15.04.2013 - 21:54
Ouni d'User wir et awer och langweileg, betounen ech ëmmer erëm ... closed_eye

Merci vun dëser Säit!
Jean-Jos 14.04.2013 - 14:53
Gutt gemacht, Merci Johny!
Richie 14.04.2013 - 22:17
Top
apeace 15.04.2013 - 08:46
Gutt Idee! D' Sécherheet um Internet gëtt ëmmer méi wichteg!
Merci un all déi Leit déi dee super Site hei betreien!
MARSIPU 15.04.2013 - 11:02
merci fier aeren eescht bei der saach
gogo 15.04.2013 - 11:11
Top!

An d'Batterie ass schon am chargeur bigsmile