Header
Aus Phototalk gëtt Photowalk
(27.02.2013 - 16:42)
Heiansdo ass Zäit fir eng Ännerung, an an eisem Fall ass dëst elo agetratt mat eisem Phototalk. Aus verschiddene Grënn verwandelen mer dësen elo ëm an en Photowalk, an ginn déi ganz Saach bëssen anescht un.

Bis elo war de Phototalk:
- All Mount de selwechte Wochendag
- Meeschtens op der selwechter Plaz (ausser et ass net anescht gaangen)
- Gréisstendeels fir iwwer Fotoen ze schwätzen

An doraus maachen mir elo de Photowalk, fir dee gëllt:
- All Mount eng Kéier, mä den Dag kann änneren
- Ëmmer op enger anerer, spezifescher Plaz
- Et geet ëm Fotoen maachen, net drëm aler ze beschwätzen

Dat ganzt nom Motto "Manner schwätzen, méi maachen" :)

(Heiansdo wärte mer natierlech, fir Studio-Saachen, trotzdem op eise Sall als Treffpunkt zréckgräifen)

Mir halen Iech um Lafenden wuer mir am Mäerz dann wärten higoen, an hoffen, dass iech dës Ännerung gefällt.

De Photogen Comité.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
wuff 27.02.2013 - 16:55
Ech fanne dat eng gutt Iddi, an hoffen dass ech oft kann dobäi sinn. (an dass d'Wieder matspillt)
alex 27.02.2013 - 17:08
Tiptop, gudd Iddi.
luxiline 27.02.2013 - 17:10
Gefällt mir als Iddi. Ass dat dann de weekend? Et gëtt jo Leit déi schaffen closed_eye
Johny 27.02.2013 - 18:08
Jop, déi meescht wärte mer Weekends maachen smile
icylady 27.02.2013 - 17:12
fannen ech eng richteg gudd Idee, war leider Mettwochs am Februar verhennert well ech do zu däR Zeit eppes anescht hun, an hoffen lo duerch dësen Wiessel können dobai ze sinn
an op verschidden, spezifeschen Plaazen klengt ganz interessant, kann een bestemmt dest an daat léieren
wënschen Iech vill Succès smile
Fennec 27.02.2013 - 18:15
Gud Idee, wann ech Zeit hun machen ech gaeren mat.
gemu 27.02.2013 - 18:19
Ech begréissen déi Idi, an hoffen kënnen dobäi ze sin
Serge_ 27.02.2013 - 18:57
top Idee! - ech mengen déi meeschten Membren begréissen déi doten Décisioun smile

"ersetzen/intégréiren" déi Sortien dann lo d'Aktivitéiten vum Photoshoot.lu - oder ass do fir demnächst och nach eppes geplangt?
Johny 27.02.2013 - 23:17
Vu photoshoot aus maache mer keng Meetings méi, mä méi dozou kënnt awer och nach geschwenn.
Serge_ 28.02.2013 - 08:23
Ok - Merci fir d'Info smile
Jean-Jos 28.02.2013 - 22:46
Dat erënnert un de Photowalk vun 2009 an 2010.
Gutt Iddi, ech probéieren och nees déi eng oder aner Kéier derbei ze sin.
Globe-Photo 01.03.2013 - 09:07
Tip Top och fier mech! Sin gären mat derbei wann et zeitlech passt.
Pixelman 05.03.2013 - 09:44
Super Idee, Weekend ass ganz gut, méi Zeit an méi Luucht!
CANON 24.03.2013 - 16:38
Majo dann machen ech daat och closed_eye closed_eye closed_eye closed_eye