Header
De Photogen Sall ass zréck
(01.10.2012 - 20:26)
Et ginn gutt Nouvellen vun Jonglënster ze mellen: Läscht Woch ass eise Sall endlech fäerdeg ginn, an dat meescht vun eisem net-techneschem Material steet an Tëschenzäit schonn erëm drann. De Buedem ass elo ganz frësch an genee no eise Virstellungen gemaach ginn.

Et dauert elo just nach e bëssen bis en och erëm zur Verfügung steet fir als Studio ze lounen, well elo musse mer kucken déi al an och eis nei Blëtzer an Ausrüstung erëm dran ze kréien, wat dann an den nächste Woche wärt gemaach ginn.

Mir halen iech natierlech mam weidere Verlaf vun der Ariichtung um Lafenden :)

Dëse Mëttwoch ass och schonn erëm den éischte Phototalk zu Jonglënster, traut iech roueg kucken ze kommen :)

Phototalk Oktober
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Gaga 29.10.2012 - 14:01
Weini kann een erem Reserveieren Johny ?
Johny 29.10.2012 - 14:08
Dauert nach bëssen, gëscht hu mer mol neit Material dohi geplënnert, allerdings ass lo déi nächst Wochen de Salon National Haapt-fokus vu dass lo do vill Aarbecht op eis duerkënnt. Rechnen awer dermat dass mer am Dezember de Sall rëm ganz asazbereed hunn smile
Gaga 29.10.2012 - 16:16
Top !