Header
Canon EOS 5D MkIII an Accessoiren
(02.03.2012 - 14:04)
Voilà, do hu mer jo de Stuerm. Oder awer nëmme frësche Wand? Vläicht ass d'MkIII net grad esou e "Game-Changer" wéi d'MkII et war, mä et ass en zolitten Upgrade deen sech e puer Tricken bei der EOS 1DX ofgekuckt huet.

Bannendran
-22.3MP Full-Frame Sensor (MkII: 21.1) mat Mikrolens Design vun der 1DX
-Digic 5+ Prozessor (17x méi séier wéi den Digic 4 an der MKII)
-61-Punkt AF Sensor wéi en an der 1DX zum Asaz kënnt. De Fokus System an der 5DMKII huet ëmmerhin schon 8 Joer um Bockel also war dat hei fälleg.
-63-Zone Beliichtungsmiessung
-ISO 100-25600 (erweiderbar op 50-102400) Se ass 2 Blende méi liichtempfindlech wéi d'MkII.
-6 fps am Burst Modus (MkII: 4fps)
-3.2" LCD (1.04 Millioune Bildpunkten)
-100% Viewfinder (d'5DMkII hat ee mat 98%)
-CF & SDHC Kaarteslots

Video
-H.264 1080p24/25/30, 720p50/60
-Stereo Mikrofon. Anscheinend ass den Soundsystem staark verbessert ginn. (Ech hunn den Sound deen d'5DMkII opgeholl huet grujeleg fonnt wéinst dem staarke Rauschen.)
-Kopfhörer Uschloss fir dass ee während dem Filmen kann no de Levels kucken.
-Während dem Filmen reagéiert dat hënnescht Riedchen op Beréierung. Esou kann een Astellungen änneren ouni Klickgeräischer fäerten ze mussen.
-Intraframe Kompriméierung.
-Den Vincent Laforet ass net esou begeeschtert vun den neie Video Funktiounen. Hiet zitt d'Schlussfolgerung dass fir Videografen d'C300 e vill méi interessanten Apparat ass.

Ergonomie
-Nei Knäppercher, deelweis Gimmick, deelweis nëtzlech. Gudd fannen ech den LiveView Knäppchen wéi e scho bei der 7D zum Asaz koum. Den Multi-Funktion Knäppchen beim Shutter schéngt och praktesch ze sinn.
-Verbessert Ofdichtung fir géint d'Elementer ze schützen

Disponibilitéit
3,500$ ab Enn Mee. (Zur Erënnerung: d'5DMkII koum 2008 fir 2700$ eraus.)

Weider Links:
Hands-on mat Video op dpreview.com
Gizmodo vergläicht d'5DMkIII mat der MkII, 1DX, Nikon D800, D4 a Sony A900.

Weider Accessoiren
Canon huet zesummen mat der 5D MkIII e puer weider Saache virgestallt.

-Den Speedlite 600EX-RT ass den éischte Blëtz vu Canon mat agebauter Funk Technologie. Guide Number: 60 @ ISO100 & 200mm Zoom. 630$. (Den 580EX II hat en RRP vun 500$.)
-Den Speedlite ST-E3-RT huet Funk kann bis zu 15 Blëtzer bis op eng Distanz vun 30m steieren. 470$.
-Canon Wireless Transmitter WFT-E7, 760$
-GPS Receiver GP-E2, 390$
-Battery Grip BG-E11, 490$.

via: petapixel.com, dpreview.com, gizmodo.com, canonrumors.com
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
gloda 02.03.2012 - 14:16
Update: De Syl Arena huet en Review iwwert den neie Blëtzsystem geschriwwen. http://pixsylated.com/blog/canon-600ex-rt-first-im...
gi87 02.03.2012 - 16:59
Esh gief soen de Prais wert iwer 3.000 €. leien.
Den 1Dx ass io beim mirgan an dem ck bei 5499€ fesgehalen gin, elo ass wiekleg ze kuken wat sech lount ze kaafen, well den AF ass io lo de gleichen, iso qualiteit miss och deelweis um glaichen lewel leien, froen mesh wat den heigen opprais beim 1Dx grechtferdegt wannse souwisou e gudden deel vun da Technologie an den neien 5er gestach hun...
Johny 02.03.2012 - 18:40
De Präis läit laut Canon bei 3300€, an et ass och dee Präis deen ee lo schonn bei Händler gesäit vir se ze bestellen, an ech fannen et dach relativ deier :/ Hat éischter gehofft mat bëssen ënner 3000.
gi87 03.03.2012 - 00:22
Do sin esh ganz Denger meenung, Preispolitik vun Canon ass net mei dei aller beschten an da lescht, op dat op den Groussen Tele Optiken ass oder wei elo den 1er oder 5er... Bon villeicht asset och just eng saach bis stocken an Disponibiliteiten nees opgebaut sin, mee dann fannen esh dass dei eicht Keefer sech werten Deelweis iwert den Desh zeihen lossen, parconter ass Preispolitik bei Nikon besser gin op hierem neiem Material D4 souwei och den D800 den selwer jo enner 3000 euro leit hei an de Buttecker anscheinend, an den D4 em dei 5099 € laut lechtem stand elo... Esh hat wiekleg gedeucht dass Canon sech dess Keier gief un Nikon adapteieren mat de Praiser, awa weiet schengt net wiekleg.. Nujee, är esh des keier iwerhapt eppes kaaf get wurden esh personell leiwer mol e bessen biss kannerkrankheeten souwisou behouwen mol sen, an a peur meint drecken se de Prais souwisou no ennen nees, an dann well esh mol als eicht selwer mol hand uleen a kucken op et sech wiekleg lount esouvill geld nees dran ze geihen vir dei anscheinend besser Bildqualiteit... affaire à suivre smile
gtaddei1 03.03.2012 - 16:10
De 5D an den 1Dx sinn schweier ze vergleichen.
AF ass um 1Dx vun engem dedierten Digic 4 gesteiert an esou och d'Luucht miessung. De neien Firmware (aslo dén Definitiven vim 1Dx erweitert den AF kapaziteit och op f8 daat héscht f4 mat x2... ekzelent fir Sportfotografen.
En plus ass de 5 D net waasserdicht.
Den AF vum 5Dmk3 waerd besser sinn ewei dén vum 5Dmk2 , daat ass secher mé daat ass wouer nemmen fir dei mei deif Liichtverhaeltnisser , soss hat den 5Dmk2 sech neischt ze reprocheieren.
Iso ... 23 MioPixel ... ewei 1Dx mat 18 Mio Pixelen... hmmm mengen ech net! 5 Mio Pixelen maachen vill aus beim rauschen ... 5 D muss bestemmt mei lisseiert ginn an dofir manner Definitioun ... mautschech fotoen bei > 6400 ISO (a wann ...)
Do keint de 5 D2 esouguer nach besser oofschneiden ...
Dynamik? Bestemmt besser duerch den neien Sensor (dei vum 7D kennt).
Also waat machen dann elo 2000 Euros aus tescht dei 2 Apparater?
De Grip
Den AF
D'Resistenz vum Material (500000 shots garantie)
Tropikalisatioun
Villeicht d'Dynamik

