Header
Méi grouss Thumbnails
(06.01.2013 - 03:42)
Et gouf vun de Leit am Forum gewënscht, an et war och eis Opfaassung dass d'Thumbnails roueg kéinten méi grouss sinn op Photogen, fir dass een am Preview bëssen méi erkennt. Dëst ass elo gemaach, fir genee ze sinn hun d'Thumbnails elo eng Breet vun 190 Pixel woubäi et virdrun der 146 waren.

Wann dir nach kleng Thumbnails sollt ugewise kréien, dann maacht w.e.g. en manuelle Reload am Browser, dann muss deen d'Biller eng Kéier ganz nei lueden.

Dëst war dann och de Grond wisou elo während e puer Stonnen um Samschden Owend Photogen offline war, well déi Thumbnails hun alleguer mussen nei generéiert ginn.

Mir hoffen dës kleng Ännerung gefällt iech an mécht de Site e ganz klengt Stéck besser :)

Mir wënschen iech all nach e schéine Sonndeg.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Jean-Jos 06.01.2013 - 10:09
Dat doten ass richtég gutt an och gutt, datt den Auteur nët méi am thumb ugewise gëtt, dat mécht d'Präsentatioun méi spannend closed_eye
desi 06.01.2013 - 10:50
do huers de recht closed_eye
Johny 06.01.2013 - 13:09
Dee kritt ee just net uegwisen wann een an den Astellungen D'Optioun fir detailer gewisen ze kréien ausgeschalt huet smile D'Optioun war nach ëmmer do, awer lo zielt och den Numm vum auteur derzou.
Maimonides 06.01.2013 - 16:25
Dito, Jean-Jos !!
Metalbambi 06.01.2013 - 10:56
Yes, gefält mer. Wichtegen Schrëtt an déi richteg Richtung. smile
Johny 06.01.2013 - 13:10
Freed mech, merci smile och merci fir de moralesche support tongue
Metalbambi 07.01.2013 - 01:15
Oh vreck, deen hat ech schonn bal vergiess. Hunn lo laang missen nodenken wat's de domadder mengs! XD
Miau 06.01.2013 - 11:19
Tip top dat doten, merci
Johny 06.01.2013 - 13:10
Merci och dir smile freed mech wann et gefällt.
marker 06.01.2013 - 14:32
Vill besser, an esou gefällt dat doten mir richteg gutt.
E grousse Luew un de Comité.
De-Neien 06.01.2013 - 21:22
Jo sou ass et wieklech en gudden Krack besser, mir gefällt dad ganz gudd ! smile
No_Saint 06.01.2013 - 22:14
Eng fein Saach, gesäit gutt aus !!
Kwitchibo 07.01.2013 - 00:11
top
Schluck 07.01.2013 - 16:45
Tiptop esou .. och d'Optioun mam Auteur .. villeicht nach den alignement vum Titel, Bild, mais dat ass een détail
Johny 07.01.2013 - 16:51
Et ass alignéiert, wann d'Foto am Breetformat ass oder Quadratesch. Net alignéiert ass wann se Héichformat ass, mä ech kann den Titel net dann réckelen well soss ass net méi genuch Plaz no riets gesi fir vill Titelen dran ze kréien closed_eye
Schluck 07.01.2013 - 17:10
Verstinn dein Dilemma, ass och nët sou wëll. Villéicht dann d'Bild och lénks alignéiert ... Ass nët ëmmer einfach sou eppes ëmzebauen
Johny 07.01.2013 - 18:10
Nee, ass wierklech net einfach, virun allem net ënenrhalb vun de Méiglechkeeten hei, nämlech ouni soss vill um Design ze änneren smile Well anescht géifen et vill Méiglechkeeten ginn et nach ze verbesseren.
Schluck 07.01.2013 - 23:28
Wees wéi dat ass .. hat heinsdo um Layout héi gemierkt dass de ee puer tester gemach hass. Kloer keins de nach vill änneren mais dann kanns de genau sou séier tabula rasa machen an genz néi Opbauen .. an dat Kascht villlll Zäit. Du muss mol en engagéieren deen den Job iwwerhëllt closed_eye
byFotoFous 07.01.2013 - 17:24
Ech fannen et gudd, mee schued dat en den Auteur net direkt gesäit....
Johny 07.01.2013 - 18:11
Wéi schonn engem aner geschriwwen:

Dee kritt ee just net ugewisen wann een an den Astellungen D'Optioun fir detailer gewisen ze kréien ausgeschalt huet smile D'Optioun war nach ëmmer do, awer lo zielt och den Numm vum auteur derzou.
byFotoFous 10.01.2013 - 12:47
Hhm, dei sinn awer sou agestallt bei mir, an gesinn den numm awer net...??
Johny 10.01.2013 - 13:24
Op der Startsäit kritt ee se nie ugewisen, Reduzéirung op dat néidegst ... smile
Dynax 09.01.2013 - 13:00
öfter mal was Neues. Cool, gefällt mer.