Header
Photogen Clubsall Neiegkeeten
(13.07.2012 - 09:09)
Moien alleguer,

Laang schonn waarde mer drop dass eise Clubsall zu Jonglënster erëm prett ass fir den Asaz, esouwuel fir Meetings, Workshops mee och als Studio fir eis Memberen. De läschten Informatiounen no ass et elo sou dass elo just nach eppes muss gemaach ginn, an zwar e Belag op de Buedem geluecht ginn. Nodem mir eis eng Faarw erausgesicht hunn soll dëst Ufank September gemaach ginn, soudass mir de Sall Mëtt bis Enn September erëm ganz zur Verfügung hätten. Natirlech musse mir dann nach kucken d'Material erëm anzeraumen, opzeriichten, an mer wärten iech do och neit Studiomaterial zur Verfügung stellen.

Sou hutt Dir alt alleguer en Update, an eng Idee wéini de Studio och erëm bereed ass fir verlount ze ginn :)

Äeren Photogen Comité
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Metalbambi 13.07.2012 - 11:07
Kéint een jo Araumen an Aweiung als Meeting gestalten?
Johny 13.07.2012 - 11:31
Araumen geet net an 1 Kéier, gëtt op méi opgedeelt, wat dann vill gëtt fir soueppes, mee do misste mer schonn eens ginn. Wat mer dann als nei aweihung maachen iwwerleeën mer eis nach bigsmile
gogo 13.07.2012 - 11:45
Supernews sin daat doen! Ech freen mech schon drobber.
Fennec 13.07.2012 - 12:02
Heiert sech gud un, wat as dann eigentlech do geschafft gin?
fir eng nei Chappe an Belag drop brauch een awer keen Joer.
Johny 13.07.2012 - 12:09
Et war eng laang Leidensgeschicht, op enger Säit well d'Gemeng net richteg viru gemaach huet, op der anerer säit awer, an och haaptsächlech, well déi éischt Firma alles falsch gemaach huet wat se konnt falsch maachen... Dat huet dunn mussen eraus geholl ginn an duerno huet dann eng aner Firma mussen dat frësch maachen.
Fennec 13.07.2012 - 14:14
wat e Pesch