Header
Lightroom 4
(06.03.2012 - 13:06)
A weider geet et mat den News dës Woch! No enger relativ kuerzer Public Beta Phase huet Adobe elo de fäerdegen Lightroom 4 eraus bruecht.

Et gëtt en neie Modus fir Photobooks ze kreéieren, Video Fichieren ginn besser ënnerstëtzt, et gëtt en neie Modul fir Geotagging a Verbindung mat Google Maps, an natierlech ginn déi neitste Kamera Modeller ënnerstëtzt, zB. Canon 1DX an Nikon D4. Et gëtt elo och d'Méiglechkeet fir Soft Proofing ze maachen, d.h. um Bildschierm (soft proof) ze gesinn wéi d'Bild ausgesäit wann et bis gedrockt gouf (hard proof).

An um Präis gouf och halbéiert! D'Standard Versioun kascht 109€, fir 62€ kritt een de Programm wann ee Student ass (oder Proff, hehe).

Links:
Review op PDN
Review op DPReview

(via dpreview.com, @photoshop (Twitter))

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Jaycee 13.04.2012 - 21:08
"An um Präis gouf och halbéiert! D'Standard Versioun kascht 109€, fir 62€ kritt een de Programm wann ee Student ass (oder Proff, hehe)"

D'Proffegehälter si jo och esou miserabel (ca. 120.000EUR p.a.) dass se onbedingt déi eng oder aaner Vergünstegung brauchen... closed_eye

Dovun ofgesin sin d'Hacker nach méi fein eraus, déi kréien en fiir 0EUR, woumat ech elo nët soen well dass ech éen Hacker sin...
gloda 14.04.2012 - 13:05
Ech fanne weder déi eng nach déi aner Remarque ubruecht, och net mat engem Smiley hannendrun.
Jaycee 19.04.2012 - 12:24
Stëmmt, ubruecht ass wuel weder déi eng nach déi aaner, och wann se op Tatsaachen berouen, mais du muss der eben bewosst sin dass deng lescht Remarque entre parenthèses eng Remarque ewéi meng éischt direkt erausfuedere kann.