Header
Nikon D3200, Nikkor 28mm f/1.8G
(19.04.2012 - 08:20)
Nikon huet eng nei DLSR an der Ufänger-Gamme virgestallt. Hei d'Iwwersiicht vun der D3200
-24MP DX Format CMOS Sensor
-ISO 100-12800
-1080p/30 Video
-4 fps am Mode Rafale
-920k Pixel LCD
-Ka mat der neier WiFi Unit WU-1a benotzt ginn. (60 Dollar)
Disponibel ab Enn Abrëll fir 700 Dollar.

Weider gëtt et en neit Objektiv. D'Nikkor 28mm f/1.8 G ass e Wäitwénkel Vollformat Objektiv. Op engem Krop-Sensor wéi dee vun der D3200 gëtt doraus dann en 42mm equivalent Objektiv. Et ass ze kréien ab Enn Mee fir 700 Dollar.

[via: nikonrumors.com, dpreview.com]
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Nicon07 20.04.2012 - 08:48
Ech verstin di Politik do net sou ganz: d'"Ufänger" (wat dat och ëmmer heesche soll) gi mat héichopléisendem Sensor verwinnt (ugelackelt???) an di "Fortgeschratt" (Professionnel a Semi-Professionnel) musse mat hirer D300 an D300s weiderfotogrféieren, well di laang erwarten D400 (?) mat eben engem 24 Mpx DX-Sensor net erschingt. Mais ëmmerhin: Lo no dësem Coup dierft et net mi laang dauere, bis och eng D800 mat DX-Sensor rauskënnt.
gloda 20.04.2012 - 16:54
Ech denke mat "ulackelen" hues de effektiv dat richtegt Wuert benotzt. Zesumme mat der rouder Faarf vum Boitier zitt dat gewësse Clienten un.
p-foto 08.06.2012 - 10:42
Dann waarden ech léiwer op d'D600
Och 24 MP mais am FX Format. Dei kennt August-September