Firwaat den 1Dx mat manner pixelen... fir eng Besser fotoquali?
mat den Objektiver dei mir hun ... De 5 D 3 ... mool kucken op dei wirklech seng 23 Mio Pix ausnotzen kann mat den available Objektiver ...

De Prais... dé geet och nach an d'Luucht ... Canon annonceiert eng Praiserheigung am Abrëll.

gloda 03.03.2012 - 19:10
E puer Zuelen fir d'MP an d'Rauschen.
5D MkII: 6.4 Microns
5D MkIII: 6.25 Microns gapless micro lens
1DX: 6.95 Microns gapless micro lens

Duerch déi nei Micro Lens Architektur sollt d'MkIII trotz méi klenge Pixel eng besser Bildqualitéit hunn wéi d'MkII, mä d'1DX huet souwuel méi grouss Pixel wéi d'Micro Lens Architektur.
gtaddei1 04.03.2012 - 18:06
Et ass daat waat ech wollt soen!
Dei MEi grouss Puites (Pëtzen) determineiren eng besser Rauschen Kontroll (bekannte Saach)
Fir Mk3 5D , dei liicht verbesserte Bildqualiteite leit an der Gamme dei e bessi mei étendu ass duerch de nei Sensor Archtektur, ob elo de Soft fir de lissage vill verbessert gin ass ... c'est à voir!
Emmerhin ... et misst jo eng verbesserung do sinn soss geif én net seng mise au marché justifieiren. Mé et get iwerall gesoot dass et vun enger renger Bildquali dei 2 sech stark konkurenzeieren (also 5D MK2 an 3)
Den 1Dx ass eng aaner Welt ...
Firwaat dén elo baal 1000 Euro mei deier ass ewei den Nikon?... baa keng Aanung , mé daat war nach emmer esou... dofir sinn d'Objektiver mei bellesch
BlueRic 30.03.2012 - 10:49
Zum Präisenerscheed.
Et gin epuer Saachen déi e groussen deel vum Präis betsemmen:

-Sensor: do werten déi 2 net wäit ausernee leien, 2x FF

-Display: do wert och kee groussen enerscheed sin.

-Processor: 1Dx huet der 3 an 5DIII nemmen 1.

-Firmeware: do war déi vun der 1D bis elo emmer et gut stéck méi emfangreich an et dierf een Firmeware net ernschätzen. Dat ka méi deier gi wéi Hardware. (Software am verglach ass net esou deier)

-Microtechnic: Zumols bei 12 Biller/s si bei der Mechanic méi enk Toleranzen ze setzen an aner Materialien ze wielen. An 100.000 Ausléisungen méi bei der 1Dx verstärk dat nach. Dat dreift de Präis et gutt Stéck erop.

Elo kennen ech hier Zuelen jo net, mee ech mengen et kann ee soen, dass d 5D vill méi oft verkaaf get wéi d 1D, dat ass e grond fir de Präis méi héich ze setzen.

Domader ass de Präisenerscheed mol gerechtferdegt. Mee et ass jo emmer relativ déi ganz Präissetzung. Canon ka jo z.B. och roud Zuele schreiwen bei der 1D an et bei den xxD an xxxD Modeller nees eran huelen. Wann se dat wéilten.

Also eleng un der Hardware a Firmeware gekuckt ass de Präisenerscheed usech ok.

Dat heecht awer net, dass mir de Präis gefällt smile
gtaddei1 30.03.2012 - 14:59
Ech sin mat dir total anverstaanen.
Tigerente 02.03.2012 - 17:33
Sin wierklech gespaant op den AF...
MII huet mech oft gesuckt dësst Joer...

Sutebe 06.03.2012 - 21:02
also den preis leit bei 2999 den body, bei mengem haendler an 3699 am kit
Johny 13.03.2012 - 20:14
An dat wir wou?
Sutebe 14.03.2012 - 20:40
CK IMAGE AN ESCH..
Johny 14.03.2012 - 21:02
OK, mol gutt ze wëssen. Merci smile