Header
Testphas theoretesch muer fäerdeg
(27.11.2012 - 20:35)
Muer ass eis Testphas vun 3 Méint, wou mer wollte kucke wéi et leeft, theoretesch ofgelaf. Mir hu fir de Moment decidéiert et mol esou weiderlafen ze loossen, hunn awer zum Wiessel vum Joer nach eng Comité sitzung wou mer dat ganzt méi genee wärten analyséieren an diskutéieren. Bis dohin si mer natierlech och frou Feedback vun iech ze kréien ob dir et besser mat oder ouni Aktivéirungssystem fannt, an wann dir kënnt fir är Positioun argumentéieren ass dat emsou besser fir eis :)
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gi87 27.11.2012 - 20:44
Esh fannet Gud, well de Site ass ma vill mei lieweg virkomm, empluss esou konnt jidereen seng Fotoen Weisen. Bon bei allem Gudden gedet och Negatives, an do soen Esh dasset och Deeg gin Sin wou just Fotoen drop woren dei vir Richteg net ungehol gin wären, annersaits sen och vill Fotoen seier Ennergangen. Mee selwer Paraport zu villen amneren Saiten ass de System vir jidereen mei Fair. smile
VeloBen 27.11.2012 - 21:38
Ech fannen den Test war gelongen. Hun méi d'Gefill gehaat daat Lait vlait elo e wéineg méi motivéiert waren/sin nees méi Fotoen an Kritiken ze posten.
Fannen och elo net daat dermossen vill "richteg schlecht" Fotoen dobei komm sin. Wann jo fannen ech daat déi puer "Ausreisser" awer dunn genuch Kommentarer an Kritiker generéiert hun. Doduerch konnt dem Poster vun der Foto gehollef gin mat konkreten Verbesserungsfierschléi an net "gefrustet" gin mat den Standardaentwerten à la "Du hues dir net genuch Gedanken..." .
Ech fannen et kann esou weidergoen. Et ass eng Win-Win Situatioun fir all Mensch.
micky-maus 27.11.2012 - 22:02
Ech selwer fier main Deel sinn vill mei selbstkritesch ginn ann lueden just nach Fotoen erop wou ech mier ett genau iwwerlued hunn.
Ass awer flott, ett kommen erem richteg flott Diskusiounen op iwwert Fotoen, amm gudden ann amm schlechten Senn...
Daat einzecht waat mech steiert ass daat Zaitenweis einfach zefill beieneen eropgelueden gett. Villaicht op 24 Stonnen Paus verlängeren oder nemmen all 12 Stonnen 1 Foto eroplueden? Ass main Virschlaag.... Fier den Rescht: TOP esou.
Paul-H 27.11.2012 - 22:09
Also, fir mech kann et och weider sou laafen. Ech hun et zwar net probéiert, mee ech sen 100% dervun iwerzeegt dass ech op déi eng oder aaner Foto déi ech alt mol refuséiert kruut lo relativ gudd Kritiken kruut hätt. Anner Siten hun daat bewisen. Et ass dach einfach net méiglech fir objektiv ze sin wann een hei soll décidéieren op eng Foto ugegoll gett oder net. Fotoen maachen ass jo eppes kreatives, irgendwéi z.B. ze vergläichen mat Musek. Wien wellt sech dann do umoossen emmer kennen gerecht an objektiv ze urdeelen? Also, ech kéint et net! Et ass a bleiwt "affaire de gôut". An vleit daat wichtegst: Wann een e bessen méi laang hei drop ass, dann gesäit een jo waat vun aaneren rop gelueden gett an daat dreiwt een schon automatesch derzou 2x ze iwerleen wéi eng Fotoen een rop lued an wéi eng net. Sou wéi de "VeloBen" et och seet: Sou "richteg schlecht" Fotoen hun och ech net gesin. Fazit: Weider sou!
rullj 27.11.2012 - 23:33


