Header
Aktivéirungssystem an e Bléck op 2013
(22.12.2012 - 16:34)
Läschten Donneschdeg hate mir eng Comité Versammlung fir haaptsächlech de Punkt ze maahen vum Joër 2012, fir e Bléck op 2013 ze werfen an fir zum Thema vum Aktivéirungssystem entgültech eng Décisioun ze huelen. Hei wëlle mir iech kuerz e Résumé maachen vun all dem wat do eraus komm ass:


Aktivéirungssystem
Bei den News virun elo bal engem Mount hat ech jo gefrot, dass d'Leit bëssen sollen hier Meenung zur Testphas schreiwen. Déi meescht Leit waren der Meenung, dass et gutt esou ass vu, dass de Site net iwwerschwemmt ginn ass mat ganz schlechte Fotoen. Trotzdem waren d'Leit och der Meenung, dass elo Fotoen méi séier ënnerginn. Eis Entscheedung ass als aller-éischt emol dass et esou bleift wéi et elo ass, also mer sou weiderfueren ouni den alen Aktivéirungssystem. Mir kucken awer an nächster Zäit e puer Saachen ze änneren fir z.B. méi wéi nëmmen "Neist Fotoen" op der Startsäit ugewisen ze kréien.
Op dëser Plaz dann nach eng Kéier Merci un all déi Leit déi eis hiere Point de vue erklärt hunn.


2012
D'Joër hat eigentlech net ganz gutt ugefaang, well mir ëmmer nach op eise Sall gewaard hunn. Dësen ass awer um Enn vum Joer färdeg gestalt ginn, soudass dëst dann och gemaach ass.
De Salon National war dëst Joer natierlech fir eis als Club de gréisste Projet, deen souwäit ganz gutt gangen ass, och wann en vill Zäit an Nerven kascht huet :) Eng 700 Fotoen sinn erageschéckt ginn, an um Vernissage waren +- 150 Leit, wat méi war wéi déi Joren virdrun. Am Clubklassement huet photogen hei déi drëtt Plaz kritt, woufir mir dann de Memberen och nach eng Kéier wëlle Merci soen!


2013
Fir dat nächst Joer stinn folgend Saachen um Plang:
- De Sall erëm ganz asazbereed maachen (éischt halschent Januar)
- Endlech erëm Workshops organiséieren, an eisem wonnerschéine Sall :)
- Zesumme mat anere Clibb e puer Meetings organiséieren
- Een oder zwee gréisser Concours'en mat sérieux'en Sponsoren

Ausserdem ginn et Ännerungen am Comité, well d'Lydie als Trésorière démissionéiert huet an och aus dem Comité austrëtt, iwwerhëllt d'Anouk Hartmann (Nick: Kleent) dës wichteg Roll. An dann huet de Pol Metzler och seng Démissioun aus dem Comité eragereecht, dëst aus zäitleche Grënn.





Mir hoffen dir freed iech elo genee sou wéi mir op d'Joer 2013, an iwwert dëse Wee wënschen mir iech alleguer dann nach eng Kéier schéi Feierdeeg an e gudde Rutscht :)

De ganze Comité vu photogen.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Paul-H 22.12.2012 - 16:40
Ech wenschen Iech och alleguerten nemmen daat allerbescht fir d'Feierdeeg an en ganz groussen Merci fir déi Zäit an Aarbecht déi Dir fir eis investéiert!!
gogo 22.12.2012 - 16:59
Merci Paul smile
jorsch 22.12.2012 - 20:36
Genau wéi de Paul-H

wënschen ech iech schéi Feierdeeg

a soe Merci fir d'Zäit an Aarbecht, déi dir an dëse flott Site investéiert.

Fir mech ass Photogen weiderhin eng Beräicherung an eng Motivatioun!
Jeanny 23.12.2012 - 07:58
Och ech wënschen Iech schei Feierdeeg an e gudde Rutsch.
op e neit Joer 2013smile
LG Jeanny
Jaycee 23.12.2012 - 12:01
Fi iech och, dir léif Leit aus dem Comité alles Gudds a merci dass der dé Site hei um Liëwen haalt... smile
J.C.
rullj 23.12.2012 - 15:13
Och schéin Féierdeeg vun mir fir d' ganzt Photogensteam an natierlech dei aner Benotzer vun desem Site.
Ferdl 27.12.2012 - 19:38
Ech wënschen Iech alleguerten och e gudde Rutsch an d'neit Jôer, vill Succès fir 2013. Merci gesoot un Iech all, fir Är Aktivitéiten 2012. Schued dass ech nach net am neie Sall wor, an net beim Salon National dobäi wor...(ech schaffen komesch Schichten). Ech freeë mech op 2013! Macht weider esou! smile Där sidd e SUPER-TEAM !