Header
Ännerungen am Comité
(02.04.2013 - 23:42)
An de läschte Wochen huet sech am Comité vill gedoen, verschidde Memberen sinn elo net méi derbäi, an anerer sinn nei bäikomm oder hun nei Aufgaben iwwerholl. Hei eng kleng Iwwersiicht:

Elo net méi am Comité:
- Tom Ewert
- Paul Metzler
- Yannick Schmidt
- Lydie Goerend

Nei derbäi oder nei Aufgab:
- Anouk Hartmann ass elo Caissière
- Jean-Luc Brausch
- Bob Bamberg (Metalbambi)

Mir wëllen hei nach eng Kéier deene Memberen déi am Comité waren an gehollef hunn villmools Merci soen, virun allem dem Lydie an dem Yannick op dëser Plaz, déi allen zwee Photogen am Joer 2005 mat gegrënnt hunn, déi also elo iwwer 7 Joer mat derbäi waren.

De Comité besteet elo also aus 9 Leit, hei nach eng Kéier d'komplett iwwersiicht:
- Johny Goerend, President
- John Oesch, Vize-President
- Christian De Carolis, Sekretär
- Anouk Hartmann, Caissère
- Marc Lazzarini
- Laurent Koob
- Oli Kerschen
- Bob Bamberg
- Jean-Luc Brausch
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
TT 22.09.2013 - 10:11
Wou kann een Mol Kontakt kréien fir sech iwert verschidden Sachen ze renséignéieren an Mol e pur Leit kennen léieren vun deenen een och Mol Ätonguees léieren kann. Ech sin interesséiert un Insekten,Fullen, Déieren, Natur wéi Pilzen, alles Sachen wou een net ze wéit muss lafen weil ech daat net méi kann..
Et kann een sech bei mir mëllen op mengem Handy 691 346 646. ech wunnen zu Niederanven.....
Ech sin elo schon deem dankbar deen mer urift
TT
Johny 22.09.2013 - 13:42
Salut,

Per Telefon léiers de natierlech net vill Leit kennen, wéi schonn eng Kéier an enger E-Mail erwähnt ass déi bescht Léisung mol bei engem vun eisen Treffen derbäi ze sinn, nëmmen do kann ee Leit richteg kenne léieren, an och Saache bäiléieren smile Wanns de aner konkret Froen hues zur Fotografie dann kanns de déi ëmmer am Forum stellen z.B., genee dofir ass jo eng Community do. Melle mech awer dës Woch och eng Kéier bei der fir de Fall dass de spezifesch Froen zu Photogen hues.

Johny
Schluck 15.10.2013 - 18:25
Ët géif vläicht mol Zäit ginn fir héi mol rëm een Update ze machen ...bigsmile. Lo sinn sinn ech schon säit dem 9. Juli aus dem Comité zereckgetrueden .. dat sinn keng "Neiegkeeten" méi.
Johny 15.10.2013 - 18:27
Et ginn eben déi läscht 3 News gewisen op der Startsäit, dofir steet déi hei nach mat dran smile Mee geschwënn kommen der déi "eraus pushen" closed_eye
Schluck 15.10.2013 - 19:06
Gëtt och Zäit wëll héi leeft nët méi ganz vill bigsmile