Ech fannen och, dass eng greisser Paus no enger eropgeluedener Foto misst ageluegt ginn.
pho-taux 28.11.2012 - 00:15
Ech erlaabe mer mol als Ufänger mäin Pefferkär bäizegin... Ech sin lo ee Joer hei um Site an en huet mer gehollef, vill méi selbstkritesch ze gin. Den Aktivéierungssystem huet secher dozou bäigedroen, mee ech mengen villméi datt et um Site selwer läit, mat sengem (fir mech) héichen Niveau un Fotoen an mat deene konstruktiven Kritiken (och wann ech déi als Ufänger heiansdo vermessen, mee dat ass eng aaner Saach) vun den User'en. Ech sin net der Meenung, datt den Niveau an deene leschten 3 Méint erofgaangen ass. Et ass een bal gezwongen, sech deem héichen Niveau unzepassen, bzw. säin Bescht ze maan, fir dem Niveau einegermoossen gerecht ze gin.
Allerdings: den Flux un Fotoen ass heiansdo ze grouss, an do schléissen ech mech den Proposen vum rullj an vum micky-maus un.
Digital-Art 28.11.2012 - 00:48
Ech muss soen et sinn Fotoen drënner gewierscht an deene läschte Méint, do wenschen ech mir deen aalen System erem. Ech hun d'Gefill do hun der e puer dovunner profitéiert deenen geet et just drëmm geet all Daag mindestens eng Foto wann net esouguer zwou ze posten, nemmen vir hire Skill méigelechst schnell an d' Luucht ze kréien. Dobäi bleiwt Qualitéit an Diversitéit vun deene Fotoen awer leider op der Streck. E puer richteg arguemtéiert Refus'en gengen do Wonner wierken. Meng Meenung.
MarcGerard 28.11.2012 - 12:05

méng meenung: looss et einfach esou lafen. ech fannen net dass ech ee groussen ennerscheed spieren. an weess de déi fotoen déi engem net passen, déi kann ee jo ignoréieren. ech mengen et geet näischt iwwert total fräiheet, oder net? smile
gi87 28.11.2012 - 23:10
Do stemmen Esh da 100%teg zou !
Maimonides 20.12.2012 - 22:18
Ech och.
Metalbambi 28.11.2012 - 16:32
Géif et och sou lafen loossen. Sinn zwar Deeg wou en bëssen vill gespammt gëtt, mee et hält sech am Allgemengen wierklech an Grenzen. Ass vill besser gelaf wéi ech mer et erwäert hat!!!

Dem Micky an dem rullj säin Vierschlag ass awer effektiv interessant, dat géif an engems och d'Qualitéit hiewen well vill manner däer ganz schlechter Fotoen géifen rop gelueden ginn.
rabbit 28.11.2012 - 17:37
Ech fannen och dass den Site méi interessant ginn ass, well en méi Auswiehl an Fotoen hat, an wann och mol eng schlecht derbäi ass, kann en ënnert den Kommentaren liesen wat anerer virschloën fir ze verbesseren, ech van menger Sait loden och nitt all Foto ob den Site just fir dass se do steht ! dat géif jo och keen Sënn maachen, dofir hat en jo facebook closed_eye sou laang kéng pornografisch Fotoën ob den Site kommen kann en et sou weider loofen lossen smile
bigmama19420205 28.11.2012 - 18:11
Ech fannen dat de Site vill mei flott ass , wëi vierdrun, et sen Fotoen vun all Gou drop, waat soss zimlich langweilig war ...
Ech wär och derfier et sëu wëi lo weiderlaafen ze lossen .
Et si vill nei Leit bëi kommen dëi hier Fotoen wëlle weisen ..

Ech fannen un der Qualitëit vun de Biller , ass kee groussen Ennerscheet vu fierdrun
Pit 29.11.2012 - 14:23
Loost et sou laafen. Mech huet et jo praktesch erschreckt, dat Fotoen, dei verschidden Leit net wollten zouloossen, immens Kritiken vun den 'normal Stiewlechen' kruten. Dat ass fir mech just den Beweis, dat immens vill 'à la tête du client' zougelooss gouf. Vir dat ze verhenneren, wär et nemmen gerecht, et sou ze loossen wéi et ass. Dann können d'Leit jo décidéieren, op et eng gudd oder manner gudd Foto ass.
Gaga 29.11.2012 - 18:51
Ech sin 100% derfier et ze loossen, bon dat ech fierdrun de System net gut fontn hun wees de Johny.

Waat ech am Kapp hun weinst dem "seier Ennergoen" waat mech och e bessen nerft heiernsdo well ech eichter meng Fotoen owes Speit eroplueden. Mueres sin se dann um 10.00 schon vun der eichter Seit.
Wann e Site esou wiesst, as et kloer dat iergendwann t'Concept vun "ech klicken mech Chronologesch duerch dei läscht Fotoen" net mei laang ze haalen.
Et misst een schon baal dei läscht Fotoen pro Kathegorie weisen denken ech ...

