Header
Ännerung an der Galerie an kleng Updates
(05.03.2006 - 14:54)
An der Galerie hun mer en puer Kategorien bäigesaat, an mer bieden ierch all är Fotoen duerchzekucken ob net der do en puer an eng vun denen neien Kategorien besser passt. Nei sin folgend Kategorien:
- Buergbrennen bei Events
- Am Studio bei Objeten an Still Life
- Formen an Strukturen bei Allgemeng
- Nuetsopnaamen bei Architektur / Stiedt

En Plus hu mer lo d'Limite vun 4 Fotoen pro 24 Stonnen gesaat op 2 Fotoen pro 20 Stonnen. Dëst soll d'User bessen motivéieren nemmen hier gudd Fotoen ropzelueden an sech mei Gedanken driwer ze maachen. Et verhënnert äusserdem dass abeemol d'Halschent vun den 8 neitsten Fotoen op der Haaptsäit vun engem eenzegen User sin.

Lénks gët elo nët méi déi neitst Foto ugewisen mee eng Random (duergerneen) gewielte Foto déi manner wei 3 Kommentarer huet. Dëst ass fier dass och dës Fotoen bessen mei sollen kommentéiert gin. Déi neitst Fotoen gesäit ee jo op der Haaptsäit souwisou.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Mojoo 05.03.2006 - 15:14
De Site get emmer besser. All Respekt fir aer Aarbescht.
Den "Newsletter" per Mail war eng super Idee.
Johny 05.03.2006 - 15:20
Merci fir d'Kompliment. D'E-Mail hu mer geschéckt well eis daat mat de Kategorien an den 2 Fotoen pro 20 Stonnen zimlech wichteg ass. MEe demnächst kennt eng richteg Newsletter Funktioun bäi closed_eye
coolpix 05.03.2006 - 16:22
Super : ).
xtoph69 05.03.2006 - 17:08
Formidabel, och dat mam Random Foto, fannen et och flott kommentarer ze kréien, mist een nach ..... pardon dir mat wirklech eng SUPER arbecht , well der elo net nach méi machen, closed_eye awer e klenge Guide fir eng bewertung vun engem Bild wir net schlecht, hhhmmmm.... jo ok fleit och net ... ass onméiglech!!!
coolpix 05.03.2006 - 17:34
Ech wees zwar net waat en guide fier eng Bewäertung ass, mee souwäit ech wees wollt den Johny den Vote-System souwisou nachengkeier iwwerschaffen.
Mojoo 05.03.2006 - 17:45
Mengs du domadder eng Bewertung fir Fotoen an Ennerkategorien?
Z.B dass een d'Faarwen, d'Veraabeschtung, den Cadrage, etc.. kann bewert gin vun jeweils 1-10?

Hm ech wees net op dat esou eng gudd Idee ass well jo awer z.B net all Foto veraarbescht gin ass oder esou. Mee et gin jo beschtemmt nach aaner Kategorien dei engem do afaalen kennen.

Wann, dann keint den Autor deen seng Foto astellt jo vlait selwer anstellen weieng Bewertungskategorien hien well anstellen, oder ob dei heen Wärt leet. Vlait sin ech och um Holzwee an du mengs eppes ganz aaneschters.. closed_eye
Johny 05.03.2006 - 21:14
Opdeelen denken ech huet net vill Wärt, well wen hëllt sech schonn Zäit vir iwer all Foto souvill Gedanken sech ze maachen? Denken net dass daat helleft smile
Johny 05.03.2006 - 21:13
Wei de coolpix soot, Bewärtungen daat gët ganz geännert...
Johny 05.03.2006 - 22:06
Klengen Update: Hun gemaach dass och wann Exif Daten ausgelies gin, een se duerno ännere kann. Zemols weinst dem Problem eben mam ISO bei Nikon Cams an awer och den heinsto komeschen Verschlusszäiten an Original Datums.
coolpix 05.03.2006 - 23:07
Daat konnt een dach schon et huet een just missen d'Felder entblocken (mat Firefox Extension Web Developer geet daat closed_eye).

Keint een net nach uweisen lossen, ob en User gebletzt huet oder net? (DSLR-F.... huet esou eppes bei sengem Fotoen)
xtoph69 05.03.2006 - 22:14
Mir ass grad agefall: Ech fannen et schued wenn nie een "Auteur Kommentar:" dobei steet, kann een et net sou machen dass een e Kommentar MUSS machen fir d'bild ofzespeicheren ??
Johny 05.03.2006 - 22:17
Hm ech fannen daat am fong net nemme schued mee scho baal bessen ... wei soll ech soen. ouni Community-geescht. Menger Meenung no kann ee keng Foto Leit weisen ouni selwer kuerz eppes derzou ze soen, deng Idee ass vun dohier guer net su schlecht, ech denken daat ass eng Iwerléung wärt smile
yoshi 06.03.2006 - 00:15
Gudd Idee
Johny 06.03.2006 - 23:01
Sou, ass gemaach smile
xtoph69 06.03.2006 - 11:54
Hhhhmmmm...... mir ass grad nach eppes agefall, also elo een Dag méi spéit ze mengem leschte Kommentar closed_eye
ech hun dem engem oder anneren e Kommentar bei sei bild geschriwen, KENG AHNUNG méi ween dat war, hu jo elo kee block hei wou ech mir all meng Kommentarer opschreiwen, ??? Also selwer wees ech jo elo och net wéi, mee wenn ech bei mengen Bäitrech eng rubrik haett , déi meng lescht 10 oder 15 Kommentarer géif opleschten , dat wir scho super closed_eye Näischt fir ongud,

DIR SIDD SUPER closed_eye ech wees dir kent dat , a wen net , huelen ech an zukunft e block an e bic *fg*
Johny 06.03.2006 - 13:18
Dofir gin et d'Favoriten. Do kritt een, wann een herno bei Favorite kucke geet, och e roude Stär bei der Foto gewisen wou en Kommentar steet dens de dann nahc net gelies hues. Ech si mer bewosst dass daat am fong dei richteg Funktioun dei Favoriten duerstelle sollt, an den Hannergrond gedréckt gët, dofir wärt geschwenn och Favoriten an 'Iwerwaachung' embenannt gin, well et ass eischter daat .. smile
xtoph69 06.03.2006 - 13:40
Merci, hun ech zenter de moien och schon esou gemach
alma 06.03.2006 - 14:37
ech fannen deng ännerungen sin tip top an den site huet och erem un qualiteit gewonnen,
seit dir bessen mei streng sit.
xtoph69 10.03.2006 - 15:57
et ass mir opgefall, beim eroplueden, wenn ech ee Bild eroplueden an ongeféier 8-10stonnen drop dat zweet, da leeft de countdown bis ech eroplueden dierf eréicht un , dat hescht ech hun praktesch 30stonnen misten warden fir dat naechst bild, hhhhmmm......
war dat deitlesch ....
Johny 11.03.2006 - 00:02
War kloer genuch Chef smile
Et misst elo richteg goen, et gouf einfahc op dei läscht ropgeluede Foto referenzéiert waat awer lo net mei sou dieft sin, lo misst reischt dei zweet läscht als Referenz geholl gin.