Et wor jo en Thema den Layout vun der Startpage ze änneren.
Villeicht leisst sech do epes machen fier dat t'Fotoen net sou seier ennergin.
Johny 30.11.2012 - 09:30
Et war net d'Thema de Layout vun der Startsäit ze änneren mee de Layout iwwerhaapt, well en ze kleng ass, Thumbs sinn ze kleng etc. Dat géif awer vill Ännerungen mat sech bréngen an an engems eng quasi Nei-Programméirung vu Photogen, déi net ganz séier realiséiert ass closed_eye

Mee et kéint een dem apeace seng Virschléi vläit iergendwéi mat der Startsäit verbannen, also Layout liicht änneren temporär an aneres mat abannen, kucke mol do eng besser Léisung ze fannen
Gaga 30.11.2012 - 10:03
Jo, genau.
Am Moment sin mer op der Limit vum Prinzip dei "làscht" Fotoen ze kucken, ech sin all Daag hei um Site, mais kommen nach knapps no fier all Foto ze gesin, geschweige dann en Kommentar ze schreiwen.
Eenzegen Nodeel den ech gesin bei der "dei beleifsten Fotoen" Galerie :
Dei Fotoen dei schon net vill gekuckt gin, gin nach mei enenr well se net an der "Haaptgalerie" vun der eichter Seit sin !
Johny 30.11.2012 - 10:40
Jo genee, ass net ganz esou einfach, dat hues de gutt erkannt smile dofir kucken ech mer do eng besser Léisung ze iwwerleeën.
apeace 30.11.2012 - 07:58
Ech wier och derfir et esou weiderlafen ze loossen! Fotoen déi net esou gutt sinn gi souwisou kritiséiert oder carrément ignoréiert a kréie guer kee Kommentar! Allerdéngs wier et vläicht net schlecht op dem Site nieft "Neist Fotoen", "Meescht gekuckt" a "Meescht kommentéiert" och nach eng Vue Populärst Fotoen vun der Woch oder Mount ze hunn!
mipo 02.12.2012 - 11:22
gut froo !!! fier d'eischd mool wollt ech soen dat et keen daach get wou ech net hei hinner lussen kommen well een site as dee mier ganz gut gefällt ! waat är testphas ubelangt sin ech der meenung eng kleng kontroll an ze feieren ! un dee niveau ewei fill leit hei foto'en erascheken kommen ech nie erun waat och eng eraus fuederung ass fier et besser ze machen respektif fier idee'en ze kreien ! et soll awer och net sin fier et mool op letze. ze soen dass all schrott soll erop können gelueden gin ! egaal wei dier ierch sollt entscheeden macht weider esou
Johny 03.12.2012 - 18:10
Merci alleguer fir Är Meenungen smile
Schluck 28.12.2012 - 23:13
Ech hunn mech heizou lo nach nët gäussert gehaat wëll ech mol wollt offwaarden wéi ët dann no der Testphase ausgesäit. Deels wënschen ech mir den aalen System ërem wëll den Niveau ass awer lo am läschten Mount déitlech an den Keller gangen an ech fäerten dat wert och lo nach weider biergoff goen.

Och den Niveau vun den Comments fällt ëmmer méi an huet näischt méi mat Fotokritik ze dinn. Ët sinn ëmmer déi selwescht déi vill Kommentéieren an déi och mol eng echt gemengten Kritik offginn an nët nëmmen schéin Foto beim Kolleg schreiwwen.

Wéi een dat kann aenneren wees ech och nët, just komplett ouni moderatioun mengen ech ass awer och nët d'Léisung
gunman 21.01.2013 - 23:30
Ech muss dem Schluck leider Recht gin. Am Ufank ass et nach gaangen, mais elo ginn awer Fotoen eropgelueden, wou een sech awer stark ustrengen muss fier nach eppes "spezielles" do dran ze gesinn.
Meeschtens gett dann iwerhaapt keen Commentaire dozou ofginn, an daat helleft demjenigen dann och net. Dann wier et graad esou gutt et géif een en System aféieren wou een 0-1-2-3-4-oder 5 Stären (oder ech wees net waat uklicken kent, dann wéisst een bei 0 Stären wéinegstens dass d'Photo "zero" ass. Natierlech soll d'Méiglechkeet vun engem Commentaire net ofgeschaaft gin, daat mat den Stären wier just en Complément, an et géif menger Meenung noo déijeneg Photo schnell an déi Categorie eranstellen wou se hingehéiert.
Johny 22.01.2013 - 10:02
Wann ech déi läscht Fotoen kucken sinn déi meescht awer ganz interessant. Et si mol Zäiten wou der puer beienee sinn wou ee vläicht et misst net sinn, mee et ass nach net ze schlëmm am fong. Allerdings ass eng Art Bewärtungssystem geplangt, zwar bëssen op eng aner Art a Weis mee de Prinzip ass de selwechten an d'Resultat jo och smile an de Grond wisou mer et maachen ass och de selwechten closed_eye
gunman 22.01.2013 - 13:49
OK, ma dann lossen ech mech emol iwerraschen.